Hannert de Kulisse vun der Canopée Asbl.

20 aoû. 2020
Hannert de Kulisse vun der Canopée Asbl.

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Anouck Gengler

D'Canopée Asbl. huet sech als Aufgab gemaach d'Kultur méi no un d'Gesellschaft ze bréngen. Nieft der Produktioun vu kënschtlereschen a kulturelle Projete (Canopée Produktion), geréiert sie och déi éischte Kënschtlerresidenz (Canopée Résidence) an der Stad Lëtzebuerg.
Culture.lu huet sech bei der Präsidentin a Projetsleederin, dem Tessy Fritz en Abléck hannert hir Geschicht an hir aktuell Projete verschaf.

D'Urspréng vun der Canopée Asbl. ginn zeréck op Berlin wou e puer Léit, als klenge Kënschtlerkollektiv ugefaangen hunn verschidden Theaterprojete zesummen op d'Been ze stellen. Duerch hier staark Relatiounen zu Lëtzebuerg ass iwwert Zäit de Mëttelpunkt awer ëmmer méi op Lëtzebuerg verluecht ginn an an hirem Quartéier um Belair ass dunn eng informell Kënschtlerresidenz enstannen. No der Produktioun  "Le Frigo" vun de Stater Theateren an Zesummenarbescht mat Canopée am Joer 2013 ass dunn zwee Joer dorops offiziell d' Canopée Asbl. gegrënnt ginn.

Nodeems d'Matbegrënnerin Tessy Fritz, déi eng Ronn 10 Joer als Salariée am Kulturberäich zu Lëtzebuerg ënnerwee war, sech 2017 selbstänneg gemaach huet ass och de Plang vun enger offizieller Kënschtlerresidenz ëmmer méi konkret ginn. D'Iddi dohannert war fräischaffende Kënschtler e bezuelbare Wunnraum unzebidde wou si hirer Kreativitéit nogoe kënnen. Mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg konnt Canopée dunn am Mäerz 2019 hiert Haaptquartéier am ale Paschtoueschhaus am Pafendall opschloen an de Volet Canopée Résidence realiséieren. Nieft de 4 permanente Bewunner, déi am Kulturberäich täteg sinn, ginn nach 5 Zëmmer temporär un extern Artiste vermëttelt déi deen Ament zu Lëtzebuerg un engem Projet schaffen.

Résidence © Canopée Asbl.
Résidence © Canopée Asbl 

Als Member vum "Microresidence Network" sichen si grad no Méiglechkeete vir d'Residenz nach weider auszebauen an duerch sougenannte Microresidenzen internationale Kënschtler een Espace unzebidde wou si un engem perséinleche Projet schaffen kënnen.

Studio © Canopée Asbl.

Studio © Canopée Asbl 

Nieft der Gerance vun der Residenz ass e weidere Pilier d'Canopée Produktion wou si aktuell un véier Projeten schaffen. E wichtegen Aspekt vun hirer Arabescht ass d'Sensibilisatioun vun der Kultur fir Léit déi net esou direkt domadder a Kontakt stinn. An Zesummenaarbecht mat aneren Institutiounen organiséieren si reegelméisseg Theaterateliere fir Jonker an huelen och sozial benodeelegte Mënsche mat un Bord andeems si se vir hier Projeten engagéieren. Den nächste Molatelier fir Kanner gëtt den 28. August mam portugiseschen Kënschtler Pedro Amaral am Pafendall ugebueden. Den Atelier ass Deel vun hirem Projet "Au jardin de la Canopée " deen de Label vum 25 Joer Lëtzebuerg Weltkulturierwen erhalen huet. Duerch déi aktuell sanitär Krise a Restriktioune muss awer leider een Deel vum Projet op e spéideren Zäitpunkt verluecht ginn.

Répétition © Canopée Asbl.
Répétition © Canopée Asbl 

Momentan schaffen si och nach un der Doku-Fiktioun "Dany Cage" déi vum Film Fund Luxembourg ënnerstëtzt gëtt an sech haaptsächlech em de berüchtegte Club aus den Enn 60er Joren an der Stad dréit. Zeien aus der Zäit sinn häerzlech invitéiert sech bei der Canopée Asbl. ze mellen!
 
An de Startlächer ass och grad e ganz interessante Projet "Rendez-vous au Carré Blanc" deen als open/air Theaterstéck virgesinn ass. D'Stéck wat um Text "Loretta Strong" vum Copi baséiert soll op engem mobille wäisse Carré präsentéiert ginn. Nieft de feste Virstellunge soll des Plattforme awer och anere Kënschtler zougänglech gemaach ginn. Méi Detailer zu deem Projet fannt dir geschwënn op hirer Internetsäit.

Le Gardien (Olivier Foubert, Rufus) © Vincenzo Cardile
Le Gardien (Olivier Foubert, Rufus) © Vincenzo Cardile 

Natierlech hunn och si a leschter Zäit hir Projeten missen op Eis leen an deelweis ëmgestalten. Glécklecherweis konnt déi lescht Virstellung vun hirem Theaterstéck "Le Gardien" vum Harold Pinter nach Ufanks Mäerz virum Confinement presentéiert ginn. Eng Reprise vum Stéck gëtt den 9. & 10. Oktober 2020 am Escher Theater ugebueden. Allgemeng ass d'Canopée Asbl. bis elo nach gutt duerch d'Kris komm wat awer ouni déi séier Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg an dem Kulturministère net méiglech gewiescht wier.

Culture.lu seet dem Tessy Fritz villmools Merci fir de flotten Abléck hannert d'Kulisse vun der Canopée Asbl. a wënscht hinne weiderhin vill Erfolleg op hirer Rees.

Studio Sauvage © Canopée Asbl.
Studio Sauvage © Canopée Asbl