Hannert de Kulisse vun neimënster

11 juin. 2020
Hannert de Kulisse vun neimënster

Auteur: Anouck Gengler

Zanter 2004 bitt neimënster e breet gefächerte kulturelle Programm un an ass mëttlerweil zu engem Zentrum fir Begéinungen, Austausch a kënschtlerescht Schafen zesummegewuess. Ob Apero Jazz, Danz, Concerten, Theater, Konferenzen, Expoen oder awer och Residenzen, an der Abtei Neimënster ass fir jiddereen eppes dobäi.

Culture.lu war op Besuch bei der Direktesch, dem Ainhoa Achutegui an huet sech een Androck vun der Organisatioun verschaft.

Flexibilitéit gëtt hei ganz grouss geschriwwen an esou huet sech d'Equipe vun neimënster och séier un déi aktuell Coronakris adaptéiert. Einfach zoumaachen an ofwaarden entsprécht definitiv net hirem Esprit. Wärend d'Mataarbechter*innen am Télétravail scho fläisseg um Programm fir déi nächste Saison geschafft hunn, si kuerzerhand an der Abtei d'Zëmmeren, déi  normalerweis fir d'Kënschtler*innen en Residence virgesi sinn, u sanitär Mataarbechter*innen an hir Famillen verdeelt gin. Eng Astellung déi sech och wärend dem Gespréich ëmmer erëm spigelt: a neimënster gett no vir gekuckt a gäre gehollef wou et nëmme méiglech ass.

Wärend dem Confinement huet neimënster och op eng digital Offer gesat, wei z.B. d'Visitt virtuelle vun hirer aktueller Expo "Portugal et Luxembourg - Pays d'espoir en temps de détresse - Devoir de mémoire" oder de "Crazy Quarantine Sessions". Do dernieft ass awer och e flotten neie Projet enstanen, nodeems an engem Meeting der Fro nogaange gouf, wéi een kënschtlerescht Schafe konkret wärend der Quarantaine kann ënnerstëtzen. An Zesummenaarbecht mam Antoine Grimmé (Facebook: @tunnillustration) ass esou d'Iddi enstanen all Samschden e Comic Strip op Facebook (@neimenster) ze publizéieren, deen d'Geschicht vun der Abtei Neimënster erzielt an och spéiderhin als BD erausbruecht gëtt.

neimënster comic
 
Laangfristeg wëll neimënster sech awer net iwwert eng digital Kultur definéieren, dofir steet den direkte Kontakt zum Publik an de Kënschtler*innen ze vill am Mëttelpunkt. D'Ainhoa Achutegui ass sech wuel bewosst wat fir e Bijou d'Abtei Neimënster ass a wéi eng Chance dat mat sech bréngt. Si hunn de Privileeg an engem Gebai ze schaffen dat duerch seng Infrastruktur vill Spillraum fir d'Organisatioun vun hiren Eventer ubitt an dofir gesäit si et och als Optrag vun neimënster, d'Kultur erëm esou séier wei méiglech ënnert d'Leit ze bréngen, wat a leschter Zäit net gi war.

Essentiell ass dem Ainhoa Achutegui awer och den direkte Kontakt zu senger Equipe. Fir eng gewëssen Dynamik oprecht ze halen, waren dann och séier déi Ronn 45 Mataarbechter*innen erëm sur Place. Och hei erlaabt d'Gebai et genuch Raum fir jiddereen unzebidde an déi nei Oplagen vum Deconfinement ze respekteiren.

Nieft de sëllegen Techniker, déi wärend dem Confinement den Entretien vum Gebai garantéiert hunn, ginn et zwee wichteg Departementer: Notamment d'Organisatioun vun der kultureller Offer an awer och de kommerzielle Pilier, deen duerch d'Verloune vun de Raimlechkeeten d'Haaptakommes garantéiert an zum Deel d'Finanzement vum kulturelle Part mat sech dréit.

Op d'Nofro wéi de kulturelle Programm opgestallt gëtt, huet sech eraus kristalliséiert dass et hei verschidden Approchë ginn. Zum engen ass neimënster ganz gutt vernetzt a schafft vill mat externe Partner*innen an Curateure*tricen zesummen, déi och zum Deel an enger Noutlag kënne kontaktéiert gi fir séier ee passenden Ersatz ze organiséieren. Zum aneren huet d'neimënster virun allem an der Jazzscene schonn esou eng gutt Reputatioun dat si souvill Kandidaturen erakréien dat si sech déi bescht erauspicke kennen. Der nieft ginn si awer och reegelméisseg op Festivale no neie Kënschtler*innen kucken a sinn esou ëmmer um aktuelle Stand wat déi verschidde Scene betrëfft.

Nieft den offiziellen Ausschreiwunge wéi zum Beispill déi fir d'Residenzen , kennen sech d'Kënschtler*innen an d'Museker*innen awer gäre jidderzäit bei hinne mellen. Och wann si mëttlerweil e grousse Carnet hunn, sou sinn si awer ganz oppe fir nei regional an international Kulturschafender mat an de Programm eran ze huelen.

Interesséiert Kënschtler*innen kënne Kontakt iwwert de Site vun neimënster ophuelen.

E klengen Tipp bei der Kandidatur: Nohaken, nohaken an nach eng Kéier nohaken – dann wäert et scho klappen!

Den Plang A vu neimënster, dee scho laang am Tirang louch, konnt dann elo endlech nom Deconfinement erausgeholl gin. Ganz am Aklang mat den aktuelle Mesuren geet et de 4 Juli mam Summer Programm "Bock op...méi intim" am Parvis vun der Abtei lass. Mat der positiver Energie vun neimënster ass de kulturelle Summer opjidefall geséchert.

Den ganze Programm fannt dir hei.

Culture.lu seet dem Ainhoa Achutegui nach eng Kéier Merci fir de flotten Abléck an hiert dynamescht Schaffen.
 

ARTICLES