Hannert de Kulisse vun de Luxembourg Museum Days

20 mai. 2020
Hannert de Kulisse vun de Luxembourg Museum Days

Auteur: Anouck Gengler

Zanter 1977 gëtt den Internationale Museumsdag (IMD) vum International Council of Museums (ICOM) organiséiert. An deem Kader sinn dann och 1998 fir d'éischt „L’Invitation aux Musées“, haut bekannt ënnert dem Numm Luxembourg Museum Days (Lumudays) zu Lëtzebuerg an d'Liewe geruff ginn, wou mëttlerweil all Joers ëm de Weekend vum 18 Mee eng Ronn 40 Museëen uechtert d'Land hir Diere gratis fir de Public opmaachen.

Dëst Joer gouf et déi éischte Kéier eng duebel Editioun vun de Lumudays, wou nieft dem „open doors weekend“ sur place, d'Museëen och eng digital Offer proposéiert hunn. Culture.lu huet bei de Coordinatricen Julie Reuter vun de stater muséeën an der Julia Kohl vum Ministère de la Culture nogefrot wéi d'Organisatioun hannert de Lumudays ofgelaf ass.

Organiséiert ginn d'Lumudays, och bekannt ënnert dem Motto „Hop Hop an de Musée“, vun den zwee aktuelle musealen Netzwierker, zum engen de Réseau "d'stater muséeën", deen zanter 2001 déi 7 Muséeën aus der Stad Lëtzebuerg regroupéiert, an zum aneren de Réseau "Musées Luxembourg" an deem sech säit 2008 déi regional Muséeën vum Lëtzebuerger Land erëmfannen.

Um internationale Museumsdag geet et drëms, den Accent op déi wichteg Aarbecht, déi d'Muséeën an eiser Gesellschaft leeschten, ze setzen. Virun all Editioun ginn d'Muséeën am Land gefrot ob se wëllen deelhuelen ënnert der Konditioun dass si de Weekend vun de Lumudays gratis hir Diere fir de Public opmaachen an zousätzlech eng Aktivitéit ubidden, déi vun enger Visite guidée bis hin zu Rallyen vir Kanner ka variéieren. D'Muséeë ginn heibäi aktiv encouragéiert, hir Iddien a Verbesserungsvirschléi innerhalb vun de Réseauxe matzedeelen.

No der Fermeture vun de meeschte Muséeën an anere Kulturhaiser weltwäit war et onkloer, ob den internationale Museumsdag an esou och d'Lumudays dëst Joer kënne stattfannen. D'ICOM International huet du kuerzerhand decidéiert, dëse wichtegen Dag an der Muséeswelt unhand vun enger digitaler Editioun ze valoriséieren. D'Stater Muséeën, wéi och déi regional hu sech ganz schnell un déi nei Form vun de Lumudays adaptéiert a séier eng digital Offer opgestallt. Well d'Muséeën zu Lëtzebuerg awer ganz ënnerschiddlech um Niveau vun der Gréisst an de Moyenë sinn, war et net fir all regional Muséeë méiglech esou séier op déi digital Editioun ëmzesteigen.

Wärend d'Muséeën nach un hirem digitale Contenu geschafft hunn, ass dunn de 4. Mee an enger Pressekonferenz vum Premierminister, Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch, Paulette Lenert d'Réouverture vun de Muséeë fir den 11. Mee annoncéiert ginn. Obwuel den Accent bei dëser Editioun op der digitaler Offer louch, huet sech plëtzlech d'Méiglechkeet gebueden, duerch déi nei Phase de Déconfinement, d'Muséeën och physesch opzemaache wann och ouni dat klassescht Encadrement vun Aktivitéiten. D'Iddi vun enger duebeler Editioun ass entstanen.

D'Muséeën an d'Coordinatricen hu sech séier missen un déi nei Situatioun adaptéieren. Et war eng grouss Erausfuerderung alles zäitgläich en Place se setzen. Engersäits hu misse schnell eng Rei sanitär Mesurë ëmgesat gi fir d'Reouverture vun de Muséeën, anerersäits stoung och déi digital Versioun vun de Lumudays kuerz virun der Dir, déi et an esou enger Form nach ni gouf.

D'Coordinatricen hu séier e Facebook Event en Place gesat, wou opgelëscht gouf wéi eng Muséeën op sinn a wien eng Digital Offer ubitt. Och vu Säite vun de Muséeën ass d'Kommunikatioun haaptsächlech iwwer Facebook an hir Websäite gelaf. Mat vill Kreativitéit an hire beschte Méiglechkeeten hu schlussendlech eng Ronn 20 Muséeën eng digital Offer era gereecht, déi iwwert de ganze Weekend via der Facebooksäit „Museumsmile“ gedeelt gi sinn.

De gréissten Deel vun de regionale Muséeën huet sech op eng digital Präsentatioun vun hirem Musée konzentréiert, mee och Live Streamen an een Online Quiz waren dobäi. D'Stater Muséeën déi scho länger 3D Visitte vun hiren Ausstellungen ubidden, haten scho wärend dem Confinement eng Rëtsch online Offeren erstallt déi si wärend de Lumudays erneit konnten ervirhiewen. Dernieft sinn och hei iwwert de Weekend live Streamen a live Visite guidéeën ugebuede ginn.

Déi digital Offer ass sécherlech e gudde Moyen verschidden Aspekter vun de Muséeë méi ze ënnersträichen an se op des Manéier méi zougänglech fir de grand Public ze maachen an eventuell doduerch och nei Visiteuren ze erreechen. Laangfristeg ersetzen si awer net dat Gefill een Original Objet direkt am Musée kënnen ze bestaunen.

D'Coordinatricë vun deenen 2 Réseauen an d'Mataarbechter vun de veschiddene Muséeën hunn zesummen a kuerzer Zäit wierklech eng flott Editioun vun de Lumudays op d'Been gesat. Op der Websäit vun der Museumsmile fannt dir déi verschidden digital Offeren, wou déi eng oder aner nach ëmmer zougänglech sinn: http://museumsmile.lu/event/luxembourg-museum-days/

Casino Luxembourg

Edward Steichen Collections  - CNA

© CNA

MNHA

Cité de l'image

© CNA

ARTICLES