KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM TANIA SOUBRY - PART 2

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM TANIA SOUBRY - PART 2

29 nov. 2021
En collaboration avec Radio ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskenbildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dat a villes méi gitt dir béi KulturPur gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen. Schéin dass dir mat dobai sidd!

An der leschter Episode huet eis déi lëtzebuergesch Dänzerin Tania Soubry erkläert wéi hatt Theme wéi Human Consciousness, Inner Peace a Vibrant Matter a sengem Schaffe verkierpert a mat senge Performancen op politesch an ekologesch Problematike well opmierksam maachen.

Am zweeten Deel vun dëser Episode zielt Tania eis vu senger Soundinstallation Brave New Rave a senger Faszinatioun fir d’Rave Beweegung déi eng grouss Inspiratiounsquell fir d’Dänzerin a Choreographin duerstellt.

Méi Informatiounen zum Thema an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Parts

D'Performing Arts Research and Training Studios (PARTS) ass eng international Schoul fir zäitgenësseschen Danz a Choreographie déi zu Bréissel baséiert ass.

  • Bernard Baumgarten

De Bernard Baumgarten ass e lëtzebuergeschen Dänzer, Danzpedagog a Choreograph deen no enger internationaler Danzkarriär zréck zu Lëtzebuerg ass. Säit 2007 ass hien den artisteschen Direkter vum Trois C-L (Centre de création choréographique luxembourgeois) an der Banannefabrik zu Bouneweeg.

  • Adhoc

Adhoc ass déi éischt Wunngenossenschaft zu Lëtzebuerg mam Ziel nei Forme vu Wunnraum ze fërderen a “Co-housing” Projeten ze entwéckelen. D’Kooperativ stellt hire Membere Wunnraum zur Verfügung déi um Prinzip vum sozialen Zesummeliewe baséiert. D’Gebaier ginn no ekologesche Krittäre gebaut an d’Wunnkäschte léien däitlech ënnert dem Marchéspräis.

  • Kimatika Studio

Kimatika Studios ass e “Creative Studio” dee Perfromancekonscht mat interaktiver Technologie an dem mënschleche Kierper kombinéiert fir experimentell an tranformativ Erfarungen ze kreéieren.

  • Trance Dance

Trance Dance beschreift eng Praxis béi der een duerch Danzen an en “état de trance” bruecht gëtt. Dobäi gi heiansdo speziell Otemtechnike wéi zum Beispill Hyperventilatioun benotzt. Dës Praxis gëtt a ville Kulture fonnt a gëtt oft mat Ecstase verbonnen. An verschiddene Kulture gëtt den Trance Danz meeschtens an engem reliéise Kontext opgefouert a mat Kultaktivitéite verbonnen. Den Trance Danz ass dacks e Gemeinschaftsdanz vun engem Naturvollek oder en individuellen Danz vun engem Shaman. Och am Beräich vun der westlecher Esoterik an der alternative Psychotherapie vum “New Age” gëtt Trance Dance praktizéiert.  

  • Rave Beweegung

Aus dem Englesche “rasen, schwäermen, toben, fantaséieren”, ass d’Rave e Begrëff fir Danzevenementer mat elektronescher Musek, déi wärend der Acid House Beweegung nom “Second Summer of Love” am Joer 1989 geschaf gouf. Op dëse Parteie gouf fir d'éischte Kéier de konzeptuelle Fokus op ekstateschen Danz geluecht. Am Mëttelpunkt stinn och éischtmoleg DJs. En änlecht Konzept gouf et schonn a Form vun Diskothéiken, mee net als “One-off-Event”. Dës nei Eenzelveranstaltunge goufen op speziell preparéierte Plaze wéi Concertssäll, Lagerhaiser, oder eidelen Haiser ofgehalen.

E puer vum Tania senge Projeten

  • DJ Whimsy or what will the climate be like?, 2022
  • (Brave (K)new R/Wave) Listening Space, 2021
  • Down to Earth, 2021
  • Soul-scapes, 2021
  • Fake Better, 2018
  • The Shakes, 2018
  • Transcendance, 2018
  • Undo, 2018
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert d’Tania an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

http://taniasoubry.com/

https://www.instagram.com/taniasoubry/

https://www.facebook.com/profile.php?id=695592387

https://www.danse.lu/artistes/tania-soubry/

ARTICLES