Le fabuleux destin de Georges Goerens

13 sep. 2023
Le fabuleux destin de Georges Goerens

Bartleby Delicate, Georges Goerens, © Nicole Olenskaia
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: Bartleby Delicate, Georges Goerens, © Nicole Olenskaia

Opgewuess um Lampertsbierg, spéider zu Märel, huet de Georges Goerens fréi seng Leidenschaft fir d’Musek entdeckt a scho mat 16 Joer zesumme mat Kolleegen seng éischt Band, Seed to Tree, gegrënnt. Fir culture.lu gëtt de Frontsänger a Liddermaacher Ablécker an d’beweegte Bandliewen, erzielt vu melancholeschen Texter a musikaleschen Experimenter a verréit niewebäi, wéi een am beschten „d’Häerz op der Bün léisst“.

Wéi seng dräi Schwësteren gouf de Stater Jong schonn als Kand a Gitarrscoursen geschéckt. Relativ schnell hätt hien do awer gemierkt, datt e méi Freed um Schreiwen a Spille vun eegene Lidder wéi um Coveren hätt. „Ech konnt am Fong nach net richteg spillen, mee ech hunn awer scho probéiert Melodien ze kreéieren.“ An engem Jugendclub ass de jonke Museker in spe dunn op zwee aner Jongen gestouss, mat deenen hien 2009 Seed to Tree gegrënnt huet. 

No senger Première am Lycée Aline-Mayrisch verschléit et de Georges op Freiburg, wou hie Philosophie studéiert. De Lien mat Seed to Tree bleiwt iwwert déi ganz Zäit awer erhalen. Soubal de Bachelor-Diplom an der Täsch, zitt et hien erëm zréck op Lëtzebuerg fir senger Passioun als Museker vun do u professionell nozegoen. „Ech hat gemierkt, dass grad sou ee Momentum do war mat Seed to Tree, mee awer och a mir dran, wou ech mer gesot hunn, ech mengen, ech bereien dat am Nachhinein, wann ech et ni probéiert hunn fir mir e Liewen als Artist opzebauen.“

Bartleby Delicate, Georges Goerens, © Nicole Olenskaia
Bartleby Delicate, Georges Goerens, © Nicole Olenskaia

Haut, ronn 15 Joer no der Grënnung vu senger éischter Band, huet de Georges nieft dëser nach de Solo-Projet Bartleby Delicate souwéi eng musikalesch Kooperatioun mam Nils Engel ënnert dem Numm ENGLBRT um Lafen, dëst alles wärend hien säit kuerzem parallel als Programmateur fir d’Kulturfabrik schafft.

Sou laang d’Lëscht vu sengen Projeten och ass, sou enk ass och säin Agenda. Net fir näischt gehéiert dëst Joer fir hien mat der Verëffentlechung vun zwee Alben, enger EP an enger Rëtsch Singles zu sengen intensiivsten Schaffensphasen.

Bartleby Delicate

Den Optakt huet 2023 de neien Album To Pin Your Hopes on Someone/Something vu sengem, bedéngten, Alter ego Bartelby Delicate gemaach. Bedéngt dowéinst, well hien a kengem vu senge Projeten eng Persona hätt. Och de Bartleby Delicate wier zimmlech deckungsgläich mam Georges Goerens. „Wann ech vun der Bün ginn, da sinn ech am Fong dee selwechten, wéi wann ech op d’Bün ginn.“

Dëst erméiglecht et him, a senger Musek eng Verletzlechkeet un den Dag ze leeën, wouranner hien als Kënschtler e grousst Potenzial erkennt. Dem Museker ass et wichteg, seng Emotiounen direkt an ouni den Ëmwee vun engem Bünecharakter a seng Konscht afléissen ze loossen. Dëst géif et fir hien réischt méiglech maachen, eng Bréck zum Public ze schloen. „Ech probéieren bei all Concert eng Vertrauensbasis mam Public opzebauen. Du weis e Stéck vun dir an da geet et och em eng gewëss Magie a Connectioun, déi do entsteet. Zum Schluss vun all Concert ass et, mengen ech, mäin Ziel, fir mäin Häerz op der Bün gelooss ze hunn.“ Als Géigemodell zu engem machistesche Männerbild, steet de Georges fir eng aner Männlechkeet. “Ech wëll keng egomanesch Konscht maachen, déi just vu Selbstsécherheet strotzt, ech wëll eppes maachen, wat verletzlech ass, wou heiansdo och en Doute dran ass, wou ee net ëmmer weess wouhin.“

Eng zentral Roll fir de Goerges spillt bei senger Musek ëmmer och d’Kartharsis. „Heiansdo geet et der einfach schäiss, an ech hunn iergendwéi d’Gefill, ech kann déi negativ Gefiller an eppes Positives ëmwandelen. Ech mengen, dass dat wierklech en immenst Privileeg ass.“ Den „eenzege roude Fuedem“, deen sech dem Georges no duerch seng verschidde Museksprojeten zitt, ass domat och d’Presenz vun enger gewësser Melancholie: „A menger Musek fënnt sech ëmmer eng schéin Trauregkeet“.

Als Kënschtler verspiert de Georges awer och den Drang, seng Privileegien ze reflektéieren a sech gesellschaftlech a politesch ze positionéieren. Melancholesch awer ni depriméierend bleift dobäi seng Musek. „Meng Missioun ass et éischter, fir Hoffnung ze verbreeden, wéi fir lo engem Angscht ze maachen. [...] Et geet dorëm positiv Narrativer ze verbreeden, well ech gleewen net dorunner, dass dystopesch Zenarien eis zum Handelen ureegen.“ De Georges wëll net missionéieren, mee vill méi e Gefill vun Zougehéiregkeet zu engem Ganzen, engem Kollektiv vermëttelen, wat de Leit Energie an Zouversiicht soll ginn.

Seed to Tree

Wéi prägend eng Kollektiverfarung fir d’Liewen vum Eenzele ka sinn, dovun kann de Georges e Lidd sangen. Wéi dëst kléngt, dovun kann ee sech ab dem 8. September 2023 beim Lauschteren vum neien Album A Little Life vu Seed to Tree e Bild maachen, dee wuel zu de perséinlechste Alben vun der Band gehéiert. En erzielt vun der gemeinsamer Zäit, déi hien zesummen mam Michi Mentgen (Batterie), Benjamin Renz (Bass) a Benjamin Heidrich (Gitarr) am Proufsall an doriwwer eraus verbruecht huet a reflektéiert iwwert de massiven Impakt, deen d‘Band op d‘individuell Entwécklungen vu de véier Kolleegen ausgeüübt huet.

Seed to Tree, © Seed to Tree
Seed to Tree, © Sebastian Persuric

„Ech fannen „A Little Life“ och immens poetesch. Seed to Tree ass effektiv e klengt Liewen fir sech an et ass e groussen Deel vun eise Liewen, schonn eleng zäitlech gesinn. Wann s de 30 Joer al bass an du hues mat 16 ugefaangen, dann ass dat quasi d‘Halschent vum Liewen, déi s de mat deene Mënschen verbruecht hues.“ An dësem Album weisen sech d’Jonge vu Seed to Tree vun hirer oppenster Säit a spillen op vill ganz besonnesch Momenter vun hirer Bandzäit un, déi hier Identitéiten entscheedend matgepräägt hätt. „Mir verbannen ganz vill Entwécklungsmomenter vun eis selwer mat der Band. Ech kéint meng Liewensgeschicht, meng Biographie net ouni Seed to Tree erzielen. Si géif net Sënn maachen.“

Sou wéi sech d’Bandmemberen an de ronn 15 Joer säit der Grënnung verännert hunn, sou huet och hier Musek evoluéiert. Wärend si am Ufank nach méi akustesche Folk gespillt hunn, sinn hier Lidder mat der Zäit ëmmer méi a Richtung Indie-Folk a Shoegaze gaangen an hunn u Maturitéit a Komplexitéit dozou gewonnen. „Mir wëllen Musek maachen, déi net nëmmen just schéin ass, mee och interessant“, gläichzäiteg awer eng Zougänglechkeet bäibehält.

ENGLBRT

Eng méi experimentell Spillwiss fënnt de Georges Goerens nieft sengem Solo-Projet, wou hien déi gréisst méiglech artistesch Fräiheet genéisst, och am Duo-Format mat ENGLBRT. Zesummen mam Batteur Nils Engel schafen si an dësem Zwee-Mann-Projet eng Symbiose aus zwou verschiddenen musikaleschen Approchen. „Hien [de Nils] kënnt méi aus der akademescher Musek, bei mir entsteet ganz vill aus engem Bauchgefill eraus.“ An dësem Ëmfeld gëtt et dem Georges no ee gewësst Iwweraschungsmoment, soudatt een ni genau weess, wat um Enn dobäi raus kënnt. „Et beréieren sech Welten, déi op den éischte Bléck guer net zesummepassen.

Souwuel an de Lidder vun ENGLBRT wéi och vum Bartleby Delicate fënnt sech domat eppes „Extravagantes, eppes Komplexes“ a vläicht och Onerwaartes, wat de Projet fir de Georges zu engem Entdeckungsprozess mëscht, dee bei Seed to Tree scho méi ofgeschloss ass. Um Openeentreffen vun de verschiddene musikaleschen Universen vun den zwee Museker wäerten si, sou de Goerges, dohier nach laang hir Freed hunn.

ENGLBRT, © Eric Engel
ENGLBRT, © Eric Engel

Mat A Little Life bréngt de Georges Goerens 2023 seng Serie vu Verëffentlechungen de 16. September 2023 bei enger grousser Release-Party am Atelier op e virleefegt Enn. De Concert ass gläichzäiteg den Optakt fir eng gréisser Live-Tour duerch Däitschland, déi Seed to Tree ënner anerem op Hamburg a München féiert. Dono wëll sech de Stater Museker dann nees méi op ENGLBRT konzentréieren, a kucken, wouhin en dëse Projet nach féiert.