Mateus Wojda - Vum Studium zum...

19 mai. 2021
Mateus Wojda - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Mateus Wojda, 25 Joer
  • Studium/Ausbildung? Bachelor an der Jazz Bass Gittar
  • Institutioun/Uni? Conservatoire zu Amsterdam, Holland
  • Momentan? Museksschoulmeeschter fir Bass Gittar a Solfège Coursen 
  • Lafend Projeten? Member an de Bands: La Bofia, Stay Fou, All the Way Down, Don Piano, Räpzodi

Du bass fläisseg am Gaangen an der lëtzebuergescher Musekszeen matzewierken. Op wéi eng Aart a Weis bedeelegst du dech momentan?

Ech sinn am Moment an e puer méi klénge Saachen involvéiert. Dat erlaabt mir fir bei verschiddene Projete matzehëllefen. Ech maachen zum Beispill vill Beats fir aner Leit an hunn virun e puer Méint och e Song mam Edsun gemaach. Virun e puer Wochen hunn ech och mam Turnup Tun a mam Maale Gars zesumme Musek gemaach. Soss spillen ech och grad einfach vill mat Stay Fou a schaffen nach un engem méi gréissere Jazzprojet, vun deem ee warscheinlech réischt Enn des Joeres eppes wäert héieren.

Wollts du schonn ëmmer Musek zu dengem Beruff maachen?

Also déi éischt zwee Joer an deenen ech mat Musek ugefaangen hunn, hunn ech zwar gäre gespillt mee ech hunn et op eng Aart a Weis bäibruecht kritt, déi net bei dat gepasst huet wat ech wollt léieren. Ech hunn ufanks klassesch Gittar gespillt a Solfège gemaach mee hunn zum Beispill keng Accorde geléiert. Aus deem Grond hunn ech dunn ugefaange mir ganz vill selwer bäizebréngen an och geléiert op d’Ouer ze spillen. Wou ech meng éischt Band “All the way down” hat an alles fir déi wollt ginn, hunn ech mech selwer immens gesteigert. Doduercher hat ech dann och an der Museksschoul meng Bassgittar Exame mat richteg gudden Notte bestanen, sou datt meng Proffe mir virgeschloen hunn eng professionell Karriär an der Musek ze consideréieren. Voilà, a sou hunn ech dann mat ongeféier 16 Joer déi professionell Journey ugefaangen.

Ech muss awer och soen datt ech scho mat 12 dee Gedanken hat well meng Schwëster mir deemools e Video vun engem Liveoptrëtt vun der Nu Metal Band System of a Down gewisen huet, an ech mir einfach nëmme geduecht hunn: Hei dat do wëll ech maachen!

© Liz Wolter

Cool dass du dann och deem nogaange bass! Wat waren dann déi nächst Schrëtt déits du op dëser Rees zur Professionalitéit gaange bass?

Als éischten hunn ech mech am Lycée fir d’Musekssektioun entscheet. Ech hat eigentlech ni geduecht datt et iwwerhaapt eng Méiglechkeet wier fir d’Musek esou unzegoen, mee de Choix op eng F ze goen huet alles verännert well Proffe wéi och meng Elteren den Accord fir dee Wee ginn hunn. Nom Ofschloss sinn ech dunn fir véier Joer op Amsterdam an de Conservatoire Jazz, oder méi spezifesch gesot Bassgittar, studéiere gaangen. Déi Zäit huet mir wierklech d’Aen opgemaach, néie Wand a meng Museksaktivitéit bruecht a mir gewisen datt alles méiglech ass an engem eigentlech keng Limitte gesat sinn.

Wéi eng Léieren hues du dann nach aus dësem Bachelor gezunn?

Et gëtt een e bëssen an d’kaalt Waasser geschmass an deem Sënn datt een zum Beispill léiert seng Roll als Bassist ëmmer mussen ze erfëllen, egal a wéi enger Konstellatioun. An där Roll muss een och léiere wou een sech an der Band befënnt an datt ee lo beispillsweis keng Melodien ze spille kritt. Konkret gesot léiert een einfach mat anere Museker ze koexistéieren. An dat ass eppes wat ech elo zu Lëtzebuerg net esou mat op de Wee kritt hunn; ganz oft herrscht dann de Mindset datt ee just op sech selwer konzentréiert ass wann een matenee jammt. Mee dat ass esou wéi wann een e Gespréich géif féieren an just seng eegen Argumenter ausschwätzt ouni nozelauschtere wat säi Géigeniwwer ze soen huet.

Wat Coursen vum Bachelor uginn hunn ech natierlech och vill geléiert. All Woch hat ech fir mäin Haaptfach eng Stonn Basscours, fir deen ech awer d’ganz Woch iwwer mech selwer dokumentéiert a mäi Progrès beuecht hunn. Nieft den Ensembelen huet een och Theorie, wou een zum Beispill léiert wéi e Stéck véierstëmmeg geschriwwe gëtt.

Dann ginn et awer och nach vill méi extra Fächer bei deene Musek an een anere Kontext gesat gouf. Sou hat ech beispillsweis eng Kéier e Cours dee “music & meditation” geheescht huet a bei deem ee ganz genau misst op déi aner lauschteren a bewosst op hiren Input mat sengem Instrument äntweren. Dat war halt eng ganz aner Approche zur Musek wéi ech se gewinnt war. Zudeem huet een och Fächer, wéi “Music business and career” fir déi ee gréisser Projete vun Ufank bis Schluss duerchzéie muss.

© Liz Wolter

Wéi gesäis du als jonke Beruffsmuseker eis momentan Kulturzeen zu Lëtzebuerg?

Och wann se vläicht am Moment nach e bësse schwaach ass, ginn et vill Leit déi Initiativ huelen an déi och wierklech Loscht hunn Musek a Filmer oder ähnleches ze maachen. Ech mengen datt mir eis grad nach un der Uewerfläch befanne well nach ëmmer net genuch no baussen hin promovéiert gëtt. Ech verstinn datt engersäits réischt säit enger kuerzer Zäit Musek op lëtzebuergesch gemaach gëtt an déi dofir nach net grad esou populär ass, mee et gëtt mëttlerweil trotzdeem genuch Contenu dee méi an der Kulturzeen gepusht kéint ginn.

Et huet sech och munches geännert vun enger Generatioun zur anerer. Wou soss ëmmer ganz Zeene bekannt waren, wéi zum Beispill Punk-, Ska- a Metalzeenen, stinn elo éischter vereenzelt Kënschtler*innen am Virdergrond. An dat ass och gutt esou, sou laang jiddereen eng Chance huet fir sech kënnen no baussen hin ze beweisen. An do missten et entweder méi Plattforme ginn, oder déi déi schonn etabléiert sinn, misste méi innovativ Initiativ ergräifen.

An wéi enger Epoch häss du am léifste gelieft wat d'Musek betrëfft?

Ech géing soen do wou de Jazz an Amerika ugefaangen huet, also plus ou moins d’30er/40er Joren. An där Zäit ass halt déi éischte Kéier sou richteg Danzmusek gespillt ginn, wat mir haut nach ëmmer als Basis fir esou villes huelen, wéi zum Beispill Disco, Funk an House. An ech denken datt dee Moment wou déi éischt Jazzmuseker live gespillt hunn, d’Leit dat Neit héieren hunn a sech dozou beweegt hunn, esou krass gewiescht muss sinn!

Fir méi Informatiounen:

ARTICLES