3 Froen un d´Romy Grandgenet vun der Initiativ „D´Späicherliicht“

30 avr. 2020
3 Froen un d´Romy Grandgenet vun der Initiativ „D´Späicherliicht“

Auteur: Ministère de la Culture

„Kanner, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, sollen och a Kontakt mat der Lëtzebuerger Sprooch bleiwen.“

D´Spillschoulsjoffer an Autorin Romy Grandgenet kann de Moment hir Schoulkanner zwar net gesinn, mee hellt si awer op hirer Facebookesäit an hirem Youtube-Kanal „D´Späicherliicht“ mat an eng Welt voller Lidder a Geschichten.

Wat ass Ären Hannergrond?

Ech si Spillschoulsjoffer zu Luerenzweiler an Autorin vun zwee Lidderbicher an engem Kuerzgeschichtebuch fir Kanner. Ech hunn och laang Kannertheater a Stroossentheater gespillt. Säit ech selwer zwee Kanner hunn, bleift dat awer éischter op der Stréck an ech gi just nach heiansdo mat mengem Märchekoffer de Kanner Geschichten als Objettheater virspillen.

Wéi ass d´Iddi fir de Projet entstanen?

Am Ufank wollt ech kleng Videoe fir meng Schoulklass dréinen. Engersäits, fir dass si mech gesinn, wann si no mir verlaangeren, awer och fir dat d'Kanner, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, a Kontakt mat der Lëtzebuerger Sprooch bleiwen. Schnell hunn ech awer gemierkt, datt dat gutt ukënnt, an decidéiert eng Facebooksäit an e Youtube-Kanal ze maachen, fir datt méi Kanner kënnen dovu profitéieren.

Wéi vill Virbereedunge stiechen hannert dëse Videoen?

Et stécht warscheinlech méi Virbereedung hannendrun, wéi e mengt. Iddien hunn ech genuch, well ech meeschtens mat Lidder a Geschichten aus mengen eegene Bicher schaffen. Et sinn och puer nei Saachen dobäi, mee ech maache mir do keen Drock. Wann ech eng nei Iddi hunn, setzen ech déi ëm, wann net, schaffen ech mat mengen ale Saachen. Wat Zäit kascht, ass d'Ophuelen, well ech sinn technesch guer net gutt equipéiert heiheem. Virun der Kamera ze schwätzen ouni Publikum, dat ass nei. Am Ufank war et komesch, mee ech hu mech awer elo schonn dru gewinnt. Mäi Mann hëlt d'Videoe mat engem Handy op a mat engem selwer gebastelte Stativ. Mir schneiden d'Videoen net, dofir muss alles direkt sëtzen. Wann ech mech verspillen, oder meng Kanner jäizen am Hannergrond, kann ech erëm vu vir ufänken. Well mir net gutt equipéiert sinn, ass et och net perfekt, mee ech denken, dofir ëmsou méi authentesch.
 

ARTICLES