KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAT MAD TRIX - Part 1

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAT MAD TRIX - Part 1

05 oct. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeene? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskenbildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dat a villes méi gidd dir béi KulturPur gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir an kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis dräizéngt Emissioun hunn mir de hunn mir de Kënschtlerkollektiv Mad Trix béi eis am Studio.  

Op Sounddesign, sensor technology oder surround projection, de jonken Kënschtler Kollektif schéit net virun kreativen Erausfuerderungen eweg. Wéi déi aus 4 ganz ennerscheedlech kommend Kënschtler eenzegarteg Installatioun créieren, Immersive Espacer erschaafen an mat interaktiven medien schaffen, gitt dir gläich gewuer.  

Mir hunn déi multidisciplinär Equipe getraff fir méi iwwert New Media Installatiounen an hier néisten Projeten eraus ze fannen.

Méi Informatiounen zum Thomas an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Unison Studios

Unison Studios ass en Opnam-, Produktiouns- a Mediekompositiounsstudio zu Déifferdeng wou Produzenten, Komponisten, Museker, Sounddesigner a Soundingenieuren zesumme schaffen. D’Ariichtungen zu Déifferdeng si fir modern a professionell Museksproduktioune gemaach, vun der Opnam bis zum Mësche vun all Typpe vu Musek. Hei kënne Museker, Bands an Interprete beim Songwriting oder soss musikalesche Projete gehollef kréien.

  • Focus 

Focus ass eng Film an Artist Management Boîte déi audiovisuell Servicer ubitt an sech em de Marketing a Project Management am Entertainment Business këmmert.

  • Konektis Entertainment

Konektis ass déi alleréischt Talent Booking Agency zu Lëtzebuerg mat Sëtz am 1535 zu Déifferdeng. Si verbanne kreativ Talenter aus de verschiddenste Beräicher (Musek, Konscht, Moud, danz, Literatur, asw.) mat de richtegen Talentkeefer.

  • Internetkonscht

Internet Konscht, och bekannt als net art, ass eng Forme vun neier Mediekonscht déi iwwert den Internet verdeelt gëtt. A ville Fäll gëtt de Betrachter an eng Art Interaktioun mam Konschtwierk gezunn. Internetkonscht limitéiert sech net net nëmmen op Konscht déi einfach digitaliséiert an erop geluede gëtt. Et geet villméi dorëms dass dës Forme vu Konscht net ouni den Internet als Ganzt kann existéieren.  

  • Bliiida Netz

Änlech wéi d'Rotondes zu Bouneweg oder d'Kulturfabrik zu Esch ass de Bliiida e bekannten tiers-lieu culturel zu Metz. Ronn 150 Kënschtler, Handwierker, Entrepreneuren, Associatiounen, Institutiounen, grouss Firmen a Medie kommen op dësem atypesche  Site zesummen, dee mat Event- a Versammlungsraim, Büroen, Coworking -Ariichtungen a Makerspace ausgestatt ass.

  • Laura Mannelli

D’Laura Manelli ass eng lëtzebuergesch Architektin a Kënschtlerin déi säit Joren am Beräich vun der Virtual Reality an der digitaler Konscht schafft. Als Resultat huet si eng multidisziplinär Approche fir Architekturexperimenter entwéckelt, déi tëschend virtuellen a reale Raim verankert ass. Hier Technik gëtt als Kräizung tëscht virtueller Konscht, virtueller Realitéit , Videospiller an Architektur beschriwwen.

  • Karolina Markiewicz & Pascal Piron

D'Karolina Markiewicz  (1976) an de Pascal Piron (1981) hunn 2013 als artisteschen Duo ugefaangen zesummenzeschaffen nodeems béid Joren am Beräich vum Theater, der Philosophie, der visueller Konscht an der Molerei geschafft hunn. Den Duo ass fir hier Kuerzfilmer bekannt déi sech staark op d’Roll vum Mënsch an der Gesellschaft fokusséieren. Et geet béid Kënschtler dorëms déi sozial, kulturell a politesch Froen ze ënnersichen déi sech aus dem onënnerbrachene Migratiounseffekt erginn, déi d’gesellschaftlech Dynamik vun eiser Generatioun därmoosse verännert. 

E puer vu Mad Trix hiere Projeten:

  • Neu.Bau, Kammgarn Kaiserslautern, 2018
  • Trialogue, Sirens Call, 2019
  • A Love of Y2K, Villa Vauban
  • Uncanny Valley
  • Liquid Beats, Sirens Call, 2018
  • My identity is this expanse, 2020
  • Trinity, The Uncanny Valley, 2018
  • Soundcolours, Abbaye Neumünster, 2021
  • Game ofExistence, Brave New World Order, 2020
  • Nénuphars, Waterwalls Festival 2021

Wëll dir méi iwwert Mad Trix an hier verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

https://www.mad-trix.com/

https://www.1535.lu/members/mad-trix

https://www.facebook.com/madtrixxx

https://www.instagram.com/_mad_trix_/