Magali Speicher - Vum Studium zum...

03 mai. 2021
Magali Speicher - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Magali Speicher, 21 Joer
  • Studium? Bachelor of Photography
  • Institutioun/Uni? Royal Academy of Art The Hague (KABK) an Holland
  • Momentan? Zweet Joer am Bachelor of Photography mat Richtung Fictioun
  • Lafend Projeten? “The Show Must Go On” Projet zu Lëtzebuerg & Uni Projeten an Holland

Wosst du schonn ëmmer dass du Fotografin wéilts ginn oder wéi bass du zu dësem Studium komm?

Jo, eigentlech war ech vu ganz jonkem un ëmmer schonn eng Kënschtlerin. Ech konnt mir ni virstellen net ze kreéieren oder eppes ze maache wat en anere mir seet; dat heescht dunn war et scho fréi a séier kloer datt ech am kreative Beräich wéilt schaffen. Ech wosst awer nach net genau a wéi eng Richtung dat géif goen, op elo Musek, Molen oder soss eppes Kreatives. Wou ech dunn am LGE an den Uelzechtkanal (e Fernseesender vum Lycée) komm sinn, hunn ech gemierkt datt ech Gefalen um Film fonnt hunn. Gestéiert huet mech awer datt een sech beim Film fir ee gewëssene Beruff decidéiere muss, wéi zum Beispill Regisseur, Kameramann oder Monteur... An dofir hunn ech Fotografie gewielt, well een do “alles” dovunner maache kann... et geet einfach vun A bis Z.

Och op der Sektioun E hunn ech gemierkt datt een net nëmme mat Film mee och mat enger Foto vill aussoe kann. Wou mäi Proff mir ugerot huet ech sollt mat der Fotografie um Ball bleiwen, hunn ech och ugefaange Fotoe vu Kolleegen ze maachen, fir zum Beispill nei Profilfotoen a sou weider. Op eemol sinn du schonn Ufroen iwwer Instagram vu frieme Leit erakomm, fir Fotoe vun hinnen oder hire Concerten ze maachen. An esou ass lues a lues déi Léift zur Fotografie ëmmer méi grouss ginn. Wou ech mir dunn näischt aneres méi als Beruff virstelle konnt, hunn ech decidéiert dëse kënschtleresche Studium an Holland unzefänken a menger Leidenschaft nozegoen. 

An du schéngs ganz zefridde mat dësem Choix ze sinn! Kanns du bësse méi iwwer däi Fotostudium op der Royal Academy of Art zu The Hague erzielen?

Yes! Also ech si momentan am zweete Joer vum Bachelor of Photography an hunn mech tëscht Documentary & Fiction fir d’Richtung Fiction entscheet. Am éischte Joer kritt een e generellt Fachwëssen fir datt en dann am zweete Joer dëst scho bei Projeten applizéiere kann. Eis Coursë si ganz villfälteg, dat geet vun theoretesche Coursë wéi Konschtgeschicht, technesch Kompetenzen oder Photoshop am éischte Joer, bis hin zu méi psychologeschen a gesellschaftskritesche Coursen. Bei deene gëtt zum Beispill iwwert d’Geschicht vun enger Foto diskutéiert oder d’Problemer vun eiser Gesellschaft ervirgehuewen, an d’Aart a Weis mat där een als Fotograf op dës Problemer opmierksam maache kann. Dann hunn mir och nach Coursen déi eis op d’Zukunft virbereeden a Froe beäntweren, wéi zum Beispill: “Wéi kann ech mech selbststänneg maachen? Wat si meng Rechter? Wat heescht et eigentlech konkret Fotograf*in ze sinn?”

Wéi gesäit d’Ëmsetzung vun dengem Studium am Alldag aus?

Majo bei eis op der Uni hunn mir ëmmer mol een Dag an der Woch fräi fir méi grouss Saachen op d’Been kënnen ze stellen, sou laang eis momentan Situatioun dat erlaabt. Coursë selwer sinn zwar alt mol laang an ustrengend, zemools am éischte Joer, mee ganz nëtzlech well een do zum Beispill Feedback zu senge Projete kritt. Mir selwer, eis Matstudent*innen an eng Jury bewäerten eis Aarbechten net no Punkte mee mat Hëllef vu verschiddene Critèren. Dat heescht wann een zum Beispill op de Critère “to collaborate” bewäert gëtt, soll een säi Projet dësem Encadrement upassen. Fir de Rescht si mir awer ganz fräi a kënnen op eegen Hand un eisen Aarbechte schaffen.

Ech selwer behandele meng Fotoe gären eenzel an net an enger Serie, well mir dëst erlaabt d’Foto éischter wéi een Tablo ze betruechten. Ausserdeem fannen ech et flott fiktional Persounen a Charakteren duerzestellen, déi mat hirem Ëmfeld an deem Moment interagéieren; eigentlech bëssen esou wéi ee "film still". Oftmools gesäit een d’Persoun da vu Kapp bis Fouss, wat engem dëst “uncanny” Gefill gëtt an de Betruechter sech deelweis freet op et Realitéit oder Fiktioun ass. Ech spille gäre mat dëser Atmosphär vun der Ongewëssheet a probéieren dat op menge Fotoen eriwwer ze bréngen.

© Magali Speicher

Wat steet dann no dësem Bachelor un, direkt d’Selbstännegkeet oder fir d’éischt nach e Master?

Also ech wéilt scho gären ee Master maachen, mee op et Sënn mécht? Nee, net sou wierklech. Mee trotzdeem wéilt ech nach gäre weider studéiere fir och eppes aneres kënnen ze gesinn. Zemools well elo op d’mannst 2 Joer vu menge Studium ewech fale wéinst der Pandemie, géif et mech scho freeën iergendwou anescht nach eng Kéier e Studenteliewen nei unzefänken.

No dëser Erfarung gesinn ech mech awer zimmlech direkt an der Selbststännegkeet. Ech kommen op alle Fall zréck op Lëtzebuerg, wëll do meng Base hunn a sesshaft bleiwen. Et ass nämlech mäin Zil en eegene Studio ze hunn a domadder selbststänneg ze sinn. Mee trotzdeem sinn ech awer och wierklech oppe fir Opträg am Ausland unzehuelen, fir déi ech dann och reese kéint.

Dat heescht du wäerts geschwënn Deel vun der Kulturzeen zu Lëtzebuerg ginn. Wat géings du dann anere Jonke mat op de Wee gi fir genau dëst kennen ze erreechen.

Also ech géif mengem eegene jonke “Ech” mat op de Wee gi, datt hatt sech net ze vill soll stresse loossen. Well am ënnerleche wosst ech schonn ëmmer wat ech maache wollt. Wann een nämlech méi genau op säi Bauchgefill lauschtert a sech net ze vill stresst, da kënnt een dohinner wou een sech spéider gesäit. Ech fannen och datt een iwwerall eng Chance huet wann ee gutt an deem ass wat ee mécht. Et ginn nämlech momentan vill jonk Fotografen an der Lëtzebuerger Zeen an ech gesinn immens vill Potenzial datt d’Fotografie an der Zukunft nach méi an de Virdergrond réckele wäert.

Wéi eng Epoch inspiréiert dech am meeschte wann et ëm d’Fotografie geet?

Ech mengen definitiv d’80er. D’Joere vun de 60er bis an d’80er ware wierklech vun der Fotografie a vun den neie Richtunge staark beaflosst. D’Konzept vun der Fotografie huet sech verännert, sou datt et an den 80er zimmlech wëll ginn ass, fannen ech. Fir d’éischt mol sinn déi Leit an de Virdergrond geréckelt, déi soss net als Models ugesi goufen. Dat heescht d’Leit ware vill méi fräi mat deem wat si maache konnten; eigentlech sou wéi haut, just vill méi ikonesch. An där Zäit huet et ugefaangen datt manner jugéiert gouf an datt een sech séier een Numm konnt maache wann een sech getraut huet dat ze maache wat op eemol erlaabt war. Et war wierklech eng Aart Knackpunkt ëm déi Zäit, bei deem ech gären derbäi gewiescht wier.

Méi Informatiounen: