KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM BROOZE

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM BROOZE

17 oct. 2022
En collaboration avec Radio ARA & Ceci

Zu Gaascht an der drëtter Episode ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d’Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d’Medien et agestoe wëllen, oder net – hien huet ee groussen Impakt op d’lëtzebuergesch Kultur. Vill Spaass beim Lauschteren!

Theme wouriwwer mir an dëser Episode schwätzen:

  • Wisou gëtt ee Kënschtler, de vun den Zuelen hier, ee vun deene beschte Kënschtler* am Land ass, sou wéineg vun de Medien ënnerstëtzt?
  • Wéi een Impakt huet seng Musek op jonk Leit?
  • Rap Musek an déi ganz Scene verstoen: Tëscht Ironie, Provokatioun a Konschtfräiheet
  • Wat muss ee gudde Artistmanager senger Meenung no hunn? (WANTED: De Brooze sicht ee/ng Manager/in!)

Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:

13:24 Brooze – Ja an dann

33:21 Brooze – Mat Dear

Folgt dem Brooze op Instagram!

Lauschtert an seng Musék eran.

*De Musek op lëtzebuergesch mécht.

___________

KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!

Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op Instagram.

ARTICLES