KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Bijan Kesseler

KULTURPUR - AM GESPRÉICH MAM Bijan Kesseler

14 juin. 2021
EN COLLABORATION AVEC RADIO ARA

KulturPur - De Podcast fir en aneren Abléck an d'Kulturzeen zu Lëtzebuerg. 

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer. 

Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen.

Fir eis fënneft Emissioun hunn mir dee Lëtzebuergesche Bëtong Artist a BMX Fuerer Bijan Kesseler op Besuch.

D‘Passioun zum Beruff maachen. Dat ass den Dram vu ville jonke Léit. Wéineg woen de Schrëtt. Fir de Bijan, geléierten Ingenieur a leidenschaftleche BMX Fuerer war et kloer sech iergendwann selbstänneg ze maachen. 2017 war et dann esou wéit. Mat Bijan’s Concrete a Belmonte.Ride start hien säin Abenteuer. Haut huet hien och säin eegene BMX Shop am Gronn.

Mir hunn de passionéierte BMX Fuerer getraff fir en Abléck an déi ëmmer méi populär BMX Zeen zu Lëtzebuerg zu kréien.

Méi Informatiounen zum Bijan an zu dëser Episod fannt dir hei an eise Show Notes.

  • X Games

D’X Games sinn e järlecht Extremsportsevent mat Disciplinnen ewéi Skateboarding, Snowboarding, Freestyle Motorcross oder Freestyle BMX. D’X Games gin et säit 1994 an zéien haaptsächlech d’Generatioun X an Y un, dëst wärend enger Wantereditioun zu Aspen am Colorado (USA) an enger Summereditioun zu Austin am Texas (USA).

  • SARL-S

D'Société à responsabilité limitée simplifiée ass eng Zort Handelsgesellschaft déi vun e puer vun de Reegele vun der klassescher Société à responsabilité limitée (SARL) ofwäicht. Duerch d’SARL-S solle virun allem d’Entrepreneure vun enger Rei vu Bedéngunge befreit ginn déi normalerweis mat der Grënnung vun enger SARL verbonne sinn. Deemno ass de Mindestkapital nëmmen 1 Euro, an d'Etablissement kann a Form vun engem privat geschriwwenen Akt sinn, dat heescht ouni en Notaire ze consultéieren. D’SARL-S soll deenen déi sech wëlle selbstänneg maachen en erliichterten Zougang zu wirtschaftlecher Aktivitéit erméiglechen.

  • Bijan’s Concrete

De Bijan designed a stellt a sengem Atelier zu Gonnereng filigran Miwwelen an Accessoiren op Mooss hier. D’Benotze vu gewieftem Karbon a Glasfaser Textil, engem néien an innovativem Material, erlaabt et méi dënn a liicht Strukturen ze bauen ouni u Belaaschtung ze verléieren. De Bëtong verännert doduercher säi Gesiicht a wennt sech vum schwéieren, klotzegem Bëtong wéi mir e kënnen of. Zousätzlech ass dës Textilverstärkung korrosiounsbestänneg a platzt doduerch net op wann de Bëtong der Fiichtegkeet ausgesat ass. Dem Bijan seng Bëtongsmiwwelen an Accessoiren eegnen sech souwuel fir banne wéi fir baussen.

  • We Ride

All Joers fënnt an de Rotondes zu Bouneweg den We Ride statt. En outdoor Event bei deem second hand Vëloen an Accessoire verkaf ginn. De Bijan ass hei mat senge Bëtongsrampen dobäi fir de Kanner a Jugendlecher Tricker um BMX ze weisen.

  • Am Gronn

Säit 2 Joer bitt de Coworking Space am Gronn 4 Léit d’Méiglechkeet en Büro ze lounen an sech mat kreative Léit aus ze tauschen, zesummen u Projeten ze schaffen a soumadder Synergien ze schafen. D’Gemeinschaft gëtt Am Gronn ganz grouss geschriwwen. Säit leschte September huet de Coworking Space och e Creators Store wou d’Memberen hier Wierker ausstellen a verkafe kënnen. Wien Loscht huet kann am Bistro eppes iessen/drénken a mat de verschidden Designer a Kreativschafende poteren.

  • Irina Moons

D’Irina Moons ass zu Lëtzebuerg haaptsächlech fir seng Illustratioune bekannt mee schafft och als Grafikerin a Web Designerin. Zu senge Projete gehéieren de Koll an Aktioun, de Cercle de Coopération oder d’Rotondes, fir der just e puer ze nennen. Zesumme mam Maida Halilovic huet d’Irina 2019 de Coworking Space Am Gronn gegrënnt.

  • Up Foundation

D’Up Fondation setzt sech fir den Erfolleg, d'Exzellenz an d'Wuelbefanne vun de Kanner, de Jonken an de Schüler zu Lëtzebuerg wéi och fir d'Gläichheet vun de Méiglechkeeten am edukative Beräich an. D’Iddi vun der Fondatioun ass et eng besser individuell a gesellschaftlech Entwécklung ze garantéieren. Sie betruecht d’Educatioun als e Ganzt well d’Léit ëmmer an iwwerall léieren. Sou gi verschidde Modeller vun Erzéiung ugewannt : formell, net-formell, informell a wëll. Ee bekannte Projet vun der Fondatioun war Toto, Exprime-toi ! Bei dësem Projet ass et drëms gaangen de Kanner an Zäite vun der Corona Pandemie ze erlaben sech fräi aus ze drécken. Dëst duerch Kreativitéit a Beweegung. Den Toto Bus huet a matmaachende Gemengen divers Workshoppen (BMX, Graffiti, Danz, Rap, asw.) ugebueden an de Kanner soumadder eng Plattform ugebueden sech an dëse schwéieren Zäite mat ze deelen. Dës Temoignage sinn an enger zweeter Phase am Lëtzebuerg City Museum presentéiert ginn.

  • Skatepark Hollerech

Hei treffen sech BMX Fuerer, Skateboarder a soss Freestlyer op 2 oder 4 Rieder fir hier Konscht ze üben. De Skatepark zu Hollerech ass iwwerdeckt a bitt eng gutt Alternative zum Skatepark an der Péitruss wann d’Wieder mol net mat spillt.

  • De Mains de Maîtres

D'Zil vun der Associatioun De Mains De Maîtres Luxembourg ass d'Aktioun weider ze entwéckelen, déi 2016 vun der Ierfgroussherzogin initiéiert gouf, eng grouss Ausstellung am Häerz vu Lëtzebuerg z'organiséieren. Dës Ausstellung soll d’Kreativschafend an d’Handwierker vun der Konscht zu Lëtzebuerg an der Groussregioun zesumme bréngen. Esou wëll d'Associatioun eng wierklech dreiwend Kraaft fir d'Erhalen an d'Entwécklung vu Lëtzebuerger Handwierker sinn.

E puer vum Bijan senge Projeten:

  • Bijan’s BMX
  • Belmonte.Ride
  • Toto on tour
  • Bijan’s concrete

Wëll dir méi iwwert de Bijan an seng verschidde Projeten eraus fannen? Da kuckt mol hei laascht: