Hannert de Kulisse vum "Groupe de travail déconfinement culturel"

23 juil. 2020
Hannert de Kulisse vum "Groupe de travail déconfinement culturel"

Auteur: Anouck Gengler

Och D'Kulturhaiser an d'Theatere si vum Lockdown am Mäerz net verschount bliwwen.

Op Initiative vun der Theaterfederatioun ass dunn Ufanks der Krise zimmlech séier de "Groupe de travail déconfinement culturel" gegrënnt gi fir zesumme Léisungen ze fanne wéi een de Secteur weiderhin oprecht erhale kann. Den Aarbechtsgrupp setzt sech aus Representante vun der Theaterfederatioun, dem Réseau vun den dezentraliséierte Kulturhaiser an awer och vu Representante vum Kulturministère zesumme.

Culture.lu huet beim Jérôme Konen, dem Direkter vum Mamer Kinneksbond an Member vum "Groupe de travail déconfinement culturel" nogefrot wéi engen Erausfuerderungen den Aarbechtsgrupp sech muss stellen.

Den Déconfinement culturel war nawell e bëssche méi eng komplizéiert Aufgab well zu deels op verschiddenen Niveauen huet misse geschafft ginn. Esou ass sech virun allem op déi dräi Voleten - dem Encadrement vun de fixen Employéeën, den externen Acteuren an natierlech dem Public - konzentréiert ginn. D'legislativ Aarbecht ass vum Kulturministère iwwerholl ginn, deen sech och ganz bewosst war mat wéi enge Problemer de Secteur ze kämpfen hat. An dësem Zesummenhang ënnersträicht de Jérôme Konen déi super Zesummenaarbecht mam Kulturministère. Am Aarbechtsgrupp selwer ass zesumme gekuckt gi wéi eng Mesuren ee ka vir déi verschidde Voleten en Place setzen déi dann a Form vu Feedback a Propositiounen beim Kulturministère agereecht si ginn.

Prioritäre war am Grupp fir ze kucke wéi d'Acteuren erëm esou séier wéi méiglech zréck op den Terrain kéinte goen. Heibäi ass sech vill um Ausland orientéiert ginn, wou een och op puer interessant Modeller gestouss ass, virun allem aus der Schwäiz, déi awer deelweis aus organisatoreschen oder ethesche Grënn vir Lëtzebuerg net ëmsetzbar waren,. D'Privatkontakter a soumat d'Privatsphäre vun den Acteuren zum Beispill op d'Extreemst ze limitéiere fir de Beruff ausüben ze kënnen, war fir Lëtzebuerg definitiv keng Optioun. Et si Guidelines erstallt gi fir d'Sécherheet vun de kreativ Schaffenden an de Respekt vun de sanitäre Mesuren ze garantéieren. Baséierend um Prinzip vun der Eegeverantwortung an zesumme mat anere Mesurë sur Place kënnen d'Artiste mëttlerweil erëm ouni Mask an ouni Distanz prouwen.

Dernieft sinn awer och d'Aarbechtsverträg adaptéiert gi mat sougenannte Covid19-Klauselen, déi genau reegele wat am Fall vun enger zweeter Well passéiert. Hei waren sech d'Produzenten eens dass een de Kënschtler misst ënnert d'Äerm gräifen. En plus dass séier een Ersatzdatum vum annuléierte Spektakel muss fonnt ginn, ass och festgehale ginn dass d'Artisten eng Indemnitéit kréie sollen, déi complementaire zu de staatlechen Hëllefen ass an esou de finanzielle Verloscht vun  dëssen ausgläicht. Obwuel d'Tresorerie vun de Produzenten net onendlech ass, sinn si ganz solidaresch vis à vis vun de Kënschtler un dëse Punkt erun gaangen.

E weidere Schwéierpunkt läit awer och nach bei der Mobilitéit vun de Kënschtler. Aktuell kënnen d'Frontalieren zwar ouni zousätzlech Restriktioune weiderhin op Lëtzebuerg schaffe komme mee fir d'Artisten déi sech aus dem Ausland heihin deplacéiere mussen ass d'Situatioun nach net gekläert. Hei wënscht sech den Aarbechtsgrupp dass dee Punkt, an de verschiddene bilateralen Accorden oder op mannst an enger Note festgehale gëtt, déi kloer dorop verweist dass si an hirer Mobilitéit net ageschränkt ginn. 

Wat den Accueil vum Public ugeet géif een sech nawell gären um Ausland orientéiere wou d'Distanz, ouni d'Droe vun engem Mask jeeweils op 1m oder 1m50 riets an lénks an de Säll festgehale gëtt. D'Restriktiounen zu Lëtzebuerg gesi momentan, ouni Mask, eng Distanz vun 2m op 360 Grad vir. Simulatiounen déi an deem Zesummenhang gemaach si ginn, hunn erginn dass esou eng 85% vun der Plaz verluer geet, wat à Part vum finanzielle Verloscht awer och een Impakt op d'Convivialitéit huet. Selbstverständlech geet d'Sécherheet vum Public vir an et vertraut een den Evaluatioune vum Gesondheetsministère, mee ganz ofgeschloss schéngt dee Punkt nach net ze sinn.
 
Entre-temps ass den Aarbechtsgrupp op Standby well momentan d'Virbereedunge vun der nächster Saison op Héichtoure lafen. D'Kulturhaiser probéieren natierlech sech der Situatioun unzepassen an dat bescht erauszehuele fir weiderhin d'Kultur engem gréisstméigleche Public zougänglech ze maachen. Esou gëtt dann och zum Beispill de Mamer Kinneksbond bis Ënn November an e Café-Théâtre emmodelléiert. Engersäits kommen esou eng puer méi Leit am Respekt vun de sanitäre Mesuren eran an anerersäits ass d'Stëmmung am Sall méi gemittlech vir an de volle Genoss vum Spektakel ze kommen.

De ganzen Aarbechtsgrupp huet sech misse mat villen Detailer ausernee setzen déi net ëmmer evident waren an deelweis och erëm séier hunn missen nei ugepasst gi well d'Consignë quasi vun Dag zu Dag geännert hunn. Et ass een awer och aus der Nout eraus zesumme gewuess an Theme wéi d'Ecoresponsabilitéit an den Developpement durable vun der Theater- an Danzproduktioun sinn op komm. Esou wäert ee sécherlech och an Zukunft nach zesummen deen een oder anere Projet ugoen.
Culture.lu seet dem Jérôme Konen nach eng Kéier Merci fir en Abléck an den Groupe de travail déconfinement culturel.

ARTICLES