KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Konstantin Rommelfangen

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Konstantin Rommelfangen

23 aoû. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer.

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis zéngt Emissioun hunn mir de Lëtzebuergesche Schauspiller Konstantin Rommelfangen béi eis am Studio.  

D’Loscht op der Bün ze stoe war fir de Konstantin vu klengem un do. D’Entscheedung Schauspillerei zum Beruff ze maachen ass dem jonke jonke Lëtzebuerger par contre net esou liicht gefall. No e puer Emweer hannert an nieft der Bün huet Sitecome Comeback hien dunn iwwerreecht de Schrëtt ze woen an sech op diverse Schauspillschoulen ze mellen.

Wéi et dem Konstantin beim Virspillen an den diverse Castinger ergaangen ass a wéi hien d’Roll vum Steve an der lëtzebuergescher Krimi Serie Capitani ergattert huet, gitt dir hei gewuer!

Méi Informatiounen zum Konstantin an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Bernard Michaux

De lëtzebuergesche Produzent a Dréibuchauteur Bernard Michaux ass ënner anerem bekannt fir seng Filmer Colectiv (2019), Tel Aviv on Fire (2018) a Where is Anne Frank (2021). No sengem Studium op der “University of Television and Film” zu München huet de Michaux 2006 Lucil Film gegrënnt deen 2015 mat Samsa Film fusionéiert huet.

  • Comeback  

Déi vum Bernard Michaux produzéiert Sitecome Comeback (2012-2013) ass déi zweet lëtzebuergesch Sitecome déi op der lëtzebuergescher Tëlee ausgestraalt gouf. E wichtegen Aspekt vum Konzept war et verschidden Regisseuren un den Dréiaarbechten vun den Episoden deel huelen ze loossen. Dat ganzt huet sech an der Bouneweeger Stuff ofgespillt.

  • Richtung22

Richtung22 ass e Kënschtlerkollektiv dee satiresch Filmer an Theaterstécker produzéiert, a mat Hëllef vu Konscht-Aktiounen, Konscht-Campagnen, enger Radiossendung a ville klengen Initiativë versicht kreativ Kritik ze äusseren a soumadder wichteg Diskussiounen ze lancéieren. De Kollektiv ass bekannt fir ze polariséieren, Problemer siichtbar ze maachen an d’Konscht aus “hirem elitäre Kader” ze rappen.

  • Capitani

Capitani ass eng lëtzebuergesch Kriminaldramaserie vum Thierry Faber, Eric Lamhène a Christophe Wagner déi den 1. Oktober 2019 op RTL Télé Lëtzebuerg Première hat. D’Série gouf ronn 2 Joer spéider op Netflix verëffentlecht an huet soumadder fir grouss international Opmierksamkeet gesuert. Dréiharbeschten fir déi 2. Staffel sin am März 2021 ugelaaf. Capitani ass déi éischt lëtzebuergesch Krimiserie souwéi déi éischt Netflix Serie vum Land.

  • Sophie Mousel

D’Sophie Mousel huet vun 2011-2015 op der privater Schauspillschoul Cours Florent zu Paräis studéiert an ass säitdeem a Film, Fernsee- an Theaterproduktiounen ze gesinn. Zu senge bekanntste Filmer gehéiere Souvenir, Skin Walker, Nicky Larson et le parfum de Cupidon, Capitani an An Zéro.

  • Emile Schlesser

No sengem Studium op der Kunstakademie Düsseldorf huet den Emile Schlesser divers Kuerzfilmer gemaach, ënner anerem Roxy (2015) an Vis-à-Vis (2020). Mat Superhero (2020) gewennt den Emile Schlesser d’lescht Joer den 13th Street Shocking Short a kritt domadder d’Méiglechkeet un engem Förderungsprogramm vun den Universal Studios zu Hollywood deel ze huelen.

  • Max Jacoby   

De Max Jacoby deen op deen op der London Film School studeiert huet ass virun allem fir sein Kuerzfilm Butterflies fir deen hien 2005 um Film Festival zu Venedeg mam Best European Short film Prais ausgezeechend gin ass.   

E puer vum Konstantin senge Projeten:

  • Himbeeren mit Senf, Kinofilm, 2020
  • An Zéro, Kinofilm, 2020
  • L’enfant caché, Kinofilm, 2020
  • Hinterland, Kinofilm 2020
  • Was heisst hier Liebe?, Theater, 2020
  • Rote Nelken für Herkul Grün, Theater, 2020
  • Das letzte Feuer, Theater, 2020
  • Jugend ohne Gott, Theater, 2019
  • Is that like your real job?, Shortfilm, 2019
  • Capitani, TV Serie, 2018
  • Zëmmer ze verlounen, TV Serie, 2018
  • Superjemp retörn, Kinofilm, 2017
  • Asw.

Wëll dir méi iwwert dem Konstantin an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

https://www.actors.lu/members/rommelfangen-konstantin/

https://www.schauspielervideos.de/fullprofile/schauspieler-konstantin-rommelfangen.html

https://www.imdb.com/name/nm4141960/

https://www.facebook.com/konstantin.rommelfangen

ARTICLES