3 Froen un d'Julie Reuter vum Gruppement „d'stater muséeën“

27 avr. 2020
3 Froen un d'Julie Reuter vum Gruppement „d'stater muséeën“

Auteur: Ministère de la Culture

„Och wann d´Muséeën zou sinn, sollen d´Leit net vergiessen, datt een och iwwer aner Weeër hir Kollektiounen entdecke kann.“

Wann een net an de Konschtmusée goe kann, da mécht een ebe selwer Konscht. Dat schéngt am Moment en Trend an de soziale Netzwierker ze sinn. D´Julie Reuter, Coordinatrice vum Gruppement „d'stater muséeën“, huet sech inspiréiere gelooss, fir en änlechen Challenge an d´Liewen ze ruffen: D´Leit stellen hir Liblingskonschtwierker aus de Stater Muséeë mat Objeten doheem op eng kreativ Aart a Weis no.

Wou hutt Dir Iech fir déi Aktioun inspiréiere gelooss?

Ech hu mech vum Instagram Account @tussenkunstenquarantaine („tussen kunst en quarantaine“ ass Hollännesch fir „tëscht Konscht a Quarantän“) inspiréiere gelooss. Ech hunn déi Iddi immens flott fonnt, datt ee mat einfache Saache vun doheem e Wierk aus engem vun de siwe Stater Muséeën nostelle kann. Et si mëttlerweil ëmmer méi Muséeën, déi beim Challenge matmaachen, wéi de Rijskmuseum zu Amsterdam oder och den J. Paul Getty Museum vu Los Angeles.

Tatsächlech ass d'Iddi fir Konschtwierker an de soziale Medien z‘inzeenéieren net nei, wéi e Bléck op den Hashtag #vangoyourself weist. VanGoYourself war Deel vun „Europeana Creative“, e Projet, dee vun der Europäescher Kommissioun matfinanzéiert gouf. De Projet, deen op der Iddi vum Tableau Vivant baséiert, ass säit 2015 eriwwer, mee lieft awer duerch sou Initiativen, grad an Zäite vu Corona, weider.

Wéi kennen d´Leit matmaachen?

D´Leit kënnen op d´Internetsiten oder d´Social Media Accounts vun de 7 Muséeë goen fir sech do un engem Wierk aus hirer Kollektioun z‘inspiréieren an et da mat einfachen Objeten, déi si doheem hunn, nostellen. Mir kréien ëmmer erëm flott Saachen era geschéckt a poste se dann op dem Instagram a Facebook Account vun der Museumsmile mam Hashtag #museumsmile #creasmile.

Wat bedeit dës Aktioun fir d´Muséeën an hire Kontakt zum Public an dësen Zäiten?

Fir Muséeën ass et ganz wichteg de Kontakt mat hirem Public ze behalen an hinnen och ëmmer erëm flott virtuell Offeren unzebidden, dat geet vu Social Media Campagnen iwwer 3D Visitte bis hin zu pedagogeschen Aktivitéiten. Och wann d´Muséeën zou sinn, sollen d´Leit net vergiessen, datt een och iwwer aner Weeër hir Programmatioun a Kollektiounen entdecke kann. 
 

ARTICLES