KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM STEVE GERGES - PART 1
KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.
Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskenbildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dat a villes méi gitt dir béi KulturPur gewuer.
Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen. Schéin dass dir mat dobai sidd!
Fir eis zwanzegst Emissioun hunn mir de Motion Designer Steve Gerges bei eis am Studio.
Vun engem improviséierten Optrëtt als Visual Jockey am Atelier, iwwert d’Matwierken an der Elektro Band Artaban a Video Mapping fir Visual Delight, fir de Motion Designer Steve Gerges ass kee Challenge grouss genuch wann et em Digital Konscht geet. Wien beim Multiplica Festival an de Rotondes dobäi war konnt dem Steve seng Begeeschterung fir d’Arts Numériques duerch seng Installatioun Rise of the Machine live mat erliewen.
Wéi hien e Soundtrack vun der Nasa an ee vu senge Projete mat agebonnen huet an wat et mam Projet Spectrum op sech huet, gitt dir hei gewuer!
Méi Informatiounen zum Thema an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.
- Artaban
Déi lëtzebuergesch Elektroband Artaban gouf 2006 vun de Bridder Charles a Max Nilles gegrënnt. De Steve Gerges huet eng Zäit als Visuel Jockey an der Band mat gewierkt.
- Multiplica
Beim Multiplica Festival deen all 2 Joers an de Rotondes zu Bouneweg stattfënnt dréit sech alles em Digital Konscht. Kënschtleresch Installatiounen an audiovisuell Performancë sollen dem Public d’Potenzial weise wat een alles mat digitaler Konscht maache kann.
- Yves Conrardy
Den Yves Conrardy ass Programmateur vum soziokulturellen Departement an de Rotondes an coordinéiert ënnert anerem de Festival des Arts et Réalités Numériques Multiplica.
- Bamhaus Dummeldeng
D’Bamhaus ass eng kreativ Agence an e co-working Space zu Dummeldeng. Hei gi kreativ Konzepter kreéiert an audiovisuell Produktioune vun A bis Z gemanaged. Am Bamhaus fannt dir eng Gemeinschaft vun onofhängege Kreativschafende mee et fannen och kulturell Evenementer, Projektiounen, Konschtausstellungen a villes méi statt.
E puer vum Steve a senge Projeten:
New Media
- Spectrum, Kufa’s urban Art, Esch, 2021
- Futur is now, Design Decameron, Cercle Cité, 2020
- One, Bourse Focuna, galerie indépendante de la BIL, 2019
- Fields, CeCils’s Box. Cercle Cité, 2019
- Rise of the Machines – Multuplica, Rotondes, 2017
- LAN 1.0, Carré Rotondes, 2014
Commercial
- Nei Revue, 2019
- Arch Summit, 2019
- Unesco – Man and biosphere, 2019
- Radio 100,7, 2018
- Tango 20 ans, 2018
Wëll dir méi iwwert de Steve an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:
https://www.facebook.com/steve.gerges
https://www.kufasurbanartesch.lu/event/intervention-steve-gerges
Les plus populaires
- 03 sep. 2024
- 27 aoû. 2024
- 07 aoû. 2024
- 30 aoû. 2024
ARTICLES
Articles
10 sep. 2024La(rt) Sauvage : Alexandra Uppman et Viktoria Vanyi
Articles
05 sep. 2024Les œuvres d‘art et le temps 2/2
Articles
05 sep. 2024