Hannert de Kulisse vun der Nuit de la Culture

11 sep. 2020
Hannert de Kulisse vun der Nuit de la Culture

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Anouck Gengler

Den 19. September ass et erëm esou wäit an d'Stad Esch invitéiert op hier 9. Editioun vun der "Nuit de la Culture" déi dëst Joer ënnert dem Thema vun der Loft "Prendre l'air" steet. Wat 2012 am Kader vum Escher Theater senger 50. Gebuertsdagsfeier ugefaangen huet ass mëttlerweil zu engem festen annuelle Rendezvous an der Lëtzebuerger Kulturlandschaft ginn.

Culture.lu huet sech beim Ralph Waltmans, dem Kulturcoordinateur vun der Stad Esch, een Abléck hannert d'Kulisse vun der ganzer Organisatioun verschaff.

Déi 1. Editioun vun der Nuit de la Culture gouf 2012 an d'Liewe geruff wou den deemolege Kulturschäffe Jean Tonnar proposéiert huet den ustoende 50. Anniversaire vum Escher Theater mat enger Kulturnuecht ze kombinéieren un där och déi aner Kulturinstitutioune vun Esch kéinten deelhuelen. Nieft de Festivitéiten am Theater hunn nach siwen aner kulturell Institutiounen (d'Bibliothèque Municipale, den Cine Ariston, den Conservatoire de Musique, d'Kulturfabrik, d'Maison Mousset, de Musée National de la Résistance an d'Rockhal) hier Dieren uechtert d'Minetter Haaptstad deen Owend opgemaach.


Dëst Evenement hat esou e grousse Succès dass et op der Hand louch nach eng weider Editioun ze plangen. Et ass séier gemierkt gi dass dat Evenement ëmmer méi un Bedeitung wäert gewanne wouduerch een 2014 dunn eng eegen Nuit de la Culture Asbl. gegrënnt huet.

Déi bedeitendst Verännerung fir d'Nuit de la Culture ass 2017 komm, wou  d'Stad Esch den 30. Juni, den éischte Kulturentwécklungsplang  [Plan communal à la culture Esch-sur-Alzette 2017-2027, Résumé] gestëmmt huet. Als Member vum internationale Reseau Agenda 21 de la Culture vun der "Organisation mondiale de Cités et Gouvernements Locaux Unis" war d'Stad Esch schonns zanter Dezember 2016 eng "Ville Pilote" vum europäesche Programm an huet an deem Kader fir ee Workshop d'Auto-Evaluatioun d'Nuit de la Culture als Projet gewielt fir ze kucke wou hier Stäerkten sou gutt wei hier Schwächte géinge leien. Dorops hin ass d'Nuit de la Culture och zu enger Mesure Pilote an deem Programm gi wat e groussen Impakt op dat ganzt Evenement hat.


© Workshop vun der Escher Kulturkommission

Fir dat neit Konzept, wou och den Escher Street Festival mat fusionéiert ginn ass, ass eng nei Asbl. ënnert dem Numm Escher Kulturnuecht gegrënnt ginn. Wou déi Jore virdrun d'Nuit de la Culture éischter op enger porte ouverte vun de verschiddene Kulturinstitutiounen opgebaut war, soll elo d'Kultur méi zentraliséiert eraus ënnert d'Leit bruecht ginn an och den allgemengen Image vun der Stad Esch fir eng Nuecht verännert ginn. Esou wandert d'Kultuernuecht zanter 2018 ofwiesselend all Joers ënnert engem spezifeschen Thema vu Quartier zu Quartier duerch Esch.

Déi nei Dimensioun vun der Nuit de la Culture brengt natierlech och aner Erausfuerderunge mat sech. Esou war een ufanks zimmlech gefuerdert kuerzfristeg Leit mat enger gewëssen Expertise zu Lëtzebuerg ze fannen déi een Evenement an deem Mooss plangen an ëmsetze konnten. 2018 huet een nach virun allem am technesche Beräich missen op auslännesch Firmen zeréck gräife well ee carrement keng Leit hei fonnt huet. Integratioun gëtt bei der Asbl. ganz grouss geschriwwen an esou ass et hinne wichteg an allen Beräicher mat Leit aus Lëtzebuerg oder der Groussregioun ze schaffen. Zesumme mat der Caritas ass an deem Kontext eng nei Formatioun ausgeschafft ginn, déi virun allem de Leit mat engem Flüchtlingsstatut d'Potenzial vun de verschiddene Beruffer soll méi nobréngen.

Dëst Joer ass een nach op eng weider Grenz gestouss. Passend zum Thema „Prendre l’air“, war e ganz flotte Spektakel virgesinn, wou d'Artiste schwiewend un engem Kran hänken an eng Aart Oper präsentéieren. De Spektakel, de schonns europawäit ouni Probleemer opgefouert gouf, huet leider missen annuléiert gi well et zu Lëtzebuerg net méiglech ass heifir eng Autorisatioun ze kréien. Och wann sech déi leschte Joren zu Lëtzebuerg vill am kulturelle Beräich gedoen huet, stécht een dann awer am Verglach zu anere Länner nach ëmmer iergendwou an de Kannerschong. Mee all Grenz bréngt gewéinlech nei Denkustéiss mat sech déi sech laangfristeg wäerten ausbezuelen.

Nodeems d'Nuit de la Culture déi zwee lescht Joer huet misse verréckelt gi, wäert si an Zukunft ëmmer am September stattfannen. Schonn eleng aus organisatoresche Grënn wier et net méi méiglech, d'Preparatiounsphase vun enger Nuit de la Culture wéi se sech haut presentéiert em puer Méint ze kierzen. Nieft de sëllege Kontrakter déi mat de Kënschtler a Mataarbechter mussen ausgeschafft ginn, gëtt awer och vill op d'Volontéit vun de Partner an de Benevolle gebaut déi an de ganze Prozess integréiert ginn. Jidderee vun hinne ka säi Pefferkär bäidroen oder seng Propositiounen erareechen, déi dann zesummen an engem méintelaange kreative Prozess ausgeschafft ginn.



D'Nuit de la Culture 2020 op d'Been ze setzen ass en zousätzleche Challenge fir d'ganz Equipe. Nieft de ville kreative Léisungen déi fir d'Programmatioun musse fonnt ginn, muss awer och d'Sécherheet vum Visiteur garantéiert sinn. Et ass mat dat eenzegt gréissert Evenement wat dëst Joer zu Lëtzebuerg net ofgesot ginn ass an esou gesinn dann och ee Projet Pilote wéi ee Kultur an Zäite vum Covid19 ka proposéieren.

Op vu Villerupt oder der Brillplaz aus, zu Fouss oder mam Vëlo, dëst Joer féieren all Weeër vun der kultureller Aventure op de Belval wou d'Visiteuren een ofwiesslungsräiche Programm erwaart. Selbstverständlech ginn déi sanitär Mesuren agehalen an esou orientéiert een sech un de Restriktioune vun der Gastronomie an dem Commerce. Fir dass och keen ouni Mask ënnerwee ass, huet d'Asbl. sech vun den Escher Kënschtler Reiny Rizzi-Gruhlke, Herrade Fousse an dem Jo Malano Maske maache gelooss déi wärend dem Owend vun de benevole Mataarbechter (Grands Rêveurs), verdeelt ginn. Nei um Programm ass dann dëst Joer och d'Live Iwwerdroung vu verschiddene Spektakelen déi ee via d'Websäit vun der Nuit de la Culutre ka verfollegen.



Culture.lu seet dem Ralph villmools Merci fir dat interessant Gespréich a wënscht der Nuit de la Culture vill Erfolleg. An wien weess villäicht hannerléisst d'Escher Kulturnuecht nach Spuere fir déi zukünfteg Generatiounen andeems si d'Nuit de la Culture iwwert déi véier Ecke vun der Welt eraus gedroen huet.

ARTICLES