KulturPur: Am Gespréich mam Eugénie Anselin

KulturPur: Am Gespréich mam Eugénie Anselin

19 avr. 2021
En collaboration avec Radio ARA

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg.

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis éischt Emissioun hunn mir déi Lëtzebuergesch Schauspillerin Eugénie Anselin op Besuch.

Ob Cabaret, Theater, Film oder Dramatik, d’Eugénie fillt sech a villen Disciplinne wuel an ass eng richteg Powerfra. Scho mat 5 Joer stoung hatt déi éischte Kéier virun der Kamera. Am Lycée koumen dunn déi éischt Theater a Filmoptretter éier hatt decidéiert huet op Zürech op d’Schauspillschoul ze goen. Haut huet d’Eugénie sech net nëmmen zu Lëtzebuerg en Numm gemaach mee schafft och reegelméisseg am Ausland. Wunnen deet hatt momentan zu Berlin och wann hatt nach reegelméisseg zu Lëtzebuerg fir Theater a Filmproduktiounen ze gesinn ass.

Mir hunn mat der dynamescher Schauspillerin iwwert d’Liewen op an hannert der Bün geschwat, iwwert d’Challengë vum Selbstänneg si wéi och hier aktuell an zukünfteg Projeten.

Méi Informatiounen zum Eugénie an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • Jeanne Werner

D’Jeanne Werner ass eng Lëtzebuergesch Schauspillerin déi vun 2006 bis 20011 op der Zürcher Hochschule der Künste Schauspillerei studéiert huet a mat engem “Master of Arts in Acting” ofgeschloss huet. D’Jeanne ass souwuel am Theater wéi och a Filmproduktiounen ze gesinn. Hatt ass ënner anerem an de Filmer “Cru” (2019), “Auf Wiedersehen Deutschland” (2017), “A Vulgar Adventure” (2016) a “Colonia Dignidad” (2015) ze gesinn. Zu senge rezentsten Theateroptrëtter gehéieren d’Stécker “Die Totenwacht” (2020), “Das große Heft” (2019) a “Vie matérielle” (2018). D’Jeanne lieft a schafft zu Berlin wou hatt vun der Agence www.luckypunch-berlin.de vertruede gëtt.

  • Vicky Krieps

No sengem Ofschloss op der Zürcher Hochschule der Künste am Joer 2009, huet d’Vicky Krieps sech op de Film konzentréiert. Seng warscheinlech bekanntste Roll war am Film “Phantom Thread” (2017).  Aner bekannte Rolle waren an de Filmer “Colonia” (2015), “A most wanted man” (2014) an “Hanna” (2011). 2019 krut hatt fir “Das Boot” den däitsche Fernseepräis als bescht Schauspillerin wéi och de Lëtzebuerger Filmpräis fir bescht schauspilleresch Leeschtung am Film “Gutland” am Joer 2018. Haut wunnt déi lëtzebuergesch Schauspillerin mat hirem Partner a Kand zu Berlin.

  • Cours Florente  

Cours Florent ass eng franséisch privat Schauspillschoul mat engem Campus zu Paräis an zu Bréissel a gëllt als eng vun de prestigiéiste Schauspillschoulen a Frankräich. De Cursus fir Schauspillerei dauert 3 Joer a gëtt op franséisch gehalen. Séit 2011 bitt d’Schoul och en 3-järegen englesche Programm un (Acting in english). Cours Florent ass virun allem dofir bekannt hier Studenten op den extrem kompetitiven Exame vun de prestigiéise Schauspillschoulen a Frankräich vir ze bereeden: Conservatoire national supérieur d'Art dramatique de Paris (CNSAD), École nationale supérieure des arts et techniques du théâtre (ENSATT) zu Lyon an École supérieure d'art dramatique (TNS) vum Stroossbuerger Nationaltheater.

  • Agentur Hilde Stark

D’Hilde Stark ass eng däitsch Schauspill Agence déi 2014 vum Hilde Stark a vum Angelika Zacek gegrënnt ginn ass. Hiere Sëtz ass zu Berlin.

  • Christian Schwochow

Den Christian Schwochow ass en däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur. Éier hien als Regisseur ugefaangen huet, huet hien als Reporter fir den däitschen a franséische Fernsee geschafft.  No senger Ausbildung op der renomméierter Film Akadémie Baden-Württemberg am Joer 2008 huet hien 3 mini Serien an 2 Fernseefilmer dirigéiert. Zu senge bekanntste Realisatioune gehéiere “Bornholmer Strasse” um ARD, eng Tragediekoméidi iwwert de Fall vun der Berliner Mauer wéi d’Fernsee Serie “Bad Banks” (2018). Hien huet och verschidden Episoden vun der drëtter Staffel vun der Netflix Serie “The Crown” (2016) dirigéiert. Fir seng Wierker krut hien den däitsche Filmpräis, den däitschen Emmy an den däitsche Grimme Präis.

  • Véronique Fauconnet  

D’Véronique Fauconnet ass eng franséisch Schauspillerin a Regisseurin déi hier Ausbildung am Conservatoire du Luxembourg an der franséischer Dictioun an am Art Dramatique gemaach huet. D’Véronique ass och Direktesch vum Théatre Ouvert Luxembourg (TOL) a Casting Direktesch beim Lëtzebuerger Film Fund.

  • Alejandro Gonzalez Inarritu

Den Alejandro Gonzalez Innaritu ass en mexikanesche Filmdirekter, Filmproduzent an Dréibuchauteur. Hien ass bekannt fir international Geschichten iwwert de mënschlechen Zoustand ze erzielen an huet iwert d’Joren eng ganz Réi Auszeechnunge kritt. Zu senge bekanntste Filmer gehéiere “21 Grams” (2000 an dem Eugénie séin Liblingsfilm), “Babel” (2006), “Birdman” (2014), an “The Revenant” (2015). Zu senge gréissten Auszeechnunge gehéieren ënner anerem den Oscar, de Golden Globe an de Britishen Academy Award.

E puer vum Eugénie senge Projeten:

Film/TV

  • Der Zürich-Krimi (2020)
  • Unité 42 (2019)
  • Deux (2018)
  • SOKO Stuttgart (2018)
  • Bad banks (2017)
  • Stréik (2016)
  • Eng néi Zeit (2014)

Theater

  • Seasonal affective disorder (2020)
  • Vêtir ceux qui sont nus (2019)
  • Sales gosses (2018)
  • WOW (2018)
  • Nina c’est autre chose (2017)
  • Oh du do uewen (2017)
  • Antigone (2016)
  • Angelo, tyron de padoue (2016)

Wëll dir méi iwwert dem Eugénie an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht:

ARTICLES