Jil Keltesch - Vum Studium zum...

26 mai. 2021
Jil Keltesch - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Jil Keltesch, 23 Joer
  • Studium? BS Department of Dance (Major: Modern Dance)
  • Uni/Institutioun? Sookmyung Women’s University
  • Momentan? Zweet Semester Bachelor am Danzen zu Seoul, Südkorea
  • Lafend Projeten? Matmaachen bei Danzvideon a online Spektakelen a Kollaboratioun mat 1Million Dance Studio

Du hues dech fir en interessante Wee entscheet: no engem Bachelor an der Psychologie bass du lo am Gaangen Danzen ze studéieren. Wéi ass et dozou komm?

Nach am Lycée wollt ech ufanks eigentlech Medezin maache fir Psychiater kënnen ze ginn. Wou ech awer gemierkt hunn datt ee fir englesch Unien eng Moyenne vu 55 brauch huet dat net geklappt. Ech sinn awer frou doriwwer well ech op dësem Wee warscheinlech net glécklech gi wier.

Well ech awer trotzdeem eppes an déi Richtung gesicht hunn, sinn ech dunn zu Düsseldorf am Psychologie Studium gelant. Wärend de Joren op der Uni hunn ech séier gemierkt datt mir dat reegelméissegt danzen, wéi ech et an der Lycéeszäit hat, immens gefeelt huet. Esou hunn ech decidéiert där Passioun méi serieux nozegoen a hunn mech no Danzstudiumer ëmkuckt.

An firwat grad Südkorea?

Zäitgläich zu mengem Psycho Bachelor sinn ech sou richteg mat verschiddenen asiatesche Kulturen a Kontakt komm. Zu Düsseldorf ginn et nämlech immens grouss asiatesch Communities, a deementspriechend huet d’Stad dann zum Beispill e japaneschen Tempel, organiséiert divers Fester an huet e mini Asia Town mat richteg gudde Restauranten. Doduercher hunn ech vill Leit kennegeléiert déi och un der asiatescher Kultur interesséiert sinn. Zudeem hunn ech och wärend mengem Psychostudium d’japanesch an d’koreanesch Sproochen als Niewenfächer gewielt.

Wou ech decidéiert hunn Danzen ze studéieren an aus Europa wëlle rauszekommen, hunn ech mech ufanks fir Unien an Amerika a Kanada renseignéiert. Séier hunn ech awer gemierkt datt déi extrem deier sinn, an hunn esou déi perfekt Geleeënheet gehat fir all meng Virléiften ze kombinéieren a mech op enger asiatescher Uni ze mellen. Och wann Japan e mega schéint Land mat enger räicher Kultur ass, ginn do éischter Ausbildungen am Modernen Danz ugebueden, déi net forcement zu Lëtzebuerg unerkannt ginn. Wou ech dunn richteg gutt Danzunien a Südkorea fonnt hunn, hunn ech dee Moment zwar nach net fléissend d’Sprooch geschwat oder hier Kultur aus éischter Hand kannt, mee ech hat de Schrëtt gewot a mech do gemellt. No villem Pabeierkrom an enger Opnameprozess gouf ech dunn do och ugeholl.

Richteg cool wéi sech dat esou erginn huet! Wat genau hues du misse maache fir kënnen ugeholl ze ginn?

Niewent de sëllegen Online Formen an d’Eraschécke vun Dokumenter déi ech fir d’éischt hunn missen unerkenne loossen, hunn ech och en Portfolio agereecht. Fir deen huet d’Uni mir d’Aufgab ginn innerhalb vu 5 Deeg eng Choreographie vun 2 Minutten ze kreéieren. Déi, zesumme mat e puer eege Choreographien, déi schonn am Conservatoire als Spektakel opgefouert goufen, hunn ech dunn zesummen am Format vu Video ofginn. Doropshin hunn mir nach iwwert Skype een Interview gehat.

Deen Opnameprozess gesäit awer bei all Uni anescht aus; zum Beispill muss een ëfters och mol sur place bei engem Cours matmaachen oder virdanze goen. Leider war dat a mengem Fall wéinst der Distanz a Corona net méiglech, also huet dat mam Video aschécken och esou geklappt.

© Jil Keltesch

Wéi bass du dann eigentlech op dëse Level komm fir kënnen Danze studéieren ze goen?

Zäitgläich mam éischte Schouljoer hunn ech mat Ballet an Expression corporelle ugefaangen. Dat zweet ass éischter eng Aart Ausdruckstanz, also eppes tëscht Schauspillerei a Danzen, wat éischter fir jonk Kanner geduecht ass. Mat 6 Joer wollt ech net méi am Ballet bleiwe well mir dat e bëssen ze “streng” war, mee hunn dofir Expression corporelle bis fënneft d’Schouljoer weidergemaach, wou ech dunn och mam Jazz ufänke konnt, wat mir sou richteg gefall huet. Dofir hunn ech da vum Pre-Jazz bis hin zum Supérieur, wat nach e Level iwwert dem éischte Präis ass, all meng Examen zu Lëtzebuerg gemaach. Och Ballet hunn ech spéiderhi rëm ugefaangen a bis den éischte Präis ofgeschloss.

Wéi gesäit dann däin Alldag als Danzstudentin zu Seoul aus?

Majo momentan ass de Studium natierlech e bëssen anescht wéi soss. Glécklecherweis hunn mir awer vum Danzen nach d’Méiglechkeete fir op d’Uni kënnen ze goen an eist Praktescht kënnen ze üben. Dat sinn dann Coursë wéi Modern Dance (wat esou änlech ass wéi Danse Contemporaine), Ballet, traditionellt koreanescht Danzen an eis Prouwen, déi op der Uni stattfannen.

Nieft den dräi obligatoreschen Danzfächer ginn et och nach optionaler, wou een dann op ongeféier +/- 10 Stonnen Danze pro Woch kënnt. Well mir dat awer nach net duer gaangen ass, hunn ech mech an enger Danzschoul gemellt wou ech op 8-9 Coursen, also Ronn 12 Stonnen d’Woch kommen. Mat där Danzschoul hunn mir zum Beispill och kierzlech nach e Danzvideo a Kollaboratioun mam HipHop Danzstudio OneMillion gedréit.

Ofgesi vun de praktesche Coursen op der Uni hat ech d’läscht Semester awer och nach dräi theoretesch Coursen iwwer Zoom. Déi handele gréisstendeels vun der Geschicht an der Entwécklung vun der koreanescher Kultur. Et ass zwar mega interessant mee och richteg schwéier fir alles op koreanesch ze léieren. Ee vun dëse Coursen dréit haaptsächlech ëm Kultur an Folklor an war och deementspriechend fir international Student*innen geduecht. Do goung et drëms ze verstoe wou verschidden Traditiounen a Verhalen hierkommen, déi nach ëmmer an hirem Alldag eng grouss Roll spille wéi d’Verneigen beim Moien a Merci soen zum Beispill.

© Jil Keltesch

Wou gesäis du dech no dengem Ofschloss? Weiderhin a Südkorea? An dat als Psychologin, Dänzerin...oder béides?

Ech géif et richteg cool fannen no mengem Studium nach eng Zäitche bei enger Company ënner Kontrakt geholl ze ginn. Och wann et a Südkorea als Newcomer schwéier ass an een eng gewësse Verbassenheet beweise muss, géif ech gäre bei Spektakele matzendran oder als Choreographin matschaffen. Soulaang ech nach fit sinn, probéieren ech mol vill Erfarungen am Danzen ze sammelen an guer och mat deem Beruff vläicht ze reesen.

Gläichzäiteg begeeschtert mech awer d’Psycho nach ëmmer, sou datt ech spéiderhin nach e Master maache wäert. Wéi genau ech déi zwee Beräicher dann a mengem Liewen integréieren oder guer kombinéiere wäert, weess ech selwer nach net genau. Mee mat Online Counselling oder flexibele Schaffzäite stinn engem jo scho mol e puer méi kreativ Méiglechkeeten oppen.