KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM MAZ

An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka MAZ zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d’Trennung vu Frëndschaft a Business - kann ee mat gudde Kolleege produktiv schaffen? D’Äntwert dozou a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer.
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
37:48 MAZ - Good Shit
10:54 MAZ - Upside Down
Folgt dem MAZ op Instagram.
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht - Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.
Artistes
Auteurs
Les plus populaires
- 02 avr. 2025
- 20 juil. 2023
- 20 mar. 2025
- 27 mar. 2025
ARTICLES
Articles
25 avr. 2025Mini PICelectroNIC
Articles
24 avr. 2025Poésie volcanique
Articles
23 avr. 2025RÁPIDO
RÁPIDO