KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM RICKO JAMES

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM RICKO JAMES

09 juin. 2023

 

Big News! Kulturpur, de Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg, ass mat enger 3. Staffel rëm am Start. Ee Mol de Mount diskutéiert eis Moderatorin d’Cecilia Said Vieira mat Mënschen aus der Lëtzebuergescher Kulturzeen. Als Opener fir déi 3. Staffel hu mir den DJ a Producer Ricko James (Rick Berg).

Mir schwätzen ënnert anerem doriwwer, op wierklech jiddereen DJ ka ginn, wat een alles brauch fir an dem Domän erfollegräich ze ginn, wéi eng Roll Gléck spillt an ob de Lifestyle net awer e bëssen ze “rough” ass.

Lidder déi gefeatured gouffen:

Ricko James – A Samurai’s Death

Ricko James – Path to a new World

___________

KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht. Heiduerch kritt dir een aneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!

ARTICLES