KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Alain Welter

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Alain Welter

13 juil. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur - De Podcast fir en aneren Abléck an d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis siwent Emissioun hunn mir dee Lëtzebuergesche Street/Graffiti Artist an Illustrateur Alain Welter op Besuch.

Op Graffiti, Streetart oder Illustratioun, de 27 Joer jonken Artist huet scho mat sou munche vu senge Wierker zu Lëtzebuerg op sech opmierksam gemaach. Wat mat engem Hobby an der Schoul ugefaangen huet, huet den Alain sech zum Beruff gemaach. “Honger op méi” ass dem jonke Sprayer seng Devise.

Mir wollten emol eralauschtere wat et mat der LëtzBox op sech huet a wéi säi ganz néie Projet zu Esch entstanen ass.

Méi Informatiounen zum Alain an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Street Art

Och wann Street Art dacks als Begrëff benotzt gëtt fir all Konschtwierk ze bezeechnen dat op enger ëffentlecher Platz ze gesinn ass, huet Street art eng déif Geschicht, déi duerch politesch a sozial Ëmstänn gekennzeechent ass. Street Art ass dacks op Gemeinschaftsgebäier, Stroossen, Zich an heiansdo Autoen ze fannen. Oft gëtt Street Art als Guerilla Konscht ugesinn déi versicht en “Statement” ze maachen. Street Art ass normalerweis op gewësse Maueren oder Gebaier erlaabt wéi et eng Regierung oder eng lokal Autoritéit et ebe fir richteg hält. Dëst bedeit dass Beräicher fir stättesch Kënschtler kënne fest geleet gi wou si hiert Handwierk, hier Messagen an hier Perséinlechkeet kënnen ausdrécken. Beim Street Art gëtt dacks just een Deel vun enger Mauer gemoolt an aner urban Elementer kënne benotzt gi fir esou a Konschtwierker integréiert ze ginn.

  • Mural Art  

Mural Art heescht iwwersat Wandmolerei an ass eng Form vu Street Art. Haut kann een all Konschtwierk wat sech direkt op eng flaach Mauer, e Plaffong oder allgemeng flaach Uewerfläch opdroe léisst als Wandbild bezeechnen. Et ass e Stil vu Molerei, dee schonn duerch grouss Kënschtler wéi zum Beispill dem Leondardo DaVinci immens populariséiert gouf. Duerch de mexikanesche Muralismus an den 20er Jore krut d’Wandmolerei eng zousätzlech Bedeitung. Si goufen net nëmmen als Konschtwierk ugesi mee war och eng Form d’Gesellschaft duer ze stellen. Sou hunn d’Wandmolereien a Mexiko staark sozial a politesch Messagen enthalen a goufen an engem Versuch benotzt d’Land no der mexikanescher Revolutioun ze vereenegen. Muralism huet  dunn virun allem an den 90er Joren immens u Popularitéit gewonnen. Haut gëtt d’Wandmolerei benotzt fir Fräiheet auszedrécken an eng Relatioun tëscht Konscht a Politik ze schafen. Et handelt sech normalerweis ëm grouss Konschtwierker déi als Optragsaarbecht op enger ganzer Wand oder engem ganze Gebai realiséiert ginn. Am Géigesaz zum Graffiti, gëtt hei net onbedéngt eng Spray Technik benotzt.

  • Graffiti

De moderne Graffiti huet seng Wuerzelen an den USA. Et huet wuertwiertlech mat gekritzelten Nimm oder Wieder, oder sougenannte “Tags” ugefaangen, déi meeschtens vu Kanner a Jugendlecher deemools op d’Mauere geschriwwe goufen. Et kéint een et als Ënnerschreift oder als “Nicknumm” op enger Surface ugesinn. Graffiti gëtt ad-hoc gemaach an ass oft an illegal oder Gang Aktivitéite verwuerzelt. Dëst bedeit awer net dass all Graffiti schlecht ass. Graffiti kënne politesch Messagen an enger ënnerdréckter Gesellschaft enthalen oder en Tribut fir eng gewësse Saach oder Persoun leeschten. De gréissten Ënnerscheed zum Mural Art läit am Stil. Am Géigesaz zu Stroossekonscht (Street Art) ass Graffiti normalerweis textbaséiert, benotzt seelen elaboréiert Faarwen a Biller a gëtt mat enger Spraydous opgedroen.

  • Trainwriting

An de 60er a 70er Joren ass Graffiti zu New York zu beweegter Konscht gi. Zich hunn d’Aarbechte vun den Artisten duerch déi ganz Stad verbreet. E ganze Waggon kënnen ze molen ass fir vill Artisten zur imaginären Trophäe ginn ewéi och vun der ganzer Stad kënne gesinn ze ginn.

  • Gallerie Valerius

D’Galerie Valerius ass eng Konschtgalerie an der Stad Lëtzebuerg, déi sech op zäitgenëssesch Konscht vun opkommenden internationalen a lokale Kënschtler fokusséiert. D’Galerie engagéiert sech fir nei Talenter ze promovéiere mam Ziel en frësche kulturellen Austausch mat der lëtzebuergescher Konschtzeen a senge Sammler ze schafen. Zousätzlech dozou versicht d’Galerie och speziell Ënnerstëtzung fir néi lëtzebuergesch Kënschtler unzebidden.

  • Millerntor Stadion

D’Millerntor Galerie ass en internationale Konscht-, Musek, a Kulturfestival am Millerntor-Stadion vum FC St.Pauli zu Hamburg an Däitschland. All Joers zitt de Festival ronn 18’000 Visiteuren un an engagéiert sech fir Mënschen déi keen Zougang zu propperem Drénkwaasser hunn. Wärend 4 Deeg gëtt de Visiteuren op eng innovativ Aart a Weis duerch Konscht, Musek a Kultur dës Problematik méi no bruet. D’Millerntor-Galerie mech esou soziaalt Engagement zu enger kultureller Freed.

  • Signpainting

Beim Signpainting handelt et sech em d’Molen vun Buschtawen op Gebaier, Billboards oder aner grouss Panneauen. Sënn an Zweck vum Signpainting ass Reklamm fir Produkter, Servicer oder Evenementer ze maachen.

  • Bâtiment 4

Bâtiment 4 ass eng Kollektivausstellung déi vum Kënschtlerkollektiv CUEVA organiséiert a koordinéiert gouf. Et war schonns déi 6. Editioun déi esou statt fonnt huet, an zwar a Gebaier zu Esch déi prett si fir ofgerappt ze ginn oder renovatiounsbedierfteg sinn. D’Ausstellung, béi där 106 Kënschtler aus Lëtzebuerg an dem Grenzgebitt mat gemaach hunn, huet vun November bis Dezember 2020 an engem alen Direktiounsgebai vun der Arbed am Schlassgaart zu Esch statt fonnt.

E puer vum Alain senge Projeten:

  • Island of the Whale Hunters, Brava, Cape Verde
  • Keep it Fresh, 2021
  • Covid in the Air, 2020
  • Los tres Mopeteros, Bâtiment 4 Cueva, 2020
  • Killtierm, Industrie Site Déifferdeng, 2020
  • Mind the Brain, 2019
  • Postpack LëtzBox, Post, 2019
  • Mope Deep, Valerius Art Gallery, 2019
  • Eis Epicerie, Zolwer, 2019
  • Make Koler Kooler, 2017
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert dem Alain seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laanscht:

https://www.alainwelter.com/

https://www.instagram.com/alain_welter/?hl=fr

https://www.facebook.com/alain.welter

https://www.suessemjetaime.lu/fr/eis-epicerie-x-alain-welter/?cli_action=1597654040.524

http://www.makekolerkooler.com/

https://www.valeriusartgallery.com/alain-welter

https://mindthebrain.lu/en/artists/alain-welter

https://differdange.lu/en/gallery/alain-welter/