Palo am Interview

28 sep. 2021
Palo am Interview

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter

Vun 9 bis 5 Auer schafft de Pascal Loschetter zu London an engem Architektebüro an ass gréisstendeels mat der brittescher Ambassade zu Mali oder mat Projete wéi der Gestaltung vun Eco-retreats am Pakistan beschäftegt. A senger Fräizäit, a virun allem säit der Pandemie, kreéiert de jonke Kënschtler ënnert dem Akronym Palo seng Wierker mat Materialien, déi hien op de Stroossen vu London fënnt.

Wat fir déi eng Persoun Offall ass, ka fir dech eng wäertvoll Neieentdeckung sinn. Wéi ass et iwwerhaapt dozou komm, datt du Notzen aus deem zitts wat anerer ewechgeheien?

Scho wärend mengem Architekturstudium huet sech dëse Gedanke vum „upcycling“ lues a lues entwéckelt. A mengem leschten Unisjoer hunn ech nämlech un engem fiktive Projet geschafft, deen aus engem Dreckstipp entsteet, deen tëscht 1920 a 1980 zu London bei der Thames benotzt gouf. Haut sinn do nach ëmmer Schichte vun Offall aus verschiddene Joerzéngten opzefannen; vu gliesene Medizingefässer aus den 20er bis hin zu méi rezente Schichten, déi mat Plastik gefëllt sinn. Dëse Projet mécht engem ëmsou méi kloer, datt wann ee vu „throw away“ schwätzt et net wierklech en „away“ gëtt. D’Saache gi just op eng aner Plaz bruecht, si ginn nei kombinéiert oder duerch mechanesch an natierlech Prozeduren transforméiert. An am Endeffekt wäerten all déi Saachen, déi eis momentan ëmginn, och just eng weider Schicht an engem geologeschen Archiv sinn.

Mee vue datt eis Gesellschaft oft Saachen duerch eng egozentresch Lëns betruecht a just hier Utilitéit gesäit, mierke mir net, datt alles ronderëm eis eigentlech lieweg an a konstanter Beweegung ass. A genau dës „liveliness“ probéieren ech och a menge Wierker erëmzeginn.

© Palo

© Palo

An dat mat Succès! A wéi genau sinn dës „trash pieces“ zustane komm?

Wärend der Pandemie hu vill Leit ee kléngen „home upgrade“ gemaach an dobäi al Miwwelen ausernee geholl a raus op d’Strooss gesat. Dofir hunn ech iwwerall bei mir am Quartéier grouss Brieder vu Schiëf oder och Dieren a Spigele fonnt. Oft och mol Stroosseschëlder a grouss Placken aus Polycarbonate. All déi Saachen hunn ech dunn als Surface fir ze Moolen benotzt, op déi ech soss warscheinlech guer net komm wier. Ech war ëmmer gären dobaussen an hunn och direkt do op der Strooss am public un de Wierker geschafft.

Schéin ze héieren, datt Street Art net ëmmer am Däischteren oder am Geheime muss geschéien, wéi dat oft mol bei anere Stilrichtungen wéi dem Graffiti de Fall ass. 

Genau, virun allem well nach ëmmer e gewëssene Stigma ronderëm Street Art besteet. Hoffentlech wäert sech dëst mat der Zäit änneren, wéi een dat zum Beispill scho mam Sumo senger kënschtlerescher Gestaltung vun de Luxair Fligere gesäit.

Och wann ech vun Ufank un wosst, datt ech op grouss Formater wéilt molen, wollt ech net onbedéngt direkt mat Gebaier ufänken; och wann do e gewëssenen Adrenalinkick dohannert stécht, kann ech mir dee Risiko mat den Amenden net erlaben. A vue datt ech net illegal op „bien public“ molen, mee al Saache verschaffen, stéiert dat aner Leit och net wierklech. Déi Iddi ass mir duerch ee Kënschtler komm, deen zu London op der Foussgängerbréck Millenium Bridge op al Knätschgummie moolt, déi aner Leit ewechgeheit hunn. Vue datt hien net direkt op d’Bréck moolt mee mikroskopesch kléng Konschtwierker op deenen ale schwaarze Flécken hannerléisst, ass seng Konscht och net illegal. Witzegerweis geet een op eemol iwwert dës Bréck a sicht um Buedem no deene Knätschen, ouni richteg d’Vue op Thames matzekréien.

© Palo

© Palo

A wann schonn d’Millenium Bridge esou eng Inspiratiounsquell ka sinn, da kann ee sech gutt virstellen, datt London „the place to be“ fir Kënschtler*innen ass, oder?

Op alle Fall! Och wann een dat mol heiansdo vergësst, well ee selwer zu London liewt, bidd dës Stad engem en onendlech groussen Accès op allmeiglech Konscht, an Ausstellungen oder an de Stroossen. Dat Angebot huet natierlech ee groussen Afloss op di eege Konscht, well ee verschidde Ingrédienten fannen a rëm anescht zesummensetze kann. Mat esou engem grousse Pool u Konscht an Artisten huet ee vill dëser Ingrédienten zur Verfügung.

Lëtzebuerg ass duerch seng Gréisst natierlech do bëssen am Nodeel. Mee och déi méi kleng Poole kënnen hier schéi Säiten hunn. Kanns du eis do bëssi méi erzielen?

Zimmlech rezent gouf vun der Valerius Gallery e Grupp op d’Been gestallt, dee sech Young Luxembourgish Artists (YLA) nennt. Dëst Joer war dee Grupp aus 11 verschiddene Kënschtler*innen zesummegesat, déi entweder mat der Galerie schonn a Kontakt waren oder och réischt méi rezent mat hirer Konscht ugefaangen hunn. Déi éischt Gruppenausstellung an dësem Kader war an zwou Locations opgedeelt: eng an der Galerie op der Theaterplaz an der Stad an déi aner an enger Haal um Howald. Déi Expositioun war als Artist net nëmmen eng immens Geleeënheet fir d’Konschtzeen zu Lëtzebuerg kennenzeléieren, mee och fir mat anere Jonken ze connecten an iwwert hier Wierker ze schwätzen. Ech mengen datt genau esou Initiativë wichteg si fir verschidden Zorten u Kollaboratiounen op d’Been ze stellen, sief dat tëscht Kënschtler*innen oder och mat de Galerien.

Vue datt ech mam Lou Philipps, Direktesch vun der Galerie, op der E Sektioun am Lycée war an e puer vun eisen Klassekomoroden op d’Ausstellung komm si war et och interessant ze héiere wéi si meng Konscht géife gesinn. Well och wann ech réischt rezent an deem Format schaffen, hunn si witzegerweis gesot, datt ech schonn ëmmer esou Saache gemoolt hunn... just datt dat vläicht am Lycée op d’Ecker vun de Mathésbicher war.

© Palo

© Palo

Mëttlerweil bass de vu Mathésbicher op aner Surfacë wéi Spigelen, Dieren an esouguer Leinwänn ëmgestigen. Obwuel déi Leinwand bei dir am Studio nach zimmlech eidel ausgesäit... 

Ech hunn effektiv nach ni op eng Leinwand gemoolt. Déi, déi hei steet, waart schonn zwee Méint hoffnungsvoll am Eck wärend ech ëmmer rëm op meng „trash pieces“ zréckgräifen. Obwuel ech schonn op aner gréissere Formater geschafft hunn, fillen ech mech manner fräi oder hunn esouguer bëssi Angscht op eng eidel Leinwand ze moole, well ech mir op eemol selwer Drock maachen. An soubal Drock entsteet ass et méi schwéier dat Kreatiivt erauszeloossen an einfach befreiend drop lasszemoolen. Virun allem well ech d’Kompositioun oft net am Viraus plangen a Stëfter benotzen, déi just an eng Richtung funktionéieren. Ech gestalte meng Wierker an engem „flow“. Dofir kënnt et alt mol vir, datt ech eng Gaffe maachen, een Element mole, wat mir net esou gutt gefält, oder de Stëft zum Beispill drëpst. Wann esou „Feeler“ geschéie probéieren ech dat Bescht draus ze maachen a passe mech un, andeem ech aus dem Feeler eng Linn oder en Element zéien, wat vläicht zum Schluss esouguer dat prominentst Markenzeechen am Bild gëtt.

Et ass genau dëst fräit Schaffen, ouni e Schratt kënne réckgängeg ze maachen, wat mir immens gutt gefält. Bei der Architektur ass dat natierlech ganz anescht: do stécht ee laange Prozess an eng Logik dohannert déi ganz duerchduecht muss ginn, soss huet een op eemol Waasser am Gebai stoen. A wann eppes bei der Konscht net klappt an et ufänkt mat drëpsen, ma dann hunn ech eben e Bild mat Drëpse gemoolt.

Dat ass effektiv eng schéin a befreiend Aart a Weis fir mat „Feeler“ ëmzegoen. Wann s du dann all Fräiheet op der Welt häss fir d‘Konschtzeen an enger fréierer Zäit mat ze erliewen, wéi eng wier et gewiescht?

Momentan géif ech scho gären eng Zäitrees an d‘80er Joren op New York maachen. Déi Ära war warscheinlech nach e gutt Stéck méi „grungy“ wéi een sech dat virstelle kann. Vue datt ëm déi Zäit de Boom vun der Street Art entstanen ass, hätt ech déi Energie gäre gesinn a mat erlieft. Mee ech mengen et wier och gutt déi Zäitrees just wärend zwou Wochen ze maache vu datt ech duerno da mol bëssi Zäit fir ze raschte bräicht.

Kuckt hei laanscht fir e weideren Abléck an dem Palo seng Konscht ze kréien.

ARTICLES