KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Martine Pinnel

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Martine Pinnel

09 aoû. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis néngt Emissioun hunn mir déi Lëtzebuergesch Fotografin Martine Pinnel béi eis am Studio.  

Fir grouss Marke wéi Reebook, Levis oder Adidas ze shooten ass dem Martine an sengem kreative Schaffen net duer gaangen. Déi geléiert Fotografin wëllt d’Léit zum Nodenke bréngen, méi gesellschaftskritesch sinn an Tabuthemen déi him wichteg sinn opschaffen. Duerch seng Studien zu San Francisco huet d’Martine och seng Léift fir d’Reesen a virun allem fir d’Wüüst entdeckt, vun der hatt sech ëmmer rëm fir seng Fotoen inspiréiere léisst.

Mir hunn eis mat der begeeschtert Fotografin zesumme gesat fir méi iwwert d’Liewen an den USA an seng gréisst Inspiratiounsquellen eraus ze fannen.

Méi Informatiounen zum Martine an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Acadamy of Art University

D’Academy of Art University ass 1929 gegrënnt an ass déi gréisste privat akkreditéiert Konscht- an Designschoul an den USA. Hei kann een nieft Fotografie ënner anerem och Schauspill, Fashion, Illustratioun, Animatioun, Webdesign, Architektue, Museks Produktioun a villes méi studéieren.

  • La Fondation van Werveke-Hanno

D’Stëftung van Werveke-Hanno verdeelt säit 2002 Boursse fir Studenten, déi zu Lëtzebuerg wunnen an Architektur oder Konscht studéieren. D’Boursse belafen sech op 5'000 Euro a gi op Basis vum akademesche Merite, Studiefortschrëtt an ausserschoulesche Projete ausgezeechent.

  • New Exposure Contest by VOGUE, Bottega Veneta a Red

D’New Exposure Photography Competition gouf 2012 an d’Liewe geruff fir talentéiert Fotografen ze entdecken déi d'Welt vun der Moud an de kommende Jore formen. Am Martine Pinnel sengem Context huet sech e Panel vun Industriexperten am Bottega Veneta Studio zu New York zesummekomm fir aus 650 Kandidaten 10 US Finalisten an 10 international Finalisten eraus ze sichen.

  • Milk Gallery

De Milk Group besteet aus 7 Entitéiten, ënner anerem enger Agentur, Studioen, Produktiounsservicer an enger Make-Up Linn. Als vollstännegen, kreativen Atelier këmmert sech de Milk Group vum kreative Prozess iwwert d’Konzeptualiséiere vun Iddien zu Produkter. Zum Milk Group gehéiert souwuel eng Fotostudio zu New York an zu Los Angeles.

  • Salton Sea

D’Salton Sea ass e Séi mat héijer Salz Konzentratioun um San Andrea fault am südlechen Enn vum US Staat Kalifornien. An de 50er a 60er Joere gouf d'Géigend zu zu enger attraktive Vakazen Destinatioun mat Hoteller a Vakanzenhaiser. D'Vullenobservatioun war ganz populär well d' »Wetlands » e wichtege Raststopp op der « Pazifik Flyway » war. An den 80er Joere huet d'Kontaminatioun vu Bauerenhäff den Ausbroch an d'Verbreedung vu Krankheeten extrem beschleunegt. Massiv Doudesfäll vu Vullenpopulatioune sinn opgetrueden, besonnesch nom Verloscht vu verschiddenen Aarte vu Fësch vun deenen se ofhängeg sinn. Ab 1999 huet de Séi ugefaangen zréck ze goen an den Tourismus ass ëmmer méi zréck gaangen. 20 Joer drop huet de Palm Springs Life Magazin déi ökologesch Situatioun als déi gréissten Ëmweltkatastroph an der Kalifornescher Geschicht zesummegefaasst.

  • Queens of the Stone Age

Queens of the Stone Age ass eng amerikanesch Rockband déi 1996 zu Palm Desert a Kalifornien gegrënnt gin ass. D'Band gouf vum Sänger a Gittarist Josh Homme gegrënnt, deen deen eenzege konstante Member iwwert d’Jore bliwwen ass.

  • Open Circle

Open Circle ass en néie Projet vum CAL – Cercle artistique de Luxembourg am Kader vum Kulturjoer Esch2022.

Dräi jonk Kënschtler goufen invitéiert e Kënschtler Member vum CAL ze wiele mat wiem se eng innovativ Zesummenaarbecht un engem kreativen, plasteschen a artistesche Projet ufänken, dee wärend der Ausstellung vum Ufank Mee bis Enn Juni an der Galerie "Schlassgoart" virgestallt gëtt am Kader vun der Ausstellung. vum Kulturjoer 2022. D'Artist Duoe sinn: Martine Pinnel & Sandra Lieners, den Alain Welter & Jean-Marie Biwer an d’Floriane Soltysiak & Tom Flick.

  • Sandra Lieners

D’Sandra Lieners ass eng lëtzebuergesch Molerin déi 2018 Laureatin vum Pierre Werner Prais war. No sengem Studium op der University of Applied Arts zu Wien wunnt a schafft d’Sandra Lieners zu Lëtzebuerg.

  • Bartleby Delicate

De George Goerens (aka Bartleby Delicate) ass bekannt fir säin zäitgeméisse Folk a seng loop-orientéierter Elektronik. Hien ass och de Sänger vun der lëtzebuergescher Band Seed to Tree.

E puer vum Martine senge Projeten: 

  • Screening vum Kuerzfilm “Sea Dream Avenue”, Female Filmmakers Festival zu Berlin, Däitschland
  • “Salon du CAL” 8Cercle Artistique de Luxembourg), Tramschapp, Lëtzebuerg
  • “Bombay Beach Biennnale” zu Bombay Beach, Kalifornien, USA
  • “Art2Cure, Ronald Feldman Gallery zu New York, USA
  • Ausstellung a Screening vum Kuerzfilm “Sea Dream Avenue”, Kulturfabrik, Esch-sur-Alzette, Lëtzebuerg
  • “Art2Cure”, galerie l’Indépendance, Banque Internationale, Lëtzebuerg
  • “Solo Show”, Consulate General of Luxembourg in san Francisco, USA
  • Finalistin béi der “New Exposure” Show, Milk Gallery, new York, USA
  • Asw.

Auszeechnungen a Subventiounen

  • Bourse “CLICHE.LU” for individual artists, Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, 2021
  • Bourse “CLICHE.LU” for teachers, Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, 2021
  • Bourse “Résidence à domicile”, Ministère de la Culture, 2021
  • Award Nomination Best Cinematographer for “Sea Dream Avenue” short film, Arizona Short Film Festival
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert d’Martine an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

https://www.martinepinnel.com/

https://www.instagram.com/martinepinnel/

https://www.facebook.com/martinipinnel

https://www.cal.lu/documents/autres-evenements/open-circle/martine-pinnel_bio.pdf

ARTICLES