Hannert de Kulisse vum Atelier an der Philharmonie

07 mai. 2020
Hannert de Kulisse vum Atelier an der Philharmonie

Auteur: Anouck Gengler

De Coronavirus huet eis all iwwerrascht an esou huet sech villes vun haut op muer verännert. Wou aner Secteuren sech mëttlerweil op den Déconfinement virbereeden, steet d'Zukunft vun de Concertshaiser awer nach an de Stären.
 
Mir hunn beim Stater Concertssall "den Atelier" an dem Concertshaus der Philharmonie nogefrot wei sie des ongewéinlech Situatioun erliewen.

Nodeems sech eraus kristalliséiert huet, wéi grave d’Situatioun ass, war natierlech d’Sécherheet vun de Mataarbechter an de Clientë Prioritär vir den Atelier. Nieft der Annulatioun vun de Concerte sinn d’Salariéen dann och séier an den Home Office versat ginn. Technesch war d'Equipe vum Atelier scho gutt op den Teletravail virbereet vue que dass d'Mataarbechter zu all Moment Accès op d'Donnéeë vun doheem aus hunn. Vir awer och weiderhin de Kontakt tëschent de verschidden Departementer vun der Firma oprecht ze halen, sinn dann nach zousätzlech virtuell Reuniounen arrangéiert ginn.

Och wann de Groussdeel vun der Equipe am Chômage partiell ass, sou hunn sech d'Aufgabe vun de reschtleche Mataarbechter awer net grouss verännert. De Schwéierpunkt leit natierlech um Reportéiere vun de Concerten. Déi meescht konnte verréckelt ginn, mee eng Ronn 10% hunn misse ganz annuléiert ginn. Schwiereg gestalt sech ënner anerem d'Annoncéiere vun den néie Concerten an dëser Zäit wëll den Ticketsverkaf momentan nach op Äis leit.

Den Atelier huet duerch seng laangjäreg Geschicht eng speziell Plaz am Häerz vu sengem Public krut an och wann d'Knistere virum Concert oder de Patt duerno momentan net ginn ass, esou ass d'Kommunikatioun wärend dëser spezieller Zäit immens positiv bliwwen. Et muss een sech awer natierlech och reegelméisseg nei erfanne fir iwwert en laangen Zäitraum bestoen ze kënnen an esou schafft d'Equipe vum Atelier momentan un verschiddene Modeller a Forme fir d'Musek schnell zeréck op Lëtzebuerg an ënnert d‘Leit ze bréngen. Et bleift awer weiderhin ofzewaarde wéi d’Mesuren an Zukunft wäerten ausgesinn a wei eng Méiglechkeeten sech doraus ergi vir geschwënn erëm op déi eng oder aner Wéis hire Public empfänken ze kennen.

Wou déi sanitär Kris bei der Philharmonie ukomm ass, huet och do misse schnellstméiglech reagéiert ginn. D'Gesondheet vun de Mataarbechter an de Clientë war natierlech prioritär an all déi Concernéiert si schnell informéiert ginn. Zäitgläich sinn dann awer och ganz séier nei Ofleef en Place gesat vir dass de Groussdeel vun der Equipe aus dem Home Office eraus schaffe kann.

Fir verschidde Mataarbechter hunn déi vill Annulatioune vun de Concerte méi Arbescht wéi sos mat sech bruecht. All Manifestatioune bis Enn vun der aktueller Saison hunn missen ofgesot ginn. En Concert an der Philharmonie ze verréckelen ass a ganz wéinege Fäll méiglech well grad am klassesche Beräich, d'Programmatioune scho laang am Virfeld ofgeschloss ginn. Nieft den Annulatiounen huet dann och de Public esou séier wéi méiglech missen informéiert gi fir déi sëlleg Remboursementer an d'Rei ze bréngen. D'Philharmonie ënnersträicht an dësem Punkt dass hire Public sech ganz verständnisvoll an dëser aussergewéinlecher Situatioun gewisen huet an huet sech besonnesch iwwert déi vill positiv Réckmeldunge gefreet.
 
D'Kreativitéit vun de Kënschtler kennt jo bekanntlech keng Grenzen an esou sinn a leschter Zäit vill "Online-Projeten" entstanen. Och d'Museker vum OPL (Orchestre Philharmonique du Luxembourg) hunn sech Ufanks Abrëll vun doheem aus zesumme gedoen vir de Bolero vum Ravel online ze iwwerdroen an esou dem Public op des Aart eppes zréck kennen ze ginn. Technesch war de Video vir déi concernéiert Mataarbechter eng Erausfuerderung déi si awer gären ugeholl hunn. De groussen Opwand huet sech op jiddefalls gelount wéi een um Succès vun de Videoe ka gesinn.
 
Fir béid Concertshaiser ass et eng ongewéinlech Situatioun momentan keng Concerte kënnen ze offréieren an et stinn nach vill Froen am Raum. Et ass een sech awer wuel bewosst dass d'Concerten net direkt nees ënnert der gewinnter Form wäerte méiglech sinn. Den Impakt op déi ganz Museksindustrie ass extrem grouss an nieft dem wirtschaftleche Schued ass de soziale Schued nach net ofzegesinn. Och wann déi digital Offeren an dëser Zäit ee klengen Trouscht sinn, sou kënnen se laangfristeg awer net d’Erliefnis vun engem Live Concert ersetzen.

Mir freeën eis mam Atelier an der Philharmonie op den Dag "X" wou se hier Dieren erëm kennen opmaachen an zesumme mam Public an de Genoss vun engem gudde Concert komme kënnen.



 

ARTICLES