D'Frënn vun der 9. Konscht

14 juil. 2023
D'Frënn vun der 9. Konscht

Dajee!!!, Dan Altmann, Frënn vun der 9. Konscht
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer

D’Lydia Alegria ass d’Präsidentin vun de Frënn vun der 9. Konscht a.s.b.l., enger Associatioun, déi sech der Promotioun vun der Bande dessinée (BD) zu Lëtzebuerg an iwwert d’Landesgrenzen ewech verschreift. Och wann hat selwer net zeechent, u Passioun an Engagement fir de BD feelt et him net. „E bësse sou, wéi den Obelix an d’Potion magique gefall ass“, huet d’Lydia zum BD fonnt, wéi hat 2014 der Kommissioun vum BD-Festival zu Contern bäigetrueden ass.

Dem Lydia huet sech domat eng Welt opgedoen, déi hat säitdem net méi lassléisst, an déi dëse Weekend, wéi all Joer, op e Neits BD-Enthusiast*inne wéi Virwëlzeger gläichermoossen op de Festival International de la Bande Dessinée op Contern lackelt.

© Frënn vun der 9. Konscht
© Frënn vun der 9. Konscht

Wann d’Leit u Comics denken, da „gëtt oft nach vun der Micky Maus geschwat“, sou d‘Lydia. Dat de BD mëttlerweil evoluéiert ass, a seng Kannerschong laang hanneru sech gelooss huet, géif oft net gesi ginn. Dëst Bild wëllen d’Frënn vun der 9. Konscht änneren.

Säit 2019 ass de Veräin an der d’BD-Zeen zu Lëtzebuerg eng etabléiert Ulafstell, déi parallel zum BD-Festival zu Contern existéiert, ma déi awer dat ganzt Joer iwwer BD-Zeechner*innen, -Schrëftsteller*innen a -Lieser*innen hei zu Land zesummebréngt. Nieft reegelméissege Renconteren, wéi dem „Drink’n Draw“, wou sech d’BD-Begeeschtert iwwert hier Passioun austauschen a sech zudeem vernetze kënnen, bréngen d’Frënn vun der 9. Konscht och eege BDe raus. „Sou wëlle mer de Kënschtler eng Plattform ginn, souwuel de professionelle Kënschtler, déi schonn eppes editéiert hunn, wéi och Jonken, Neien, oder méi Alen, déi sech bis elo nach net getraut hunn.“

Schonn dräi Publikatiounsprojeten hunn d’Frënn vun der 9. Konscht bis elo realiséiert. Sou stoung 2020 de Band "Fortific(a)tions" am Zeeche vum 25. Gebuertsdag vun der Festung Lëtzebuerg als UNESCO-Weltkulturierwen. Och der Gemeng Munneref gouf zejoert en eegene BD gewidmet. An dësem Joer geet de Veräin e Schrëtt méi wäit a lancéiert mat der Serie „DAJEE!!!“ en eegent Fanzine, woumat e sech an d’Traditioun vu Lëtzebuerger Comic-Magasinner wéi dem „Pulps“ stellt, dat fir kuerz Zäit an den Enn 70er Joren erauskomm ass, oder och vun „De[m] Flautert“ aus den 90er Joren.

Bistro, 1. l'Interview, © Pit Wagner
Bistro, 1. l'Interview, Pit Wagner, DAJEE!!!, Frënn vun der 9. Konscht

An 10 verschidde Stiler erzielen 13 Kënschtler*innen – etabléiert ewéi nei Gesiichter – 10 verschidde Geschichten, déi sech zwar mat ënnerschiddlechen Theme befaassen, ma awer alleguerten e gemeinsame Bezuch zu Lëtzebuerg opweisen. Sou hëlt de Pit Wagner d’Lieser*innen zum Beispill mat a bekannte Lëtzebuerger Caféen a Bistroen, andeems en a Form vun enger Aart Reportage d’Atmosphär vun de Plazen, déi e selwer besicht huet, graphesch afänkt. Och de Numm vum Magasinn, „Dajee!!!“, gräift eng typesch Lëtzebuerger Expressioun op, déi d’Ambitioun hannert dem Projet wéi keng aner erëmspigelt: „Et kann ee ganz vill drënner verstoen an et seet een et ganz oft. Et geet hautzedaags alles net schnell genuch, mir sinn ongedëlleg, a jo, et ass och Zäit ginn, fir dass mir erëm e neit Fanzine erausbréngen no 20 Joer.“ Et verwonnert dohier net, dat de Cover vun der éischter Editioun op d’Kap vum Dan Altmann geet, dee well fir d'„Pulps“ gezeechent huet.

D’Virstellung vum Fanzine fënnt de 14. a 15. Juli 2023 um Festival de la BD zu Contern statt, wou een d’Frënn vun der 9. Konscht kenneléiere, u verschiddenen Atelieren an Aktivitéite participéiere oder sech och seng léifste BDe vu senge léifsten Zeechner*inne ka signéiere loossen.

Cover vun der 1. Editioun, Dan Altmann, "DAJEE!!!", Frënn vun der 9. Konscht
Cover vun der 1. Editioun, Dan Altmann, DAJEE!!!, Frënn vun der 9. Konscht