KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Hisae Ikenaga

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Hisae Ikenaga

31 mai. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur - De Podcast fir en aneren Abléck an d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg. 

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer. 

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis véiert Emissioun hunn mir d’Kënschtlerin Hisae Ikenaga op Besuch.

Déi gebierteg Mexikanerin lieft zanter bësse méi wéi engem Joer zu Lëtzebuerg an huet am November déi 3. Editioun vum Luxembourg Encouragement for Artist Prize gewonnen. An senger Konscht beschäftegt d‘Hisae sech haaptsächlech mat alldeegleche Géigestänn deenen hatt eng aner Bedeitung gëtt. Säin Atelier huet hatt am Bamhaus zu Dummeldeng.

Firwat Theme wéi Ironie an Absurditéit ëmmer rëm an senger artistescher Aarbecht optauchen, gitt dir hei gewuer.

Méi Informatiounen zum Hisae an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Dadaismus

Den Dada ass matten am éischte Weltkrich (1916), am Cabaret Voltaire zu Zürech, entstanen. Ganz änlech wéi den Numm entstanen ass zeechent sech den Dada duerch kee genaut Konzept aus. Villméi geet et drëms all bestoend Konzept ofzeleenen. Mat Dada Haaptstied wéi Zürech, Berlin, Hannover, Paräis oder New York, breet sech den Dada schnell an der ganzer Welt aus. Den 1. Weltkrich ass en zentraalt Thema fir Dada Kënschtler a gëtt als Protest géint d’Gesellschaft a géint fréier Konschtstiler ugesinn. D’Fotomontage ass och e wichtege Bestanddeel vun dëser néier Konschtrichtung. D’Fotografie déi zu der Zäit nach relativ jonk ass erlaabt et den Dada Kënschtler hire Biller eng Wierkung ze gi déi virdrun net méiglech war. En aner wichtege Bestanddeel an der dadaistescher Konscht ass de Ready-Made. Beim Ready-Made geet et drëms d’Konzept vun der Konscht an dat traditionellt Konschtverständnis a Fro ze stellen. Schlicht Alldagsobjeten a bewosst gewielt Industrie-Masseprodukter komme fir d’éischt an d’Muséeë vun der moderner Konscht. Den Dada huet bis ronn 1922 gedauert. De Kurt Schwitters, de Marcel Duchamp, den Hans Arp an de Max Ernst hunn zu de bekanntsten Dada Kënschtler gezielt.

  • Expressionismus

Den Expressionismus ass eng modernistesch Beweegung déi hiren Ufank an der Poesie an an der Molerei fonnt huet. Entstanen ass den Expressionismus am Ufank vum 20. Joerhonnert  an huet bis ronn 1925 gedauert. An dëser Konschtbeweegung geet et drëms d’Welt ausschliisslech aus enger subjektiver Perspektiv ze presentéieren an se radikal ze verzerre fir soumadder Stëmmungen an Iddien auszeléisen. Et soll een sech vun der Konscht emotional an intern ugesprach villen. Sou sinn Enttäuschung, Trauregkeet, Freed, Middegkeet, Péng an Angscht Beispiller fir dem Moler seng Gefiller, déi an de Biller rëm ze fanne sinn. Zu de wichtegste Kënschtler vum Expressionismus gehéieren ënner anerem de Paul Gaugin, de Vincent van Gogh, den Erich Heckel, den Emil Nolde, den Henri Matisse, de Franz Marc, den Edvard Munch an de Wassily Kandinsky.

  • Surrealismus

De Surrealismus ass an de fréiere Jore vum 20. Joerhonnert, fir méi genau ze sinn nom 1. Weltkrich entstanen (ongeféier vun 1924-1966). D’Motiver vun de Biller si ganz genau a prezis gezeechent a Faarwen a Formen si kloer vuneneen ofgegrenzt. Och schéngen d’Motiver oft net beieneen ze passen. Dacks gin Objeten oder Formen am Surrealismus duergestallt déi et net a Wierklechkeet ginn. Eng wichteg Aarbechtsmethod am Surrealismus war et séier ze zeechnen. De Kënschtler soll sou mann wéi méiglech mat sengem rationalen Denken a sengen Iwwerleeungen u säi Wierk erugoen. D’Ziel war et dat Iwwernatierlecht an Onbewosst auszedrécken. De Salvador Dalí, de Max Ernst, de Rene Magritte, de Joan Miro an de Marc Chagall gehéieren zu de bekanntste surrealistesche Kënschtler.

  • Minimalismus (1960-1975)

De Minimalismus ass zu New York an de fréie 60er Joren entstanen. Kënschtler hunn sech géint déi jéngst Entwécklungen an der Konscht ofgewannt, déi si fir ze almoudesch an akademesch gehalen hunn. Eng Well vun neien Aflëss a nei entdeckte Stiler huet dozou gefouert datt verschidde Kënschtler déi konventionell Grenzen tëscht verschiddene Medien a Fro gestallt hunn. Dat Dramatescht huet u Wichtegkeet verluer. Skulpture sinn dacks aus industrielle Materialie gemaach ginn an hunn de Wierker eng gewëssen Anonymitéit ginn. Moler a Sculpteuren hunn oppe Symbolik an emotionale Contenu vermeit an hunn am Platz op d’Materialitéit vun de Wierker opmierksam gemaach. Am Minimalismus gëtt d’Konscht op dat Wesentlecht reduzéiert andeems all net essentiell Formen, Funktiounen oder Konzepter ewech gelooss gëtt. De Minimalismus charakteriséiert sech virun allem duerch schematesch Kloerheet, Objektivitéit a Logik. Zu de wuel bekanntste Kënschtler am Minimalismus gehéieren de Frank Stella, de Carl Andre, den Dan Flavin, den Donald Judd, de Sol LeWitt, d’Agnes Martin an de Robert Morris.

  • Eva Hesse

D’Eva Hesse ass eng vun de bekanntsten amerikaneschen Artistinnen déi nom Opkomme vum Abstrakten Expressionismus grouss ginn ass. Nodeems si aus hirer Heemecht Däitschland wärend dem Opstig vum Nazismus geflücht ass, gouf d’Eva zu New York an der amerikanescher abstrakter Molerei an am kommerziellem Design ausgebilt. D’Eva Hesse huet ursprénglech eng Karriär am kommerziellen Textildesign verfollegt éier si wärend hirer Arabescht als Expressionistin ëmmer méi mat industriellen an Alldagsobjete wéi Seel, Schnouer, Drot, Gummi a Glasfaser experimentéiert huet. Ganz am Zeeche vum Minimalismus, huet déi feministesch Kënschtlerin mat reduzéiertem Material geschafft a wollt, an hiren eegene Wierder, “d’Norme vu Schéinheet an Uerdnung eraus fuerderen”. Dem Hesse seng Aarbecht weist dacks minimal physesch Manipulatioun vun engem Material wärend gläichzäiteg d’Bedeitung déi d’Wierk vermëttele soll, komplett verännert gëtt.

  • Mona Hatoum

D’Mona Hatum gouf 1952 zu Beirut gebuer a lieft haut zu London. D’Wierker vun der gebierteger Palestinenserin fuerderen de Surrealismus an de Minimalismus eraus an erfuerschen d’Konflikter an d’Widderspréch vun eiser Welt. Wärend hirem Studium un der Slate School of Art, huet d’Mona Hatoum sech ganz vill mam Geschlecht an der Rass ausernee gesat an huet ugefaangen d’Relatioun tëschent Politik an dem Eenzelen duerch Performancen duer ze stellen. Um Enn vun den 80er Joren huet d’Hatoum ugefaangen Installatioun a Skulpturen ze maachen, dëst an de verschiddenste Materialien. D’Gitter oder aner geometresch Forme sinn ëmmer rëm benotzt gi fir op Systemer vu Kontroll bannent enger Gesellschaft opmierksam ze maachen. Eng Réi vun hire Wierker si mat Haushaltsgéigestänn gemaach ginn, déi vergréissert oder verännert gi sinn, fir se vertraut an trotzdeem onheemlech wierken ze loossen.

  •  Melanie Bonajo

D’Melanie Bonajo ass eng hollännesch Kënschtlerin déi mat Film, Performance, Installatioun, Musek, Eventorganisatioun a Fotografie schafft. Sie fuerdert net nëmmen déi traditionell Divisioun tëschent Männer a Fraen eraus mee och déi tëscht Natur an Technologie. Faszinéiert vu Konzepter vum Gëttlechen, ënnersicht d’Bonajo, dee spirituelle Vakuum vun hirer Generatioun, iwwerpréift de Léit hier Bezéiung zur Natur a probéiert existenziell Froen ze verstoen andeems si iwwert eis Situatioun doheem, Iddie ronderëm d’Klassifikatioun, Konzepter vun Heem, Geschlecht an Haltung zu Wäert reflektéiert. Déi hollännesch Kënschtlerin wäert hiert Heemechtsland op der 59. Editioun vun der Biennale zu Venedeg (2021) representéieren.

  • Bauhaus Mouvement

De Bauhaus war eng däitsch Konschtschoul, déi vum Architekt Walter Gropius zu Weimar gegrënnt gi ass. D’Schoul gouf fir hier Approche zum Design berüümt, déi versicht huet d’Grondsätz vun der Masseproduktioun mat individueller kënschtlerescher Visioun ze vereenen an d’Ästhetik mat alldeeglecher Funktionalitéit ze kombinéieren. D’Iddi am Bauhaus war et fir en Gesamtkonschtwierk ze kreéieren an deem all Typ vu Konscht zesumme bruet gëtt. Och d’Léiermethod vum Bauhaus war anescht. Déi traditionell Bezéiung tëscht Schüler an Enseignant gouf duerch d’Iddi vun enger Gemeinschaft vun Artisten, déi zesumme schaffen, ersat. D’Zil vum Bauhaus war et d’Konscht zréck an den Alldag ze bréngen an der Architektur, der Bünekonscht an dem Design esou vill Gewiicht ze ginn ewéi der Konscht selwer. Déi bekanntsten Enseignantë vum Bauhaus waren de Wassily Kandinsky, de Paul Klee, de László Moholy-Nagy an de Josef Albers. De Bauhaus ass 1925 vu Weimar op Dessau geplënnert wou de Gropius en néit Gebai fir d’Schoul gebaut huet. 1932 ass de Bauhaus dunn op Berlin geplënnert wou en ee Joer drop vun den Nazien zougemaach gouf. Säin Afloss war immens grouss, besonnesch an den USA, wou vill Kënschtler virum a wärend dem zweete Weltkrich hin geplënnert sinn.

  • Bamhaus Dummeldeng

D’Bamhaus ass eng kreativ Agence an e co-working Space zu Dummeldeng. Hei gi kreativ Konzepter kreéiert an audiovisuell Produktioune vun A bis Z gemanaged. Am Bamhaus fannt dir eng Gemeinschaft vun onofhängege Kreativschafende mee et fannen och kulturell Evenementer, Projektiounen, Konschtausstellungen a villes méi statt.

E puer vum Hisae senge Projeten:

  • LEAP, Rotondes, Luxembourg, 2020
  • So What? 2.0, Arroniz Arte Contemporaneo, Mexico City, 2020
  • Hisae Ikenaga: Amalgama, , Arroniz Arte Contemporaneo, Mexico City, 2019<
  • Under Construction, Centro Galego de Arte Contemporanea, Santiago de Compostela, 2018
  • Hisae Ikenaga: Subtle Oblivion, Galeria Max Estrella, Madrid, 2017
  • Hisae Ikenaga: Manufacturing Flaws, Toronto, 2008

Wëll dir méi iwwert d’Hisae an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

ARTICLES