Cristina Nuñez - Echoes of Self

24 avr. 2023
Cristina Nuñez - Echoes of Self

© Cristina Nuñez
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer

A kenger Zäit war de Bléck iwwert de Nopeschzong méi einfach wéi haut. D’sozial Medien erlaben eis schliisslech haut, zu jidder Zäit d’Liewe vun den Anere live matzeverfollegen. Änlech awer wéi eise Gäert fleege mer och eis ëffentlech Presenz. Net seele verléiere mir eis dobäi an enger performatorescher Selbstinszenéierung fir d’Spectateure virum Ecran a ginn zu Curateure vun eisem eegene Liewen.

Dem Cristina Nuñez no riskéiert een dobäi, déi onangeneem Aspekter vu senger eegener Persoun aus dem perséinlechen Narrativ ze sträichen. Eng 'schlecht' Foto fënnt de Wee schliisslech net op Instagram. Kee Schlofzëmmerbléck, keng Stierefal. Perfekt wëll ee sinn an ouni Makel. D’Resultat ass dem Nuñez no d’Negatioun vun Deeler vu senger Identitéit an am Endeffekt eng Entfriemung vu sech selwer. Dohin ze kucken, wou ee soss net hikucke wëll, dat léiert d‘spuenesch Fotographin mëttels hirer Method Self-Portrait Experience (SPEX).

© Cristina Nuñez
© Cristina Nuñez

Entstanen ass d’Method 2004 aus der Iddi eraus, d’Potenzial vun der Selbstportraitéierung fir d’mental Gesondheet och anere Leit zougänglech ze maachen, nodeems d’Cristina Nuñez dës Aart ze fotographéiere schonn 1988 als eng Zort Selbsttherapie fir sech entdeckt huet a säitdeem praktizéiert. An hire Workshops, déi si op der ganzer Welt a säit 2021 och zu Lëtzebuerg leed, schafft si haaptsächlech mat Leit a prekäre Situatiounen, déi sech oft um Rand vun der Gesellschaft erëmfannen, sierfen dat Prisonéierter oder Leit mat Drogenofhängegkeeten. Fir hiert Wierk huet si vun der University of Derby 2020 de PhD by publication verleeë krut an ass mat enger ganzer Rei Präisser ausgezeechent ginn, dorënner mam Diamond Phototherapy Award vun der Royal Photographic Society zu Bristol.

“If the construction of identity is based on our public image, then appearing is far more important than being or feeling.”

Mir liewen, sou d’Kënschtlerin, an enger Welt, an där vun eis erwäert gëtt, datt mer erfollegräich sinn an deem, fir dat mir brennen. Dat féiert dozou, datt mir vill ze oft préoccupéiert si mat dem Bild, wat mir vun eis no baussen droen an droen wëllen. Sou erkläert si sech och de Selfi-Boom aus de leschte Joren.

“The selfie is a public image.” E Selfie ass gemengerhand fir an de soziale Medie gedeelt ze ginn. D’Frontkamera erlaabt eis well beim Fotograféiere selwer gréisstméiglechen Afloss op de Prozess vum Fotograféieren ze huelen, an domat op eis Apparence. Schein und Sein klaffen dobäi net seele wäit auserneen a genau do läit dem Nuñez no d’Gefor.

Mir erkennen eis als déi, déi mer wëlle sinn, an deene Fotoen, déi eis net gefalen, net erëm. De Prozess vun der Net-Erkennung zur Erkennung wier dem Jacques Lacan no fundamental wichteg fir d’Konstruktioun vun der perséinlecher Identitéit. Sou erschéngt eis déi Persoun am Selbstportrait am éischte Moment villäicht friem. Am zweeten erkenne mer doran awer dann eng Facette vun eis, déi mer virdrun net (er)kannt hunn. Wat do passéiert, sou d’Cristina Nuñez, ass eng Erweiderung vun eiser Selbstwahrnehmung, eng reegelrecht Selbstentdeckung.

© Cristina Nuñez
© Cristina Nuñez


Dës wier crucial fir Verännerung am Liewen erbäizeféieren. Si kreéiert nämlech ee Gefill vun ‘Ech kann dëst an dat sinn oder näischt vun alldeem’. Réischt sou gëtt et méiglech sech vu Labelen ze befreien an ze erkennen, datt näischt a Stee gemeesselt ass. Alles ass méiglech fir mech, an alles ass méiglech fir déi Aner. D’Resultat ass en empowerment vun der Persoun.

Wéi awer solle Jonker haut zu mental gesonden Erwuessenen eruräifen, wann se ‘andauernd Deeler vu sech läschen’? Dës Fro stellt sech d’Cristina Nuñez. Net fir näischt leet si immens grousse Wäert op d’Aarbecht mat Jugendlechen, déi an hiren Ae besonnesch vun hirer Method profitéiere kënnen.

„Art in itself is about transformation.”

Modern Konscht follegt dem Cristina Nuñez no hautzedaags nach vill ze dacks der Leitlinn ‘Konscht ëm der Konscht wëllen’. An anere Wierder: Konscht soll net nëtzlech sinn. “In the world we're living in, and the situation we're living in, art should be useful. Because what is art about? Is it about decorating rich people's homes? I just don't give a shit about that.”

D’Konscht huet fir d’Kënschtlerin en enorm transformativt Potenzial an domat ëmmer och eng therapeutesch Qualitéit. D’Cristina Nuñez begräift sech awer net als Therapeutin an an hire Workshops geet et net dorëms, konkret Problemer ze adresséieren. Vill méi geet et drëms dat Potenzial, wat fir si an all Mënsch stécht, de Participanten zougänglech ze maachen an sou en Heelungsprozess ze lancéieren.

Mat Hëllef vun der Kamera versicht d’Fotografin an hire Workshops jonke Leit deemno nei Perspektiven op sech selwer ze eröffnen. Am éischten Exercice vun der SPEX-Method gëtt si hire Participanten engem nom aneren den Apparat an d’Hand an deelt en dräi Emotioune mat, déi se expriméiere a fotograféiere sollen: Ierger, Verzweiwlung an Angscht. Emotiounen also, déi mir heefeg fir eis behalen. Dann verléisst si de Raum an d’Persoun huet fënnef Minutte fir hier Emotiounsausdréck mat der Kamera festzehalen. Wichteg ass, datt si sech selwer beim Fotograféieren net gesinn, wat hinnen e Stéck wäit d’Kontroll entzitt. Nëmmen sou kann dem Cristina Nuñez no nämlech hiert Onbewosst aus hinne schwätzen, well “only the unconscious speaks the language of art”. An enger zweeter Etapp besprécht d’Kënschtlerin mat de Participanten hier Fotoen a konfrontéiert si mat verschiddenste Perceptiounen an Interpretatiounen, wat hinnen d’Pluralitéit an d’Wandelbarkeet vun dëse méi no bréngt.

Op dësem Wee soll iwwerdeems de creative process ugereegt ginn, dee fir d’Kënschtlerin essentiel ass, fir dem Onbewossten eng Stëmm ze ginn. Sech ze weisen, wéi een ass, sech vulnerabel ze maachen, dat schaaft Selbstakzeptanz a féiert fir si zur Entwécklung vun engem gesonde Selbstbild.

© Cristina Nuñez
© Cristina Nuñez

Wéi eng Effekter d’Method op d’Schüler hat, mat deenen d’Cristina Nuñez zu Lëtzebuerg zesummegeschafft huet, weisen déi vill Réckmeldungen déi si an an hirem Ausstellungskatalog My Echo, My Shadow and Me am Kader vun Esch 2022 verëffentlecht huet. Sou schreift d'Maëlle Gengler zum Beispill iwwert seng Erfarung mat SPEX: “I felt completely naked, and I realised how many feelings I had deep inside me."

Echoes of Self

D’kollaborativ Selbstportraiter, déi am Laf vun hire Workshops hei zu Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat jonke Leit aus dem Lycée Belval an der Universitéit Lëtzebuerg entstane sinn, präsentéiert d’Cristina Nuñez vum 26. Abrëll bis de 15. Mee 2023 an hirer Ausstellung Echoes of Self am Centre des Arts pluriels Ettelbrück (CAPE).

De Vernissage ass de 26. Abrëll um 19 Auer am CAPE, den Entrée ass fräi. Eng Fortsetzung erwäert d’Visiteuren ab dem 18. Mee 2023 um Campus Belval zu Esch-sur-Alzette. Béid Ausstellunge stinn am Zeeche vum European Month of Photography Luxembourg (EMOPLUX).

D’Cristina Nuñez invitéiert d’Leit dozou, duerch d’Ausstellung ze goen an d’Fotoen a Rou ze kontempléieren. Si sollen a sech ralauschteren a sech selwer an de Biller rëmerkennen. Fir si, wéi fir d’Participante vun hire Workshops, soll sech op dësem Wee de Bléck op sech selwer an déi Aner ronderëm veränneren an erweideren. Therapeutesch ass dem Nuñez hier Konscht esou also net nëmme fir d’Portraitiste mee mee och fir d’Betruechter.

ARTICLES