KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Deborah Lotti

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Deborah Lotti

26 juil. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis aacht Emissioun hunn mir déi Lëtzebuergesch Dänzerin Deborah Lotti op Besuch.

Op Ballet, Jazz, Contemporain oder Tappdance, Deborah liewt fir Danzen. No sengem Premièresdiplom zitt et déi jonk Lëtzebuergerin op Paräis wou hatt den Institut de Formation Professionnelle Rick Odums besicht. Wéi Deborah de Gaga Mouvement zu Tel Aviv entdeckt huet a béi La France a un Incroyable Talent Finaliste gi ass, gitt dir gläich gewuer.  

Mir hunn déi enthusiastesch Dänzerin getraff fir méi iwwert d’Liewen op an hannert der Danzbühn gewuer ze ginn.

Méi Informatiounen zum Deborah an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Institut professionnel Rock Odums

Den Institut Professionnel Rick Odums ass eng franséisch Danzschoul déi vum Rick Odums zu Paräis geleet gëtt. Dem Odums séin Haaptzil war et en Zentrum fir jonk Kënschtler ze schafen deen op Wäerter wéi Excellenz, Authentizitéit, Oppenheet an d’Verbreedung vu Kulture berout. Den Institut bitt Formatiounen a Couren an de verschiddensten Danzrichtungen un, vu « modern jazz » iwwert « modal underground », « funky style », « popping », bis hin zu Ballet, « tap dance », « afro jazz », a villes méi.

  • Gaga

D'Gaga Beweegungs Sprooch (Gaga mouvement language) gouf 1990 vum Ohad Naharin gegrënnt. D'Sprooch soll d'Kommunikatioun mat den Dänzer erliichteren an hinnen hëllefen sech em hire Kierper ze këmmeren, wärend se hir kierperlech Limitatiounen testen. De Gaga widdersetzt sech der Codifizéierung a konzentréiert sech op dem Dänzer seng somatesch Erfahrungen. Gaga gëtt vill méi als Beweegungssproch anstatt als Beweegungs « Technik » ugesinn. Den Enseignant féiert Dänzer wärend de Coursen duerch eng Impovisatiounspraxis déi op enger Serie vu Biller baséiert, déi de Proff beschriwwen huet.  Déift Lauschteren, d’Bewosstsinn vu kierperleche Sensatiounen an Imaginatioun spillen eng extrem grouss a wichteg Roll. Den Naharin erkläert datt sou eng Praxis geduecht ass e Kader oder e Sécherheetsnetz fir Dänzer ze bidde fir iwwert bekannte grenzen eraus ze réckelen. Sou kréien Danzschüler beispillsweis Instruktiounen si sollen sech wéi eng Spaghetti am waarme Waasser fillen oder wéi wann se den Aarm voller M&Ms hätten. Fir de Grënner vum Gaga léit de Fokus an der Freed, virun allem a Momenter vu kierperlecher Ustrengung. Séi Glawen ass datt Freed ëmmer gutt fir de Kierper ass. Am Gaga gi dacks exigent Mouvementer gefrot, wéi lafen a rëselen. Den Effort vum « Muskelbrennen » soll ëmmer u Freed gebonne sinn. Gaga Coure gi mëttlerweil och dacks a Parkinson Zentren ugebueden.

  • Ohad Naharin

Den Ohad Naharin ass en israelesche Choreograph an zäitgenësseschen Dänzer. Hie war bis 1990 artisteschen Direkter vun der Batsheva Dance Company éier hien am Joer 2018 zréckgetrueden ass. Wärend senger Zäit als Direkter huet den Naharin de Gaga entwéckelt, eng Beweegungssproch a Pedagogik déi d’Ausbildung un der Batsheva Dance Company gepräägt huet a bis haut den israeleschen zäitgenësseschen Danz präägt.

  • Batsheva Dance Company

D'Batsheva Dance Company ass eng renomméiert Danz Companie mat Sëtz zu Tel Aviv an Israel. Sie gouf 1964 vum Martha Graham an der Baronesse Batsheva de Rothschild gegrënnt.

  • RB Dance Company

No der Final an der Sendung “La France a un Incroyable Talent”, grënnt de Romain Racheling Borgeau dat selwecht Joer d’RB Dance Company, déi Urban Jazz, Tapdance a Perkussioun matenee verbënnt. D’Compagnie erweidert sech doropshin net nëmmen a Frankräich mee och um internationalen Niveau an trëtt op diverse privaten an ëffentlechen Eventer op (Grand Bal de Versailles, All Star Game - Bercy, Festival de Riyadh, etc.). Sie huelen och weiderhin un Danzshows am Fernsee wéi “Danse avec les Stars (TF1), “La Bataille du Jury (M6) a”Supertalent” deel.

  • Stories

Stories ass eng Danz an Erzielungsshow vum Romain Rachline Borgeaud an déi éischt Kreatioun vun der RB Dance Company. De Spectacle setzt sech aus verschidden Danzstiler (enner aanerem Tapdance) zesummen a spigelt der Compagnie hiert Markenzeeche vun Traditioun a Modernitéit widder.

E puer vum Deborah senge Projeten:

  • Don’t stop me now, Paréis, Juli 2020
  • La Bataille du Jury, La France a un incoryable Talent, Paréis, Juni 2020
  • Human, Paréis, März 2020
  • The Beginning Of, Experimental Film, Luxembourg, Juni 2020
  • Mama Kinte Blues, Armstrong Jazz Ballet, Urban Stylez Festival, Bielefeld, Abrëll 2019
  • Conquerors, Ballets Jazz, Rock Odums, Lens, Juni 2017
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert d’Deborah an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

https://www.facebook.com/deborah.lotti2

https://www.instagram.com/deborah_793/

https://www.deborahlotti.com/about

https://www.tageblatt.lu/headlines/deborah-lotti-ueber-tanz-lockdown-und-gestohlene-stunden-des-kuenstlerlebens/

https://urbanstylez-festival.com/teacher/deborah-lotti/

https://www.espas-danse.com/prof/deborah-lotti/

https://www.thedancingsociety.org/deborah-lotti-danseuse