Luka Tonnar

28 sep. 2023
Luka Tonnar

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nicolas Calmes

luk., dat ass de Kënschtlernumm vum Luka Tonnar. Kleng geschriwwen, kuerz gehalen; sou wéi wann alles no der éischter Silb nëmmen hallef ausschlaggebend wier. De Kënschtler deet et sech, wéi de Numm, schwéier, sech breetzemaachen. Déi lescht siwe Joer souz hien op Lidder, déi hie réischt rezent an enger Mixtape erausbruecht huet. De Cover vun der Valorlux Tape ass déi bekannte Recyclingstuut. E puer Méint drop kennt Gelato, säin éischten eegenen Album. D’Release ass den 30. September am Gudde Wëllen a versprécht, trotz iwwerweient Party Thematik, och Geloossenheet an Erniichterung. Am Gespréich zielt de luk. firwat et mat der Musek sou laang gedauert huet, wat dat mat Suchttendenzen a Privileegien ze dinn huet, a wien aus senger Clique wat fir eng Zooss wier. An, wéi de Numm, bréngt hien et op de Punkt.

Luka, du konnts d’Plaz vun eisem Interview selwer wielen. Mir sinn tëschent dem Gronn an der Cité judiciaire, -4 vum Lift hier. Firwat si mer hei?

Et ass eng vu menge Liblingsplazen an der Staat. Et huet een eng schéi Vue. Et kënnt vill Sonn am Dag. Säit Neiestem sinn och iwwerall Rousen hei ronderëm, mat der Zort an dem Joer beschrëft.  Ech hu vill schéin Erënnerungen hei.

Wéi s de dem Cecilia am Kulturpur Podcast sos, goung et der bei denger Valorlux Tape dorëm, “d’Poubelle erauszebréngen.” Firwat bezeechens de déi Lidder als Offall?

(Laacht) Ech fannen se net schäiss, net Offall. Ech fannen net dass se an d’Poubelle gehéieren, dofir hunn ech se erausbruecht. Wann ech een Album maachen, hunn ech Loscht dass dat méi zesummenhänkt an dass en ee roude Fuedem huet, thematesch oder klanglech. Beim neien Album Gelato ass dat esou. En ass an engem änlechen Zäitraum opgeholl ginn, an engem änlechen headspace geschriwwe ginn. D’Lidder sinn openeen ofgestëmmt a passe beieneen.

 Bei Valorlux ass dat net de Fall. Dat ass eng Kollektioun vu Lidder déi ech iwwert sechs, siwe Joer gesammelt hunn. Ech hunn déi Saache vill fir mech gehale. Eenzel Songs hunn ech erausbruecht awer ee richtege Projet net. Ech hat einfach d’Gefill dass ech d’Valorlux Lidder misst erausbrénge fir dass ech de Gelato Album elo erausbrénge kann. Fir dass ech déi Lidder net méi am Kapp hunn, net méi mat mer droe muss. Dofir ginn se an d’Poubelle geheit - oder recycléiert, soe mer mol sou. Et ass jo och Valorlux, net einfach den Hausmüll.

D’Lidd Zooss stécht aus der Mixtape zimmlech eraus. Zooss ass eng Metapher fir wat?

Am Englesche seet een ‘I got the sauce.’ Dat heescht einfach: ech hunn das gewisse Extra. Ech hu swag. (Laacht) E stécht och warscheinlech eraus well et den Eelste vum ganzen Tape ass. Wéi ech nach zu Berlin gewunnt hunn, hunn ech dee mam Octo opgeholl. Ech a meng WG hunn do lauter Lidder fir een Tape opgeholl. Ech hunn si dozou bruecht ze rappen obwuel si net alleguer Rapper waren. Et war eppes wat mer gemaach hu wa mer alleguer doheem waren a gedronk hunn. A mengem Zëmmer gechillt a Musek for fun gemaach. Dat war ee vun de bessere Songs.

Wann s de deng Features an Zoosse misst kategoriséieren, wie wier wat fir eng Zooss?

De John Ragga ass ee vun de beschte Rapper am Land. Hien ass also eng vun de beschten Zoossen. Hien ass eng fresh Pesto. Den Octo ass och eng Pesto, eng Pesto rosso mat gedréchenten Tomaten. De Skinny muss bal eng vegan Zooss sinn. Eng Arrabbiata, wann dat vegan ass. Den Jast mécht scho laang Musek mee hien ass méi modern am Verglach mat deenen aneren. Villäicht eng pasta al limone, eng Zitrounenzooss, eppes wat dech erfrëscht. De Scuto ass technesch mega krass mee hie muss et net ëmmer beweisen. Wat ass eng Zooss déi schwéier ass ze maache mee net esou wierkt? Hien ass eng Gorgonzolazooss. Dat ass ee komplexen taste, et ka séier schifgoe mee et schmaacht gutt. De Maale Gars ass talentéiert an hien huet vill Erfolleg mat deem wat e mécht. Et muss eng Zooss sinn déi vill Leit gär hunn. Hien mécht och eppes méi Neies. Hien ass eng Alfredo Zooss mat Poulet dobäi. De Corbi ass ee vu menge groussen Idoler am Lëtzebuerger Rap. Ech hunn hien als Kand schonn op der Bün gesinn. Ech fannen hie mega, och seng Solosaache si mega krass. De Corbi ass, géing ech soen, eng Carbonara. Och eng vu menge favorite Zoossen oder Platen. Den Daniel Migliosi ass jonk an talentéiert. Ech huelen en elo als Zooss fir mäin Album. Hien mécht een Trompettesolo op engem Lidd. Dowéinst ass hien ee klenge spice fir den Album. Hien ass net ee Grondbestanddeel mee hien dréit bäi, et besser ze maachen. Dat heescht, hien ass villäicht déi Zooss déi een a chineesesche Restauranten heiansdo kritt, déi schaarf Zooss déi een an de klenge Behälter mat engem Keramikläffel dobäi kritt, déi een sech iwwert de Plat ka maache fir et opzepeppen. Den Turnup Tun huet ee Remix gemaach. Hien ass ee Gars, dee ka maache wat e wëll an ass an Allem gutt. Ech géing soen, eppes wat variabel ass an ee bei vill Saache maache kann. Eng Béchamel. Hien ass d’Base souzesoen. Do kanns eppes dobäi maachen an dann ass et eng aner Zooss. Den Tommek ass classic. Hien mécht schonn éiweg Rap. Hien ass warscheinlech mäi gréisstent Idol am Lëtzebuerger Rap. Ech hu fir hie Backup Rap gemaach. Hien ass Bolo, straight up eng Bolognaise.

Wat mécht ee gudde Backup Rapper aus?

Et muss ee Fan si vun der anerer Persoun fir dass een d’Motivatioun huet d’Texter ze léieren. Et muss ee wëssen, wat déi aner Persoun op der Bün brauch. Et geet drëm déi Lächer ze fëllen, déi den MC léisst a, wann néideg, Energie ze ginn. An et muss een net mussen am Mëttelpunkt stoe well soss hëlt ee vun deem anere fort. Et ass een dann net den Haapt-MC.

Stayfou war, éier et ee Kollektiv war, een Hashtag an eng Kleedermark. Moud ass eppes wat séier aus der Moud fält. Géings du, Fashionista dee s de bass, déi éischt Kleeder undoen déi der deemools gemaach hat?

Déi éischt Zeenen, déi mer gemaach hunn, dat ware Sweateren op deenen einfach ‘#stayfou’ dropsteet. Den Hashtag ass schlecht gealtert, muss ech soen. Villäicht ass et och rëm cool well den Hashtag sou cringe ass. Sou postironesch. Ech géif scho soen dass ech et nach undoe géif, mee éichter sou op Deeg wou ech net méi vill Wäsch iwwereg hunn. Déi méi nei Saachen an déi déi mer duerno gemaacht hunn dinn ech och nach reegelméisseg un. Mee déi alleréischt Saache géing ech net onbedéngt op enger Plaz un hunn, wou ech wëll dass jidderee mech gesäit an een denkt dass ech cool ausgesinn. Éischter doheem oder ënnert enke Kolleegen.

Verschidden Elementer vun Tracks wéi Gold oder Drop erënnere liicht u Videospillmusek. Ech krut gesot dass du d’Spill The Binding of Isaac ganz vill gespillt hues. Ass iergendeppes dovunner an däi kreativen Output agefloss?

Uff. Dat Spill hunn ech effektiv mega vill gespillt, op eng gottlos Aart a Weis. Zu Berlin an der WG gouf dat och déck vill ofwiesselend gespillt. Ech misst iwwert 1000 Stonnen op deem Spill hunn. Villäicht hunn ech och dowéinst net esou vill Musek erausbruecht. Villäicht huet et mech éischter an deem Sënn beaflosst, dass ech net sou vill gemaach hunn a léiwer gezockt hunn. Elo mat deene Songs spezifesch, ech menge bei Gold ass et sou dass deen sou kléngt wéi ee Videospill well de John Ragga vill matproduzéiert huet. Den Eric Junker och mee de John ass och mega Videospill-Lover a vill vu senger Musek ass mengen ech inspiréiert vu Videospillmusek. Pokémon, Zelda, al Nintendo Soundtracks si bestëmmt mat agefloss, op elo direkt oder indirekt. Videospillmusek hunn ech och déck gär. Wann ech Musek maachen, fléisst dat wuel iergendwéi esou an. Well, op een et wëll oder net, wann ee Videospiller vill spillt, dann ass dat e Groussdeel vun der Musek déi een héiert.

Am Gelato Album stécht d’Lidd Schold immens eraus. ‘Ech sinn Europäer, ech droe Schold a menger DNA / Wësse wat geschitt ass mee mir maache wéi wa keen et war.’ Staark Line. Wéilts de weider drop agoen?

 Jo, gären. Privileegien, déi een als Europäer huet, beschäftege mech vill. Ech soen Europäer mee ech mengen domadder och Lëtzebuerger an och mech spezifesch. Ech mengen net dass all Europäer déi Privileegien huet. Et gëtt natierlech Aarmut an Diskriminatioun hei. Mee ech mengen als Persoun a menger sozialer Positioun huet een immens vill Privileegien an ech fille mech oft déck schlecht dovun. Ech fille mech, wéi wann ech et dowéinst net verdéngen, dat ze maache wat ech wëll. Ech wollt dat an deem Song verschaffen. An ech wollt verschidde Problemer an Europa an a Lëtzebuerg uschwätzen, nämlech och dass, voilà, mir hunn dee ganze Schäiss ugefaangen. Ech schwätze vu Kapitalismus, ech schwätze vu Kolonialismus, ech schwätze vun all deene Saachen déi d’Welt nach ëmmer haut iergendwou ploen. Mir waren do an de Startlächer. Mir hunn eis Ideologie an d’Welt verbreet a gewütet an Trümmeren hannerlooss. An et wierkt op mech, dass wann een hautzedaags mat Lëtzebuerger oder Europäer schwätzt, déi wéi ech méi progressiv denken, gär mam Fanger op Amerika gewise gëtt: wéi krass et do ass, an de Rassismus dohannen, den Aarmut dohannen, déck krank, déck schlëmm, sou ass et bei eis guer net. Mee ech hunn d’Gefill dass et bei eis och sou ass. An dass mir virun allem sou maachen, wéi wann näischt geschitt wär a wéi wa mer keng Schold ze droen hätten. Ech kommen net onbedéngt op eng produktiv Conclusioun mee voilà, ech misst dat lassginn. De Song ass de leschten deen entstanen ass. An ech mengen, de Song ass ee coole Schlusspunkt fir den Album, dee vill em Spaass hunn an Drogekonsum mat sengen ups and downs geet. Ech wollt ee Schlusspunkt, dee kuckt, wat do derhannert stécht; eng Erniichterung fir zréck op de Buedem ze kommen.

Effektiv ass d’Lidd Schold ee vun de ganz wéinege Lidder ouni Cannabisreferenz. Fëmmt ee Cannabis well ee Scholdgefiller mat sech dréit?

Oh… A mengem Fall bestëmmt. Mee ech mengen och dass ech Cannabis fëmme well.. éischtens well et legal ass. Ech maachen dat just säit engem Mount. Ech hunn dat virdrun nach ni ugepaakt. A säitdeem hunn ech realiséiert dass ech immens Suchttendenzen hunn, net nëmme mat weed, och mat Zigaretten, mat Suen ausginn, a ville Saachen. Wann mer eppes gefält, gëtt et zur Obsessioun.

Wärend ech den Album geschriwwen hunn, hunn ech mer net aktiv Gedanken iwwert mäi Konsum gemaach. Ech hat en als een Deel vu mir akzeptéiert. A wann ech d’Lidder elo lauschteren, fält et mer op dass et verschidde Momenter ginn, wou zwar keng Realisatiounen, mee Douten do sinn, an déi komme raus ouni dass ech doriwwer nogeduecht hat. Dat war net d’Thema, ech wollt einfach cool Raplidder maachen, déi mech gutt fillen doen a waarm a séiss Gefiller ausléisen. Ech mengen dass et gutt ass dass ech all déi Songs geschriwwen hunn. Dat hëlleft mir och ze realiséieren, dass déi Aart vu Konsum net dat Bescht ass, dass et wichteg ass dass se net d’Kontroll iwwert een huet, mee dass ee Kontroll iwwert déi Saachen huet, déi ee konsuméiert.  Soss ass et eng immens ongesond Bezéiung.

Dat kléngt no Konsumgesellschaft, no Kapitalismus.

Jo. Jo. Voilà, ech konsuméiere gär, op et elo Videospiller sinn, op et Gras ass, op et Zigarette sinn, op et Produite sinn, ech doe mir schwéier net ze iwwerdreiwen. Virun e puer Méint hat ech ee Podcast iwwert Sucht gelauschtert. Zwee Leit, déi wierklech duerch Entzuch gaange sinn, hunn dräi Stonnen doriwwer geschwat. Ech duecht mer ‘Oh mäi Gott.’ Dat beschreift komplett wéi ech mat verschidde Saachen ëmginn, d’Bezéiung déi ech dozou hunn. Déi Realisatioun huet mäi Bléck op wéi ech konsuméiere geännert. Well ech priedegen immens gär dass een net ze vill soll konsuméieren.

An al Lidder vu mir, wéi Maach de Buttek zou, schwätzen ech iwwer Kapitalismus a meng Problemer domadder. Op där aner Hand sinn ech awer Participant, souguer zimmlech krass Participant. Do war een disconnect. Ech hat och Scholdgefiller dofir, an déi kommen och eraus. Ech hunn et a mengem Kapp nach net komplett realiséiert, mee déi Connection tëschent Konsum vun Drogen a Konsum am Sënn vu Kapitalismus ass schonn eppes wat fir mech perséinlech zoutrefft. Ech menge fir vill Leit och. Wann een et am Liewen net mega schwéier huet, dann ass dat eng Saach déi sech gutt ufillt a bal wéi eng Drog ass. Et jot een den Adrenalinrush.

Den 30. September ass d’Gelato Release am Gudde Wëllen. Stayfou Concerten hunn ëmmer e puer Iwwerraschunge mat am Gepäck. Wat kenne mer eis erwaarden?

Mir hunn ee minimale Setup am Verglach zu aner stayfou Projeten. Eng kleng Liveband, den Eric Junker an den John Wolter. Si hunn och ee groussen Deel vun de Lidder vu Gelato komplett matproduzéiert. Si ware bei all wichtege Schrëtt dobäi. Mir hunn eis wärend der Pandemie zu Amsterdam an engem Studio isoléiert an eng Woch just Musek gemaach. D’Base vum Album ass an deem Kontext entstanen dowéinst ass et mer wichteg dass si d’Liveband sinn an dass si d’Liveshow genau sou matgestalte kënne wéi se den Album matgestalt hunn. Ech hunn de Culture the Kid als Support gefrot. Hien mécht Musek an engem änleche Sound wéi ech mäin Album gesinn an hien ass immens talentéiert. Ech hunn nach net vill Leit gesinn, déi Saach, déi hie mécht, sou gutt maache wéi hien. An hien ass jonk. Ech sot dat och am Ceci sengem Podcast: ech wëll hie supportéieren an ech wëll och vun him supportéiert ginn. Et heescht ëmmer support act mee wann een ee gudde support act huet, dann zitt deen och Leit un. Ech wëll lo net weisen, wéi wann ech him lo eng Bün géing bidde well ech mengen hien ass elo souguer méi erfollegräich mat deem wat e mécht wéi ech an ech fannen dat mega cool. Dann, zum Schluss kënnt de Bobby Bieles. Ech hunn dee Choix gemaach well hien ee Genie ass wat Hip Hop ugeet. Hien ass eng lafend Hip Hop Encyclopedie. Hien ass den eenzege Choix fir een Hip Hop Concert richteg ofzeschléissen. Kommt laanscht. Mir si grad um prouwen an et gëtt mega cool.

luk. - Gelato Album Release am Gudde Wëllen

Gelato Release Party