Spueren a Metamorphosen

22 aoû. 2024
Spueren a Metamorphosen

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Alice Hoffmann
Foto (o.):Caroline Schmit (l.) an Nathalie Lesure (r.) op hirer leschter gemeinsamer Ausstellung „Botanical Bones“ ze Klierf (2023) 
Foto: Anne Hoffmann, 2023

Vum 25.08 bis de 15.09.2024 gëtt et d’Méiglechkeet, Wierker vun deenen zwee jonke lëtzebuergesche pluridisziplinäre Kënschtlerinnen Nathalie Lesure (28) a Caroline Schmit (28) an der Veiner Konstgalerie ze gesinn. 2023 haten d’Caroline an d’Nathalie hir éischt exklusiv Duo-Ausstellung am Konschthaus op der Gare zu Klierf, „Botanical Bones“, a si goufen doropshi vu Viart invitéiert, eng Ausstellung an der Veiner Konstgalerie ze maachen, well hir Aarbechten esou gutt am Dialog matenee stinn. Béid Kënschtlerinne beschäftegen sech mat de Strukture vum liewege Makro- a Mikrokosmos souwéi organesche Formen. Iwwer déi ënnerschiddlech Medien, vu Skulptur bis Molerei, stellen si dem Visiteur hir Weltusiichten iwwer Zesummenhäng innerhalb vun der Natur duer a kreéieren dobäi hiren eegene Kosmos.

D‘Caroline Schmit befaasst sech a sengem kënschtleresche Wierk vill mat Elementer aus der Botanik, der Symbiose an der Transformatioun. No sengem Konschtstudium zu Amiens a sengem Master zu Stroossbuerg ass d‘Caroline op Lëtzebuerg zeréckkomm an huet als Assistentin fir Performances am Mudam geschafft. Säit 2022 huet hatt en Atelier beim Hariko zu Ettelbréck, als Artiste en Résidence, wou hatt Workshops fir Jugendlecher ubitt. Am Kader vun Esch 2022 huet d’Caroline Féierungen um Belval gemaach an dobäi gemierkt, wéi gär hatt sech an der Konschtvermëttlung engagéiert. Dowéinst huet hatt sech decidéiert, Konschtproff ze ginn: „ […] well mer wierklech an dëser Gesellschaft Mënsche brauche, déi kritesch hannerfroen, an d’Konscht mécht dat méiglech,” seet d‘Caroline an enger Reflexioun iwwer säi Beruff a seng eege Konschtpraxis.

Säit 2017 huet d‘Caroline reegelméisseg ausgestallt, an 2021 seng éischt Eenzelausstellung „Les Traces de la Terre Rouge“ zu Lasauvage am Kader vun de Journées Européennes du Patrimoine, wou hatt sech mat der Geschicht a mat de Spuere vum Minett auserneegesat huet. Hei ass et drëms gaang, wéi eng Spueren de Mënsch an der Natur hannerléisst an ëmgedréint. „Foussspuer‘ op Franséisch heescht „empreinte“, wat och eng Technik ass, an esou huet d‘Caroline de Wee zur Drocktechnik fonnt. Déi Spueren nom Liewen an Iwwerliewe fënnt een iwwerall ronderëm sech, wéi och an der eegener Erënnerung. Dowéinst ass dem Caroline säin Zil fir dës Ausstellung, beim Visiteur eng Reflexioun iwwer d’Interconnectioune vu verschiddene Liewensformen unzereegen. 

An de Wierker geet et drëm, de Mënsch a planzlech-organesch Materie zeechneresch mateneen ze verbannen, mateneen ze verwuerzelen, fir datt si zu engem Ganzen zesummefannen. An der Symbiose tëscht de Pilzer an de Beem, déi ënnerierdesch mateneen iwwer d’Wuerzele kommunizéieren, erkennt d‘Caroline eng Méiglechkeet, fir mat den aktuellen ökologesche Froen ëmzegoen. Déi Vergänglechkeet, Adaptabilitéit an d‘Wandelbarkeet sinn en essenziellen Deel vun dësen Ökosystemer. E Wee fir dohinner ze komme weise Planzen a Pilzer eis vir: mat Resilienz. Grad an der Botanik bei sougenannten „Onkreider“, wéi zum Beispill d‘Brennnessel oder d‘Pissblumm, déi um Stroosserand oder ënner schwieregen Ëmstänn wuessen an net an dat konventionellt Gärtnerbild erapassen, sinn an der Heilkunde wichteg Planze mat ville positiven a wichtegen Eegenschaften. „Et weist engem, wéi et ëmmer Weeër gëtt, fir ze iwwerliewen an sech nei unzepassen“, seet Caroline. D’Inspiratioun fir seng organesch Strukture fënnt d’Caroline ënner anerem a sengen eegene Fotoen, déi hatt reegelméisseg an de Bësch maache geet.

An der Ausstellung erwaarden eis Linogravuren, Aquarellzeechnungen, al an nei Wierker, déi eis d‘Iddi vun der Vergänglechkeet, Resilienz an organescher Verännerung méi no bréngen. Wat een an de Biller gesäit, sinn hybrid Formen aus Wuerzelen, anatomesch-mënschlechen Deeler, Planzen, diverse Liewensformen, déi sech zesummemëschen an eppes Neies erschafen. An der Verbannung vun ënnerschiddlechen organeschen Elementer, ob doudeg oder lieweg, läit och d’Gemeinsamkeet mat dem Nathalie senger kënschtlerescher Aarbecht.

Extrait aus enger Aquarellzeechnung fir déi nächst Ausstellung (Caroline Schmit, 2024)
Foto: Caroline Schmit, 2024

D'Nathalie Lesure huet seng Konschtstudien zu Metz an de Master zu Lille gemaach. Gläichzäiteg zu sengem Masterstudium huet hatt op der École des Beaux-Arts zu Tourcoing studéiert. Vu klengem un huet hatt vu sengen Eltere geléiert, op eng handwierklech Aart a Weis un d’Saachen erunzegoen. Sou ass d‘Nathalie zu de Skulpturen an an d’Konscht iwwer d’Konschtatelieren zu Veianen komm. Donieft war den Heelkreidergaart vum Nathalie senger Mamm eng wichteg Ressource, op déi hatt haut nach a senger Konschtproduktioun zeréckgräift. An der Konschtsektioun huet hatt d’Caroline kennegeléiert, an elo kennen si sech schonn 12 Joer. Vu 2018 bis 2023 war d‘Nathalie bei ARC, enger ASBL déi Ausstellunge fir lëtzebuergesch Kënschtler a Kënschtlerinnen organiséiert. Säit 10 Joer ass d‘Nathalie schonn am Kultursecteur aktiv: mat verschiddenen Ausstellungen, Atelieren a Kulturprojete. Aktuell ass d‘Nathalie offiziell zu Lëtzebuerg installéiert a schafft beim Mudam als Assistentin Curateur. Nieft senger Aarbecht huet hatt een Atelier beim Ateliers Lumières vum AAPL an der Stad. Eng rezent wichteg Ausstellung war 2023 „What Matter Tells Us“ mam Guillaume de la Follye de Joux an der Galerie Netzwerk zu Tréier, an „Où Atterir“ 2023, eng Exposition des diplômés de l‘École Supérieure d‘Art Tourcoing-Dunkerque, vun der Maison Folie Hospice d‘Havré, Tourcoing.

D‘Nathalie hat schonn ëmmer e staarke Bezuch zur Natur a speziell och zur Planzen- an Déierewelt ronderëm. Hatt beschäftegt sech mat Theme vun der Metamorphose a hybrid-parasitär, bal surrealen Elementer a virun allem mat de psychologeschen Aspekter dovunner. Dobäi ass d‘Nathalie ganz dorop beduecht, ökologesch a mat natierleche Materialien ze schaffen. Hatt verwent fir seng Skulpture kee Päsch, mee nëmme Saachen, déi hatt selwer fanne kann. E wichtegt Material ass zum Beispill de Wuess, dee geschichtlech an der Medezin agesat gouf, fir ze verbannen an ze konservéieren, an och eng symbolesch Komponent huet. De Kontrast an enger Transformatioun ass en Element, mat deem d‘Nathalie a senge Wierker spillt. All seng Materialie ginn an engem laange Prozess gesicht an ausgewielt, speziell Knachen, déi e laangen Opbereedungsprozess hunn. All dës Artefakten hunn hir eege Geschicht, déi d‘Nathalie afänke wëll a mat vill Beduechtsamkeet a senge Skulpturen integréiert. Wat d’Nathalie mat senge Skulpture kreéiert, ass wéi en neit organescht hybrid Wiesen, dat an enger Metamorphose aus senger organescher Ëmwelt entstanen ass. Den Doud an d‘Liewen, d‘Ambivalenz an d‘Transformatioun sinn Themen, déi an all de Konschtwierker rëmzefanne sinn, ob Holzschnëtt, Uelegmolerei oder Skulptur. E Beispill fir déi Ambivalenz, déi d' Nathalie an der Natur fënnt, ass de Fingerhut, deen un der Grenz zum Éislek, wou d’Nathalie wunnt, besonnesch vill wiisst. Hatt erzielt, wéi faszinéiert hatt dovu war, dass dës Planz zwar gëfteg fir de Mënsch ass, awer a bestëmmten Dosen als Häerzmedikament benotzt gëtt.

Metamorphose, mat Referenz un Ovid, ass dem Nathalie säi Grondkonzept, wat hatt als „ […] e Liewensprinzip, eng Weiderentwécklung, déi einfach dozou gehéiert” beschreift. Déi stänneg Ännerung, den Doud an déi Gewalt, déi och zur Natur gehéieren, sinn Elementer, déi sech an eisem eegene Liewe reflektéieren. Fir dëse Vernissage bréngt d‘Nathalie Uelegmolereien aus enger aler Serie „Passing through“ mat: dat si Molereien a Kompositioune mat Fotoe vun Hotelgäng, déi e ‚liminal space‘ duerstellen. Déi nei Serie ass méi organesch, méi verwuerzelt, huet méi Knachen a Planzen, déi sech verzweigen. Et gëtt Holzschnëtter an och erëm nei Skulpture mat de bekannte Knachen a Schiedelen.

Wéi d’Caroline an d’Nathalie rëm op Lëtzebuerg komm sinn, hunn si gemierkt, dass sech ëmmer méi an der Konscht- a Kulturzeen zu Lëtzebuerg entwéckelt huet: „Wou mir am Lycée waren, gouf et nach net esou vill sou Saachen, mee elo, ënner anerem duerch Esch 2022, huet ee gesinn, wéi vill Potenzial eist Land huet,” seet d’Caroline a fiert weider: „Ech wëll weisen, dass Lëtzebuerg och eng kulturell Landschaft ze bidden huet, déi iwwer déi klassesch Muséeën erausgeet an ech wëll en Deel dovu sinn.” Fir d’Zukunft plangen déi zwee esou weiderzemaache wéi bis elo. Beim Nathalie ass grad eng kreativ Phase, fir op laang Siicht mat anere Kënschtler kollaboréieren ze kënnen. „Ech wëll menger kultureller Zukunft hei eng Chance ginn, well ech jo awer am Kultursecteur schaffen als Curateur , mee awer och well ech d’Kulturzenter ënnerstëtze wëll”. E Plang ass, en Deel vu Schädelskulpture méi grouss als immersiv Skulptur ze bauen, fir dran ze trëppelen. D''Caroline huet sech fir d’Zukunft virgeholl, sech weider an seng Themen aus der Botanik eranzeliesen. Hatt huet scho mat den anere Kënschtler vum Hariko déi nächst Ausstellung am Bléck: „Inside Out” ab dem 02.10.2024 am CAPE zu Ettelbréck, op déi mer eis scho freeë kënnen.

Nathalie Lesure (2023) „Passing through”. Uelegmolerei. 110 x170 cm.
Foto: Nathalie Lesure, 2024