KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM SUMO

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM SUMO

27 fév. 2023

Zu Gaascht an der Staffelfinal vu Kulturpur ass de Sumo. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv.

An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen:

 

  • Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf.
  • Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen?
  • De Sumo gesäit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee säi Liewenszil erreecht, soubal ee vu sengem Hobby liewe kann?
  • Wat sinn NFT’s a wisou spillen se sou eng grouss Roll an der Kënschtlerzeen?
  • Ai – Wéi steet de Sumo zu Konscht déi duerch kënschtlech Intelligenz generéiert gëtt?

 

Lidder déi gefeatured gouffen:

7:23 Mos Def – Mathematics

16:03 Bobby Womack Across 110th Street

30:03 Jackie Stoudemire – Flying High

Vil Spaass beim Lauschteren!