3 Froen un de Pit Vinandy vun der "Poppespënnchen"

20 avr. 2020
3 Froen un de Pit Vinandy vun der "Poppespënnchen"

Auteur: Ministère de la Culture

"De Live ass e feste Rendez-vous fir d´Kanner a bréngt och fir Kënschtler erëm e Rhythmus an d'Liewen, wou de Moment all Rhythmus praktesch verluer gaangen ass."

Och fir d'Kanner gëtt et zur Zäit keen Theaterprogramm op der normaler Bün. D'Figurentheaterhaus Poppespënnchen bitt de Kanner awer eemol an der Woch sonndes um 15h30 e Live-Poppespill. Doniewent präsentéiert de Pit Vinandy mam Hoplabum Live och een deeglecht, interaktivt Format aus senger eegener Stuff.

Wéi ass d'Iddi fir dëse Projet entstanen?

Déi nei Saison vun der Poppespënnchen sollt elo am Mäerz ugoen. Normalerweis spille verschidde Gruppen aus Lëtzebuerg an dem noen Ausland zu Lasauvage am Figurentheaterhaus Poppespënnchen an op anere Plazen. Mam Bimbo Theater war virgesi fir am Musée um Fëschmaart opzetrieden, mee well dat näischt gouf, ass d'Iddi entstanen, fir dat vun doheem aus ze maachen. Et si sechs Virstellunge vu verschiddene Gruppen, déi all Sonndeg um 15h30 live gestreamt ginn. Dës Initiativ gëtt vum Kulturministere ënnerstëtzt. Mir loossen d'Optrëtter dono net méi laang online stoen, well et zum Deel ganz nei Virstellunge sinn a si sollen och nach dono virum Public gewise ginn. Wa mir se Wochen a Wochen online loossen, dann huet jiddereen se gesinn a da fäerte mir, datt wann de Confinement eriwwer ass, kee méi an den Theater kennt. Doniewent gëtt et och nach den Hoplabum Live, deen ech all Dag um 16 Auer direkt aus menger Stuff streamen. Kanner kënnen och selwer Videoe mat hiren Aktivitéiten, Lidder etc. eraschécken.

Wéi organiséiert Dir Iech fir de Live? Ass d'Poppespill e Format, dat och gutt online funktionéiert?

Et ass deels relativ komplizéiert fir et online ze presentéieren. Den Hoplabum Live war elo bëssi méi einfach, well ech et gewinnt sinn och eleng an enger Stuff ze spillen. Mee et muss een awer kucken, dat een doheem op e puer Meter Carré an engem Appartement eens gëtt. Mir hu missen en Zëmmer condamnéieren, dat mir just fir den Hoplabum ageriicht hunn. Mam Bimbo Theater ass et méi komplizéiert, well deen ass geduecht, fir op enger grousser Bün ze spillen. Do hu mir dann decidéiert den Dekor ze reduzéieren. Mir haten e ganz speziellen Dekor fir de Fëschmaart, dee mir elo ëmgebaut hunn, fir en awer an d'Zëmmer eranzekréien. An et ass och eng Erausfuerderung fir sech z'organiséiere fir dat ze spillen. Den Hoplabum spillen ech eleng, dat ass e bëssche manner problematesch. Mee wann een eleng ass, huet een och mol e Problem mat der Regie oder mam Mikro, deen op eemol net méi geet. Fir de Bimbo Theater spille mir awer normalerweis zu zwee. An do gëtt et komplizéiert. Well mir sinn zwou Persounen, déi net zesumme wunnen. Mir kënnen also net zesumme kommen fir dat an deem klenge Raum hei ze spillen. Dat wier jo géint d'Reegelen. De Plang ass elo, datt den Toun vum Stéck am Viraus ganz opgeholl gëtt. Et ass also e Marionettespill mat Playback. Et war einfach net anescht méiglech. Meng Fra spillt elo och mat, obwuel si dat net gewinnt ass. Et ass also eng Ëmstellung fir eis all. Den Opwand ass wierklech méi grouss, wéi mir geduecht haten. Wann ech e Lidd sangen oder eppes erzielen a just mech eleng filmen, dann ass dat manner opwänneg, wéi Poppentheater, deen normalerweis op enger grousser Bün leeft. Mee ech sinn dankbar, well mam Poppentheater hu mir awer nach d'Méiglechkeet eppes ze maachen. Wat eis awer feelt, ass de Feedback vun de Kanner wa mir live spillen. Mat de Kanner ass et e Spill mat Fro an Äntwert, wou mir doropshin och nach improviséieren a mat hinnen interagéieren. D'Kanner spille praktesch mat, mee dat fält hei ewech. Déi Spontanitéit, datt d'Kanner kënne matspillen an d'Stéck doduerch all Kéiee anescht gëtt, geet leider verluer.

Wéi wichteg ass esou e Projet fir Kanner an dëser Zäit a géift Dir de Format och dono gäre weidermaachen?

Et ass ganz wichteg fir d'Kanner, besonnesch, wa si selwer matmaache kënnen. Mir probéiere mam Hoplabum Live fir all Dag eppes fir d'Kanner ze hunn, wat tëschent enger hallwer Stonn an enger Stonn dauert. Do hu mir bësschen aner Methode gesicht, fir datt d'Kanner och wierklech kënne live dobäi sinn. Mir sangen zum Beispill live ëmmer eist Lidd an da kënnen d'Kanner doheem och matsangen. Beim Hoplabum Live kënne mir och den Chat liesen a d'Kanner erzielen, wat si den Dag iwwer gemaach hunn. Dat gëtt dann eng flott Interaktivitéit. Mäi Meedche Lilou ass och gären dobäi. Beim Poppentheater ass och d'Relatioun zu de Kanner ganz flott, well si dacks besser op eng Popp uschwätzen wéi op e Mënsch. Et ass eng witzeg Aart a Weis fir mat de Kanner ze kommunizéieren. Mir weisen och gäre Videoe vun de Kanner. Fir mech ass et wichteg, datt eng Interaktioun entsteet, datt et net nëmmen einfach wéi e Fernseeprogramm ass, wou si sech virdru setzen. Et ginn natierlech och vill international Formater, mee wann d'Kanner op Lëtzebuergesch schwätze kënnen, da fanne ech dat méi interaktiv an si sinn och selwer méi agebonnen. An de Moment si mir och all ganz decaléiert an ouni Rhythmus. De Live ass e feste Rendezvous fir d'Kanner a bréngt och fir Kënschtler erëm e Rhythmus an d'Liewen, wou de Moment all Rhythmus praktesch verluer gaangen ass. Mir iwwerleeën fir och dono eemol an der Woch live sou e Format weiderzeféieren, zu enger Zäit, wou d'Kanner och doheem sinn, vläicht de Weekend oder owes um 7 Auer als eng Aart Sandmännchen. Op alle Fall ass et och eng flott Erfarung, well mir hu misse kreativ ginn. Mee mir wëssen jo elo nach net, wéi laang mir nach kee richtegen Theater maache kënnen.