KulturPur - Am Gespréich mam Giovanni Trono

KulturPur - Am Gespréich mam Giovanni Trono

18 mai. 2021
En collaboration avec Radio ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis drëtt Emissioun hunn mir den Giovanni Trono, Direkter vu music:LX, dem lëtzebuergeschen Export Büro fir Musek, op Besuch.

Den Giovanni huet seng Karriär als Museker ugefaangen. Fir d’Museksindustrie zu Lëtzebuerg ze fërderen huet hien 2000 mat e puer Kolleegen den Indie Label Ownrecords gegrënnt an niewebäi mam Schalltot Collektive Concerts zu Lëtzebuerg organiséiert. No enger Zéit am Ausland fir senger Musekskarriär no ze goen, huet hien als éischt als Project Manager fir music:LX geschafft éier hien am Mäerz 2019 dunn Direkter gouf.

Mir hunn eis mam Giovanni an de Studio gesat fir méi iwwert den Export Büro zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn.

Méi Informatiounen zu music:LX an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Rocklab

Den Rocklab zu Esch ass eng Plaz déi der moderner Musek gewidmet ass (Pop, Rock, Metal, Elektro, Hip-Hop, …). Dem Rocklab seng Aufgab ass et Museksamateuren, professionell Museker, Museksintresséierter souwéi jiddereen deen am Beräich vun der moderner Musek zu Lëtzebuerg aktiv ass ze orientéieren, ze informéieren an ze begleeden. Esou bitt de Rocklab eng Rei vu logistesch a kulturell Outile un wéi zum Beispill d’Infrastruktur, Workshops a Konferenzen, Suivi vu Projeten a villes méi. Am Rocklab fannt dir eng Mediathéik, 6 Proufsäll, en Danzraum, en Opnahmstudio, Workshops, Masterclasses, Panels, Networking Events, Festivallen, Residences fir Artisten, live Prouwen, Verëffentlechung vun Albumen an EP, Follow-Ups vu musikalesche Projeten, asw.  

  • SACEM

D’SACEM Lëtzebuerg ass verantwortlech fir de Copyright vun Auteuren, Komponisten a Museksediteuren ze verdeedegen.

  • 3 néi Hëllefen

Global Project Grant

Den Global Project Grant soll Museker am Beräich Marketing a Promotioun ënnerstëtzen an hinnen eng zousätzlech Hëllef bidden un internationalen Tournéeën a Workshoppen deel ze huelen. De Global Project Grant gëtt 1 Mol d’Joer verginn a soll d’Museker an hier Teams ausserdeem encouragéieren en Budget iwwert ee Joer geréieren ze léieren.

Composition and Song Writing Support

Qualitativ Lidder schreiwen a komponéiere kënnen ass eng wesentlech Fäegkeet déi néideg ass fir Musek an d’Ausland ze exportéieren. Dës néi Ënnerstëtzung gouf erstallt fir lëtzebuergesch Artisten de Support ze ginn dës Fäegkeeten ze verfeineren an hiert Netzwierk duerch eng Rei vun Initiative wéi Songwriting Camps, Workshops, Mentoring Progragms, Co-Writing Sessions, ze vergréisseren. Hei méi zum Composition a Songwriting Support.

Support for local structures

Support for local structures gouf erstallt fir de Wuesstem vum kreative Musekssecteur ze encouragéieren andeems een eng breet Palette vu Geschäftsentwécklung a Promotiounsaktivitéiten am Ausland ënnerstëtzt, vu B2B Netzwierker bis Marketing, Konferenzen a Workshoppen.

Aner Hëllefe fannt dir hei: https://musiclx.lu/who-what

  • Eurosonic

Den Eurosonic Noorderslag (ESNS) ass en europäesche Showcast Festival a Musekskonferenz fir Professioneller an Holland. All Joers zitt den ausverkaaften ESNS iwwert 4‘000 professionell Delegéiert un, dorënner international Festivallen, a stellt ongeféiert 350 europäesch Artiste fir. D’Concerts sinn och fir de Public op an zéie järlech 40‘000 Visiteuren un.

  • Jazzahead

Den Jazzahead ass en 4 Deeg laange Showcast Festival fir Jazz an der däitscher Stad Bremen. Zenter senger Première am Joer 2006 gëtt et mëttlerweil och en Kulturfest an a ronderëm Bremen.

  • Kultur:LX

Kultur:LX ass eng lëtzebuergesch Asbl déi als Missioun huet d’Lëtzebuerger Kultur am Grand-Duché an am Ausland ze verbreeden. D’Ziel vu Kultur:LX ass d’Hëllef fir de kulturelle Secteur méi transparent, méi professionell a méi strukturéiert ze maachen. Eng zousätzlech Aufgab vun der néier Asbl wäert sinn Ausstellungen am Ausland z’ënnerstëtzen, literaresch Iwwersetzungen ze promouvéieren, dramaturgesch Kreatioun ze verbreeden, an d’Lëtzebuerger Participatioun u grousse kulturellen Evenementer am Ausland ze stäerken. Austauschprogrammer a Residenze sollen den Dialog mat anere Kulture fërderen. Kultur:LX soll folgend Secteuren ofdecken:

  • Architektur, Design, Handwierk
  • Musek
  • Spectacle vivant (Danz, Theater, Stroossekonscht an Zirkus)
  • Literatur
  • Arts visuels an audiovisuel (plastesch Konscht, Fotografie, Video)
  • Multimedia an digital Konscht
  • Amplifiy:LX

All Joers presentéiert music:LX um „Luxembourg Sounds Like“ wat Lëtzebuerg u Musek ze bidden huet.  Duerch d’Sanitärskrise vum Covid-19 ass de “Luxembourg Sounds Like” an “amplify:LX” ëmgewandelt ginn an huet den 28. Oktober 2020 déi éischt virtuellt an interaktiivt Editioun gestart.

  • Unison Studios

Unison Studios ass en Opnam-, Produktiouns- a Mediekompositiounsstudio zu Déifferdeng wou Produzenten, Komponisten, Museker, Sounddesigner a Soundingenieuren zesumme schaffen. D’Ariichtungen zu Déifferdeng si fir modern a professionell Museksproduktioune gemaach, vun der Opnam bis zum Mësche vun all Typpe vu Musek. Hei kënne Museker, Bands an Interprete beim Songwriting oder soss musikalesche Projete gehollef kréien. Unison Studio bitt soumadder Ënnerstëtzung a folgenden Etappe vun der Museksproductioun un:

Wëll dir méi iwwert music:LX an hier verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

ARTICLES