KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM SANDRA BIEWERS

Zu Gaascht an dëser Episode vu KulturPur ass d’Sandra Biewers vun Inktologie. Hat ass säit 20 Joer Tattooartistin an huet déi ganz Entwécklung vun der lëtzebuergescher Tattoo-Scene matgemaach. Dat heiten ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt era falls dir méi iwwert d’Tattoowelt gewuer wëllt ginn.
Dat heiten sinn d’Themen déi mir an dëser Episode uschwätzen:
- Wéi huet d’Tattoowelt zu Lëtzebuerg viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut?
- Burnout bei Kënschtler:innen – D’Wichtegkeet “Nee” zu Opträg kënen ze soen.
- Gesetzer déi Tattoofaarwen verbidden: Wat ass genau do lass?
- Instagram Q&A: D’Sandra beäntwert är Froen!
- Medizinesch Tattoos: 🎗Wéi profitéiere Broschtkriibs Patient:innen oder Persounen déi eng Geschlechtsëmwandlung kruten dovun?
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
33:22 Xavier Rudd – Follow The Sun
45:59 The Doors – People Are Strange
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Les plus populaires
- 01 fév. 2023
- 02 fév. 2023
- 20 jan. 2023
- 25 jan. 2023
Plus
Articles
03 fév. 2023Johny Fritz, musicien protéiforme
Articles
02 fév. 2023« Anne Simon & Nora Koenig » We can have it all
Articles
01 fév. 2023