Eric Rosenfeld

12 jan. 2023
Eric Rosenfeld

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nicolas Calmes

Den Eric Rosenfeld ass villäicht de produktiivste Museker am Land – net “produktiv” an engem ekonomesche Sënn, éischter wéi een am Englesche “prolific” mengt. Den Dictionnaire suggeréiert “fruchtbar”. Den Eric Rosenfeld ass villäicht de fruchtbaarste Muséker am Land. Nee, dat klengt och net ganz richteg. Jiddefalls schreift den Eric Rosenfeld vill Lidder. Op aktiv oder inaktiv, seng Bands Versus You, The Cutting Word, Rise Up!, Not For Sale an Adoptees, fir der nëmmen e puer ze nennen, fanne weiderhi Resonanz an der Punkzeen an doriwwer ewech. An der Zäit wou ech de folgenden Interview zesummegeschnidden hunn ass ee weidere Projet mat senger Bedeelegung erauskomm: Fir Window To Another World vun One 8 Seven huet den Danny Epstein bis dato onverëffentlecht Lidder vum tragesch verstuerwene Rise Up! Sänger Jérome Reiland mat ale Frënn zesummegesat.

Den Eric Rosenfeld ass och ee Videospillenthusiast, wat hien dozou bruecht hat den Electro Viaduc – een uraalt retro Videospillgeschäft op der Stater Gare – ze iwwerhuelen. Ech si gären a säi Geschäft gaangen, manner fir d’extensiv Plackekollektioun an d’Konsolespiller wéi fir mech mat him ënnerbewäert Punkbands z’ënnerhalen.

Eric Rosenfeld
© Maxie Miliane Photography

Elo huet den Electro Viaduc definitiv zougemaach an de Rang dee soss em dem Rosenfeld säi Fanger ze gesi war ass och verschwonnen. Hien huet fir säi leschte Communicaution Streech Sat There Waiting ee bis zwee Lidder den Dag geschriwwen. Bannen enger Woch war den Album fäerdeg. Sat There Waiting ass eng Rees déi sech – wéinst dem Rosenfeld sengem Mangel u Führerschäin – ironescherweis besonnesch gutt am Auto unhéiert. Et ass eng Rees duerch Depressioun, Therapie a Liewensfreed. Eng Rees, déi déi Aart vun traureg ass dass se ee frou mëscht. Souguer ënnert sengem fruchtbaren Output ass se zweiwellos eng vun de Wichtegsten.

sat there waiting

Du hues viru Kuerzem eng Foto vun dengem éischte Concert mat Timesickness gedeelt. Du waars 16 Joer aal an has Skatekleeder un. U wat kanns de dech vun deem Dag nach erënneren?

Dat war am Fong net mäin aller éischte Concert. Mir haten mam Jeanne, wat bei Timesickness Saxophon gespillt huet, eng Band virdrun. Mir hunn bei him an der Schlofkummer geprouft. D’Jeanne huet Batterie gespillt, de Jean-Luc huet gesongen an ech hu Gitar gespillt a och gesongen. Mir hate kee Bassist. Mir haten einfach annoncéiert, Kolleegen, mir spillen ee Concert. Op eemol ware gefillte 50 Leit an där Schlofkummer. Mee do ware mer bei eis. Dunn huet den Giordano vu Versus You de 5. Februar 2000 fir seng Gebuertsdagsparty säin éischte richteg fette Concert organiséiert. Dat war och eng Première fir hien deen duerno dausend Concerten organiséiert huet. Nervous Chillin’ an Toxkäpp waren Headliner a mir waren just virdrun. Ech weess nach wéi opgereegt ech war. Ech weess nach dass eist Opriichten, wat elo bei Versus You an zéng Sekonne geschitt, gefillt eng hallef Stonn gedauert hat. An – dat vergiessen ech ni – weess de, déi ganz déck Äschebecher vu fréier? Beim éischte Lidd ass scho sou ee geflunn komm an um Plaffong explodéiert. Vum Concert selwer weess ech nach dass d’Leit mega Spaass haten. Ënn 90er war eng riseg Punkzeen zu Lëtzebuerg. Ech si ganz schlecht dran d’Unzuel vu Leit ze schätzen mee do ware ganz, ganz vill Leit.

Timesickness

Wéis de am Lidd Dropout séngs, hues du als Teenager d’Schoul ofgebrach. Wat hat dech zu dëser Decisioun bruecht?

Dee Mënsch deen ech haut sinn, dat hunn ech alles duerch d’Punkzeen, duerch d’Musek an duerch d’Liewen geléiert. Dat war näischt wat eng Schoul mer konnt bäibréngen. Ech hu mat der Schoul mat 18 Joer opgehale well ech kuerz drop op meng éischt Tour gaange sinn. Dat war eng ganz bewosst Decisioun. Ech souz an der Mathe oder an der Chimie an ech hunn Texter geschriwwen. Ech wousst ganz fréi dass ech fir de Rescht vu mengem Liewe Musek maachen, schreiwen, kreéieren well. Ech ka rechnen an ech brauch keng grouss Formule fir ee Gefill a menger Musek auszedrécken.

Am Lidd Chemicals verneins de d’Benotzung vu Medikamenter fir mental Gesondheet ze verbesseren. Wat fir Alternativen suggeréiers de?

Nee, ech mengen dat hues de e bëssen falsch verstanen. Panikattacken sinn hautzedaags wäitgoend bekannt a beschwat. Wéi ech 2005 schlëmm Panikattacken hat, hat kee verstanen wat ech hunn an ech selwer hu de ganzen Zäit geduecht ech géing verréckt ginn. Ech gouf direkt op Medikamenter gesat. Déi Medikamenter, vu Berouegungsmëttel bis Antidepressiva, dat sinn Drogen. Wann ech e puer Deeg laang keng Ordonnance oder keng Medikamenter hat war ech richteg op Entzuch. Mai Gehier war ënner Stroum, ech hunn net méi richteg gesinn, ech hu geziddert. Du kanns net vun engem Dag op deen aneren ophalen. Däi Kierper brauch et. Däi Gehier brauch et. An dat nennt een süchteg sinn. Elo sinn ech süchteg no deene Medikamenter. Dat Lidd ass méi sou, jo, ech well déi Medikamenter einfach net. Ech well net süchteg sinn no iergendeppes. Et war méi eng Roserei, weess de? Fuck, elo huelen ech se schonn esou laang, fuck, ech brauch se. Et ass ee ganz perséinlecht Lidd. Ech sangen ‘I don’t need all these chemicals’ well ech se am Fong just brauch well ee mech dropgesat huet. Et ass net dass ech decidéiert hunn ‘Ech fänken elo un Medikamenter ze huelen.’ Mee ech soen awer och net dass et de falsche Choix war well ech weess net op ech et deemools ouni gepackt hätt.

Wat mengs de mat der Zeil ‘I’m ready to be born’ am Lidd Showdown?

Sou wéi Showdown fillen ech mech am Moment. Et geet mer besser. De ganzen Album ass ‘ech fille mech schlecht, dat an dat ass geschitt,’ an dann d’Therapie déi sech duerch den Album zitt. Am Fong hätt Showdown missten dat lescht Lidd sinn, mee bon, ass et awer net. Ech wollt dat lescht Lidd akustesch halen. Et ass jo och ee Museksalbum, et ass kee Buch wou d’Kapitele der Rei no musse sinn. Sou, elo hunn ech mäin Exorzismus gemaach an hei ass de Showdown mat mir selwer. Mir zwee hunn elo Saachen gecheckt déi mer virdrun net woussten. Do sangen ech doriwwer wéi ech aus mengem Lach erauskommen. Am Ufank bass de ganz déif ënnen am engem Pëtz deen onendlech héich wierkt. Wann s de bis mierks dass de ufänks méi héich ze kommen, wann s de bis mierks dass de wäerts erausklammen kenne, sees de ‘ech si prett fir neigebuer ze ginn. Ech si prett, ech well dass et mer besser geet.’ ‘I can’t wait to get healthier fast.’ Et ass eng poetesch Aart a Weis fir ze soen… Bon, poetesch, ech nennen mech elo net de grousse Poet mee du weess wat ech mengen, et ass einfach fir ze soen, ok, et geet biergop, et geet besser. An dat ass wichteg ze realiséieren well sou Saachen mierkt een net wann ee voll an der Depressioun dran ass. Et mierkt een et net. Wann s du an engem Lach bass kennt et guer net an däi Kapp ze denken ‘jo, ech kéint jo eppes maachen fir dass et mer besser geet.’ Däi Kapp ass net prett dofir. Bei mir huet et iergendwann klick gemaach, iergendwéi geet et mer besser mee verstinn net firwat. Probéier erauszefannen wéi eng Punkten et sinn déi maachen dass et der besser geet. Ech well mat der Musék och anere Leit hëllefen. Dat ass dat wat Musek fir mech ass. Am neien Album sinn Saachen, Wierder, Sätz dran déi carrement an enger Therapie gesot ginn - dat heescht meng Musek ka wierklech hëllefe wann d’Leit mer wëlle nolauschteren. Do ka jiddereen maache wéi ee wëll. Ech verlaange vu kengem dass ee meng Musek oder wat ech ze zielen hunn gutt soll fannen.

D’Basslines vu Sat There Waiting rocken. Ech weess dass de deng Lidder fir d’éischt op der akustescher Gittar ophells - wéini kennt d’Bass an d’Spill a wéi huet sech deng Bezéiung zu dësem Instrument iwwert d’Joren entwéckelt?

Meng Liblingsinstrumenter sinn op Nummer Eent d’Batterie, op Nummer Zwee Gittar oder Bass. Ech hu mäi Liewe laang Bass gespillt. D’Bass gëtt ëmmer ënnerschat, et gëtt ëmmer gesot, ‘du héiers se villäicht net mee du mierks wann se net do ass.’ Hmm… Ech fannen d’Bass ass ee mega gäilt Instrument, zumools am Punk. Ech lieben déi al 80er Joren Punk a Pop Punk Bands wou d’Bass e bëssen ze haart am Mix ass. Dat gëtt deem Ganzen esou ee gäile Mouvement. Et war eng ganz bewosst Decisioun dass d’Bass op dësem Album eng wichteg Roll spillt. Dat kennt vun de Bands déi mech inspiréiert hunn: Naked Raygun, al Descendents Saachen. D’Haaptinfluenz war Chemical People. Bei deenen ass d’Bass mega haart an hie spillt carrement duerch eng Stroph bal ee Basssolo. Ech hu Gammen geschriwwen zu deenen ech wärend der Opnam wierklech misst op d’Zänn bäissen. Dat kanns de mer gleewen. (Laacht)

Am Géigesaz zu deem wat s de virdru sos hunn deng Songtexter ëmmer literareschen Usproch. Si funktionéieren och als Gedichter. Poet a Schrëftsteller sinn “schwéier” Wierder mee has de jeemools een Duerchbrochsmoment wou s de der sos ‘ech si Poet an dee Saz, déi Zeil beweist et?’

All meng Liblingsbands hunn literaresch Texter. Kee Lidd vu mir ass ee banaalt ‘la, la, la, I love you baby.’ Ech maachen dat bewosst. Meng Texter reimen ëmmer an ech géing ni wann et mer net gutt geet einfach ‘I feel like shit’ schreiwen. Weess de, et ginn Bands, zumools am Punk, déi wichteg politesch Saachen ze soen hunn, déi net sollen op eng poetesch Aart a Weis geschriwwen sinn an ech lieben dat och. Wann ech perséinlech Lidder schreiwen fannen ech et awer inspiréierend wann s de schéin Wierder benotz, wann et schéin klengt a wann d’Wierder schéin ausgesinn wéi wann et direkt erausgejäizt gëtt. Ech hunn et gären wann s de ee Gefill schéi verpeeks. Mee ech hunn ee Problem domat mech Schrëftsteller oder Poet ze nennen obwuel villäicht verschidde Saachen wéi s de sees an déi Kategorie falen. Ech hunn ee Problem mat Selbstbewosstsinn, verstees de? Ech sinn ee mega onséchere Mënsch.

Du sos, du géings ni ‘la, la, la, I love you’ schreiwen. Wéi géings de d’Gefill vu Léift a Wierder verpaken?

Ech schreiwe schonn mäi Liewe laang Lidder iwwert de Mënsch a seng Gefiller mee ech sinn dee Leschten deen der seet, ech weess wéi Léift funktionéiert oder ech weess wéi mënschlech Gefiller funktionéieren well kee Mënsch dat weess an ech hunn och iwwerhaapt guer kee Plang. Mee ech setzen mech gären domat auserneen. Ech iwwerleeë gären driwwer an ech schreiwen gären driwwer. Léift ass ee risegrousst Wuert an dir dat an engem Saz elo ze soen ass mega schwéier. Mee ech wees dass wann ech fir eng Persoun Léift verspieren, ob dat Famill ass, op dat an enger Bezéiung ass, op dat Frënn sinn, op dat meng Katzen waren, dass ech fir si alles géing maachen. Awer wierklech alles.

Sat There Waiting

Window To Another World

Dropout

 

ARTICLES