Science-Fiction a Fantasy Literatur zu Lëtzebuerg

25 oct. 2021
Science-Fiction a Fantasy Literatur zu Lëtzebuerg

© LuxCon
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Sandy Heep

Wann een un dës zwee Genre vu Literatur denkt, da falen engem Harry Potter, Herr der Ringe, Star Wars a Star Trek a vläicht och nach rezent d’Bicher vum G.R.R. Martin an. Dëst sinn awer nëmmen e puer vun deene méi bekannten Titelen, déi déi eng oder aner mol gelies hunn.

De literaresche Papp vun der Science-Fiction

Dass de Genre vun der Science-Fiction u sech säi literaresche Papp hei zu Lëtzebuerg fënnt, dat ass vläicht net jidderengem bewosst. Tëschend der LuxExpo an dem Kinepolis um Kierchbierg fënnt een d’Strooss Rue Hugo Gernsback, dem Mann, deen den Numm Science-Fiction 1929 am Virwuert vum Magasinn Science Wonder Stories d‘éischte Kéier geprägt huet. Den Hugo Gernsbacher, méi spéit Gernsback, ass 1884 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. Nodeems en fir d'éischt hei zu Lëtzebuerg Commerce studéiert huet, ass e spéider hin op Bréissel gaangen an huet do Elektroingenieurswessenschafte studéiert. 1904 huet en Europa verlooss fir säi Liewen an den USA ze maachen. 1953 huet en nach zu senger Liefzäit d‘Science-Fiction League gegrënnt, déi dann och deen nach haut existenten Hugo-Award, e Literaturpräis, vergëtt. D’Joer 1929 ass och dat Joer, wou de Gernsback säi Verlagsimperium zur Science-Fiction Literatur gegrënnt huet, bei deem méi wei 50 verschiddene Magasinnen a Zäitschrëften erauskomm sinn.

Science-Fiction misst deemno och an eiser Nationalliteratur verankert sinn, vue dass de Papp vun dësem Genre Lëtzebuerger war. Dobei gëtt Science-Fiction, wéi och d’Fantasy Literatur, nach oft vun Uewen erof bekuckt. Déi eng gesi se als Trivialliteratur, déi aner als Kanner- oder Jugendliteratur. Mee esou einfach soll en sech dat net machen. Wat virun e puer Joer vläicht nach als e klengen „onbedeitende“ Secteur vun der Literatur gegollt huet ass haut scho bal Mainstream. Villes huet säi Wee aus de Bicher eriwwer op déi elektronesch Medien gemach, Science-Fiction a Fantasy hunn hir Platz an der Gesellschaft fonnt. Dësen Trend fënnt sech och an eiser Literatur erëm. Siicht een am Autorenlexikon vum Centre national de littérature (CNL), da fent een eng 18 Auteuren di an der Kategorie Science-Fiction a Fantasy agedroe sinn. Hei trefft een op Nimm wéi z.B. Claude Peiffer (Cerateran, Der Hammanon-Zyklus), Sabrina Kaufmann (Illustrated Fairytales), Luc François (Vulture City). Dobei kënnt, dass déi jonk national Auteuren nach net all am Autorenlexikon dra stinn.

© LuxCon

© Science Fiction and Fantasy Society Luxembourg/Andy Genen

Science-Fiction a Fantasy Auteuren

Déi Lëtzebuerger Science-Fiction a Fantasy Literatur ass vergleichbar zu anere Länner. Et lount sech awer mi genee drop ze kucken. Beim Claude Peiffer senger Hammanon-Réih spiert een nach de klassesche Science-Fiction Usatz. Hie schreift iwwert ee jonke Mënsch, deen d'Äerd, d‘Republik Terra, verléisst a sech op engem frieme Raumschëff erëm fënnt. Hei muss hie sech mat der Zukunft an der Vergaangenheet vun der Mënschheet ausernee setzen, déi no der Grënnung vu hirer Republik friem Planéite koloniséiert huet an nees virun engem Krich op intergalakteschem Niveau steet.

Am Verglach dozou ass dem Sabrina Kaufmann säin Illustrated Fairytales am fantastesche Beräich erëm ze fannen. Hatt hëlt al Märercher a Seegen a verbënnt dës mat der japanescher Zeechenkonscht vum Manga. Et erzielt ënnerenanerem vum Meedche mat de Fixspéin, der Frau Holle oder dem Kinnek Drosselbart a Form vu Mangaillustratiounen a gëtt esou der Traditioun vu Märercher ee ganz eegenen Touch.

De Luc François schreiwt an der Schnëttstell vu béide Genren. Seng Approche ass verbonne mat senger Léift fir Musek ze maachen. Sou ass et net verwonnerlech, dass säi Buch Vulture City, wéi och Ikaria an Downfall Theater, als Compagnon zu de jeeweilegen Albume vu senger Band Mindpatrol ze verstoen sinn. Bei Vulture City geet et ëm eng Staat, déi alles unzitt, wat schlecht ass, vun Droge bis Gewalt. Den Auteur erzielt vun engem jonke Mann, dem Roger, a senger Schwëster Nadia déi versichen aus dëser Staat eraus ze kommen, eppes wat bis well kengem gelongen ass. Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller di weisen, dass et zu Lëtzebuerg och eng Science-Fiction a Fantasy Literatur gëtt, déi am Verglach mam Ausland durchaus mathale kann.

©

Treffen a Conventions zu Lëtzebuerg

Doriwwer eraus hunn Science-Fiction a Fantasy et och op d’Strooss gepackt. Wann zu engem fréire Zäitpunkt nach geschmunzelt gouf, dass een en Trekkie-Tshirt unhat oder seng Hogwartshausfaarwen als Schal ëm den Hals gebonnen hat, da sinn et haut grad déi Gadgeten déi ëfters zu engem Gespréich ënner Friemen féieren. Geek oder Nerd sinn ass salonfäeg ginn.

Dass dëst tatsächlech säit engem Joerzéngt de Fall ass, léisst sech schon eleng dorunner erkennen, wéi vill Treffen a Conventions et am Ëmkrees vu Lëtzebuerg gëtt. D‘FARK am Saarland, DreiEich-Con zu Dreieich, oder op nationalem Terrain d’LuxCon an d’LGX sinn hei nemmen e puer Beispiller. Zenter 2013 ass d‘Science Fiction and Fantasy Society Luxembourg (SFFS) den Organisateur vun der LuxCon. Dësen Event zitt all Joer d’Frënn vun de Genren un, national an international. Et ass eng Geleenheet zum Austausch deen net nëmmen de Fans vun der Genre Literatur d’Häerz méi schnell schloe léisst. Di nächst Editioun fënnt vum 7. bis 10. Abrëll 2022 statt, an dat am Centre Culturel opderschmelz zu Diddeleng. Doduerch ass d’LuxCon dann och en Deel vun Esch2022, a si dréit offiziell de Bäinumm EuroCon 22 vun der European Science Fiction Society.

ARTICLES