Mary-Audrey Ramirez am Interview

20 aoû. 2021
Mary-Audrey Ramirez am Interview

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter

Deng Ausstellung an der Cecil’s Box kënnt dës Woch op en Ënn zou. Wat war den Hannergedanke vun dëser Vitrinnenausstellung?

Dës Ausstellung gouf am Kader vum Club Quarantina organiséiert, a vum Gilles Neies kuratéiert. Fir mech war et net nëmme passend eng Ausstellung an enger Vitrinn zesummenzestelle wéinst Covid-19 Mesuren, mee et huet och nach aner Méiglechkeete gebueden. Esou hunn ech zum Beispill en Deel vun der Eenzelausstellung „Into the graveyard“ am Dortmunder Kunstverein iwwerholl a mat Hëllef vum Strudel, deen eng Frëndin vu mir gemaach huet, ee „Tor zu anderenWelten“ geschaaft. Dat Véi wat mat an der Vitrinn placéiert gouf kënnt also entweder aus dësem Tor eraus oder geet grad ran; wat also e Portal an dofir och eng Connectioun zu där Ausstellung duerstellt. Déi existéiert zwar net méi am Raum mee gëtt duerch déi ausgestraalte Fotoen an der Vitrinn weider um Liewen erhalen.  

Vue datt ech ëfters probéieren d’Beweegung vum Betruechter an enger Ausstellung ze diktéieren, hunn ech probéiert och dëst bei der Vitrinn ëmzesetzen an deem déi schwaarz Folie an d’Fënster gepecht gouf. Esou muss een sech zum Beispill bécke fir sengem Virwëtz kënnen nozegoen a rauszefanne wat sech hannert dëser Folie verstoppt. Dat Verhalen änelt vill deem vun engem Kand, wat menger Meenung no all d‘Mënsche matenee vereent; mir waren all mol eng Kéier Kanner.

Mary-Audrey Ramirez_Moe, INTO A GRAVEYARD FROM ANYWHERE, Dortmunder Kunstverein, 2020_Photo_Alwin Lay

INTO A GRAVEYARD FROM ANYWHERE, Dortmunder Kunstverein, 2020 © Alwin Lay

Nieft dem Ureege vu Virwëtz schwätz du alt och mol Theme wéi Sexismus an der Gaming World mat denger Konscht un. A wiefern integréiers du däin Ëmfeld an dat wat sech doranner ofspillt an denge Wierker?

Ech loosse mech gäre generell vun allem beaflossen a beandrocken. Verschidden Themen déi mir net aus dem Kapp gi wëll ech dann och uschwätzen, awer ouni ze vergiessen a wéi enger Positioun ech mech befannen. Och wann ech zum Beispill Lëtzebuerg an e puer Aspekter kritiséiere kéint, géing ech dëst als Schäinhellegkeet gesinn, vue datt ech op iergendeng Aart a Weis selwer vum selwechte System profitéieren.

Bei verschiddene Projete muss ee schonn heiansdo oppasse wat grad an der Welt ronderëm ee geschitt. Esou hunn mir zum Beispill am Januar 2020 eng kollaborativ Ausstellung mat verschidde CGI (Computer Generated Imagery) Kënschtler op d’Been gestallt an där mir eis Performance awer ugepasst hunn. Mir haten nämlech Gebrauch vu Schëlder gemaach, déi immens un d’Polizeischëlder bei de Protester an Hongkong erënnert hunn. Do fannen ech et also immens wichteg esou eng bedeitend politesch Situatioun net ze verharmlosen an deem een se am Kontext vun der Konscht nach weider esthetiséiert. Mir si souwisou schonns alleguer ze vill vun der Mediewelt abgestumpft, dofir sollt net och nach Konscht dozou bäidroen datt een den Eescht vu Situatioune weider verfriemt.

Du hues och en interessant Material, Textil, gewielt, mat deem du dech momentan ausdrécks. Kanns du e bësse méi iwwert dëse Choix erzielen?

Et huet domadder ugefaangen datt ech a mengem zweete Semester am Konschtstudium op der UdK zu Berlin e Textilkurs hat.Och wann mir d’Brodéieren just fir eng Stonn vun engem Proff gewise kritt hunn, hunn ech direkt gemierkt datt ech dat léiwer wéi Zeechnen hat. Dat war schonn ee schéine Moment, vue datt ech am Arts & Métiers vill gedrillt gouf fir gutt kënnen ze zeechnen. Dat huet natierlech och seng Virdeeler, mee et huet mech awer onfaassbar vill genervt a mech a menger Fräiheet beschränkt.

Vue datt ee beim Brodéieren de Géigendeel vum Zeechne mécht, andeems een d’Ënnerlag dréit an net d’Nol, brauch een eng Zäitche bis een dës Technik beherrscht. Am Léierprozess entstinn dann och lauter Feeler an Zoufäll, déi aneschters net géifen entstoen. Oft erginn sech meng Wierker och total spontan, an esou kënnt et alt och mol fir datt e Motiv entsteet wou zum Beispill Frae grad am Gaange si Männer ze käppen. Fir mech entsteet dëst ouni weider ze iwwerleeën, wat awer natierlech herno ganz gäre vun eelere männleche Curateuren als Ödipuskomplex interpretéiert gëtt...

Och wann Stoff als Material nach ëmmer mat e puer Stereotyppen ze kämpfen huet, wéi datt et „weiblech“, ze fragille oder och almoudesch ass, kënnt awer sou lues a lues d’Vertrauen an d’Textil an d‘Brodéieren rëm zréck. Wärend ech um Ufank vum Studium ëmmer eleng an der Textilfabrik souz, sinn no an no ëmmer méi Studenten*innen dobäi komm. Fir mech ass Stoff als Material einfach immens villfälteg an et kann een esou vill domadder maachen, am Verglach zu aner Materialien. Positiv ass och datt meng Skulpturen, egal wéi riseg se och sinn, zu eng oder zwou Persoune gedroe kënne ginn!

Mary-Audrey Ramirez_WHAT A KISS, Martinetz Cologne, 2019_Photo_Tamara Lorenz_Courtesy the artist and MARTINETZ Cologne

WHAT A KISS, Martinetz Cologne, 2019 © Alwin Lay

Net nëmmen däi Material mee och d’Skulpturen, zum Beispill d‘Déiere selwer, treffen op gewësse Stereotyppe vum Betruechter...

Jo genau! Ech fannen et einfach interessant ze gesi wéi eng Rollen datt gewëssenen Déieren zougedeelt goufen; entweder vun eiser Gesellschaft oder duerch Disney zum Beispill. Oft ginn Déiere sexualiséiert, engem Gender oder och Charakteristiken zougedeelt, wat ech als Kand schonn net verstanen hunn. Aus iergendengem Grond hunn mir bestëmmt datt zum Beispill eng Spann weiblech an hannerhälteg, e Fräsch creepy an e Fuuss listig ass.

Dofir hunn ech bewosst Déieren, wéi zum Beispill den Tapier, geholl dee villäicht alt mol als onvirdeelhaft gesi gëtt an hunn him eng ganz nei Story an Emotiounen zougedeelt. Andeems ech dat ganzt dann hannerfroen oder mech driwwer lëschteg maache wëll ech dës Stereotyppe briechen.

Eng grouss, mee villäicht och ganz random Inspiratioun déi hannert dësem Storymaking ronderëm Déiere stécht, hunn ech aus dem Parc Merveilleux vu Beetebuerg kritt. Vun de Päerd am Agang, laanscht de Ris, bis natierlech hin zu den Haiser, déi déi coolste Märercher op eng cool a faszinant Aart a Weis erzielen. Schonn als Kand huet mech déi Animatronic esou faszinéiert datt ech mam Bak widder der Vitrinn hunn an am léifsten an d’Haiser era gaange wier. Et ass schonn e kléngen Dram vu mir fir e Spaceship oder en Haische mat esou enge coolen Animatronics am Parc Merveilleux kënnen opzeriichten...menger Meenung no ass dat de „place to be“!

Nieft dem Dram vun der potenzieller Zesummenaarbecht mam Parc Merveilleux hues du och nach en anere gréissere Schrëtt virun dir: d’Kënschtlerresidenz zu New York! Wéi ass et dozou komm? 

Am Abrëll/Mee 2019 sinn ech vum Fanny Weinquin & Kevin Muhlen gefrot gi fir un der Nominatioun vum Edward Steichen Award Deel ze huelen. Vue datt ech dee Moment grad am Gaange war mat neie Materialien ze experimentéieren an un engem gréissere Projet geschafft hunn, hunn ech mäin Portfolio nach vum Joer 2018 ofginn. Dat huet mech natierlech wansinneg gemaach well esou déi nei a cool Saachen nach net fäerdeg an dofir net Deel vum Portfolio waren. Och well ech mech scho bei anere Saachen zu Lëtzebuerg gemellt hat mee bis dohinner nach keng erfollegräich Erfarung hat, hunn ech mir net ze vill dobäi geduecht.

Wou ech dunn d’Email zoufällegerweis a mengem Spamdossier entdeckt hunn, hunn ech als éischte mol e bësse gebraucht fir ze realiséieren datt et sech net ëm e gudde Spam mee déi offiziell E-mail mat der Gratulatioun zum Award handelt. Ech war immens vun dësem positive Resultat iwwerrascht a freeë mech och fir dës Geleeënheet kënnen ze kréien!

Hues du da scho konkret Virstellunge vu Projeten déi du an denger Kënschtlerresidenz zu New York op d’Been stelle wëlls? 

Fir éierlech ze sinn: nee, nach net esou wierklech. Mee ech gesinn déi Residenz als perfekt Geleeënheet fir Recherche kënnen ze maachen, mat anere kënnen ze connectéieren an deemno wéi och mat Kolleegen aus dem „Luxembourg Institute of Artisitc Research“ eng Ausstellung am Chinatown ze plangen, ofhängeg dovunner wéi dem Institut seng Zukunft ausgesäit.

Dann freeën ech mech awer och dës Zäit ze notzen an zur Rou kënnen ze kommen. Schonn am Joer 2020 hunn ech mech iwwerschafft gefillt a mierken datt ech d‘Schaffe wéi op engem Fléissband net esou wëll weider féieren. Op déi Manéier kann ech et mir dann och erlabe voll a ganz vun deem neien a spannenden Ëmfeld an all dëse villen Andréck ze profitéieren!

Fir méi Informatiounen: https://petramartinetz.de/artists/mary-audrey-ramirez/ 

ARTICLES