De Jean-Philippe Rossignol iwwert d’Frankfurter Buchmesse an d’Lëtzebuerger Literatur

20 oct. 2021
De Jean-Philippe Rossignol iwwert d’Frankfurter Buchmesse an d’Lëtzebuerger Literatur

© Kultur | lx
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nora Schleich

D’Literatur vun haut: Eng zäitgenëssech Agora

Am Virfeld vun der Frankfurter Buchmesse hu mir eis mam Jean-Philippe Rossignol, zoustänneg fir de Beräich Literatur a Publikatioun bei Kultur:lx iwwert d’Literatur u sech, hir Funktioun an hire Stellewäert am 21. Joerhonnert ënnerhalen. D’Frankfurter Buchmesse, déi vum 20. bis den 24. Oktober stattfënnt, gesäit sech mat den neien Erausfuerderunge vun der Digitalisatioun konfrontéiert. Datt dat awer virun allem och nei Méiglechkeete schaaft, an dat Kultur:lx dës och zu Frankfurt notze wäert, verréit eis den Jean-Philippe Rossignol.

Loosst eis philosophesch ufänken: Wat ass iwwerhaapt Literatur? Wéi eng Funktioun huet si?

Ech denken d’Literatur huet d’Aufgab, d’Leit mateneen ze verbannen. Si schléit eng Bréck tëscht de Leit, genee wéi een d’Freed um Schéinen an un der sënnlecher Erfarung mateneen deele wëll. An der Literatur kënne mer zesummen entdecken. Ech gleewen net un eng Spaltung tëscht wëssenden an onwëssende Leit: d’Literatur invitéiert jiddereen an ee stännegen Dialog. Et tauchen nei Aspekter op, déi ee mat senge Matmënschen deelen a beschwätze kann. Mir zielen eisem Géigeniwwer gär, wat mer grad liesen a wat dat mat eis mécht oder wat et fir eis bedeit. Mir denken also, datt et deem aner och kéint gefalen, datt et deen och kéint beréieren. Et ass ee Medium fir jiddereen an aner Welten z’invitéieren an en aus senger perséinlecher Bull ze léisen. Esou schafe mer Verbindungen tëscht den Individuen.

Wéi eng Erausfuerderunge stellt een digitaliséierten Alldag un d’Buch un d’Literatur?

Fir mech ass d’Digitalisatioun eng Stäerkt fir Inhalter un d’Leit ze bréngen. D’Aart a Weis ze liesen huet secher changéiert. D’Leit liese manner ganz Wierker mee éischter méi kurz Texter. Mir musse lo kucke, wéi mer domat ëmginn. Op där enger Säit mecht dat Digitaalt immens accessibel, mee et gëtt och schnell ze staark reduzéiert a beschränkt. Ee Wierk op e puer Konzepter, Wierder oder Facetten ze reduzéiere geet oft net duer. Konscht wouerhuelen huet eppes mat Zäitlechkeet ze dinn; wéi mer eis an ee Wierk raversetze kënnen, wéi mer eis Zäit dofir huele fir et ze verstoen, fir et gär ze hunn oder fir sech un ëm ze stéieren. Vläicht brauch een heiansdo Méint oder Joren, bis d’Buch engem zougänglech gëtt, mee dat ass Deel vun engem ganz perséinleche Parcours, e Prozess deen ni ophält.

Wéi eng Funktioun huet Kultur:lx an Ärem Ressort?

Meng Roll hei an der Ekipp besteet doran, mat de Lëtzebuerger Auteuren an Editeuren ze kucken, wéi een déi Lëtzebuergesch Literatur nach méi no vir brénge kann – hei am Land souwéi am Grenzgebitt, an der Schwäiz, an doriwwer raus. Duerch d’Pandemie gouf et effektiv e Changement. D’Schrëftsteller misste permanent online present sinn, si missten hir Medien-Channels op de soziale Plattformen ënnerhalen: vläicht live Instagram-Beiträg schalten, op Facebook iwwert hir Wierker a Kreatioune schwetzen, sech mat aner Schrëftsteller a Kënschtler austauschen. Do sinn immens schéi Saachen dobäi rauskomm. Et war flott ze gesinn, wéi sech aus allen Ecke vun der Welt pluridisziplinär Artiste mateneen ënnerhalen hunn. Dat wär soss net sou einfach méiglech gewiergt – a vill Leit, déi soss ni zu sou Dialogen Accès gehat hätte, konnte ganz einfach vu sech doheem aus dorun deelhuelen. Dat ass eng grouss Chance.

Ech denken awer och, dat den Online-Medium gewësse Schwächten huet. E kéint eis dovun ofhalen, wierklech mënschlech Verbindungen ze liewen. D’Iddi vum griichesche Forum, vun der Agora, faszinéiert mech. Ech si fir eng kontemporär Agora, fir ee stännegen Dialog ënnert Individuen. Ee kucken, mat engem schwätzen, op engem seng Iddie reagéieren, dat ass op der Plaz selwer ëmmer eppes anescht wéi virun engem Ecran. Online Foren si sécher interessant, mee den in situ Austausch ass fir eis Mënschen immens wichteg.

Eis Presenz op der Frankfurter Buchmesse an och d’Debaten, déi mer organiséiert hunn, wäerten all live gestreamt ginn, mee ech zielen do och op wierklech Interaktioun mam Publikum op der Plaz.

Frankfurter Buchmesse/Marc Jacquemin

© Frankfurter Buchmesse/Marc Jacquemin

Wat erwaart eis op ärem Stand op der Frankfurter Buchmesse?

Dës Buchmesse wäert nach mat strenge sanitäre Reegele funktionéieren. An awer probéiere mir een Espace unzebidden, an deem d’Auteuren entdeckt a begéint kënne ginn, an deem Kreativitéit gespuert a gefërdert gëtt. Dozou gehéiert, de Bestand an d’Neiegkeete vun der Lëtzebuerger Literatur ze weisen, deen sech an dräi gréisser Katalogen opdeelt: Fiktioun, Non-Fiktioun a Jugendliteratur. Den Networking wäert natierlech och seng Plaz kréien; hei sollen sech eis Editeure mat weideren Agenten a Bedeelegten aus dem Feld austausche kënnen.

Eng Besonneschkeet vun dësem Joer ass de Kader: Mir hunn mam Illustrator Marc Angel, deen de Lëtzebuerger Buchpräis zesumme mam Samuel Hamen fir d’Buch Zeeechen aus der Edition Binsfeld gewonnen huet, zesummegeschafft. Dem Marc Angel seng Zeechnung mat schwaarzer Tënt wäert d’Mauere vun eisem Stand dekoréieren. Dës Kreatioun stellt dem Marc Angel seng Interpretatioun a Visioun vun der Lëtzebuerger Literatur duer: eng Rees vun deemools bis haut, an där een nach vill entdecke kann. Et kënnt engem vir, wéi wann een an d’Dreemerei vun engem Schrëftsteller beim Schreifprozess géif andauchen, wann him, viru sengem geeschtegen Aen, eng ganz Welt vu Personnagen a Plazen hei am Land opginn. Dat ass souwuel eng imaginär Entdeckungsrees, wéi och eng, déi vun der Illustratioun visuell gedroe gëtt.

Ze héiere gëtt et awer och eppes, sief et wann Dir op de Stand kommt oder um Live-Stream deel huelt. Mir hunn véier Debatten: Ënnert anerem ginn d‘Theme Fiktioun am Rapport zum Konformismus zu Lëtzebuerg oder d’Méisproochegkeet an eisem Land behandelt. Schüler aus dem Lycée Technique vu Lallange wäerten um Enn vun dëser Seance hir Froen un d’Auteure riichten. Déi weider Table Ronden beschäftegen sech mat Reflexiounen ëm Kandheet an Imaginatioun, wou Illustrateuren an Auteuren zesummekommen, a mir schwätzen am leschten Entretien iwwert d’Iwwermëttlung an d’Verdeelung vun der Literatur op de soziale Medien. All dat gëtt op der Facebook-Säit vu Kultur:lx live iwwerdroen. Dono fënnt een eng Rediffusioun op kuk.lu.

Wéi gesitt Dir d’Stellung vun der Literatur zu Lëtzebuerg?

Di lëtzebuergesch Literatur ass eng immens räich a villfälteg Literatur, déi et scho laang gëtt. Et gi sëllege Verëffentlechungen a verschiddene Beräicher, dat ass ganz wäertvoll. Eis Literatur weist och vill Verbindungen a Bezich op. Si ass zum Beispill enk mam universitäre Feld verbonne, mee ech denken et ass nach vill a Richtung Lycéeën a Schoulen ze maache, fir di zäitgenëssesch Lëtzebuerger Literatur och de Jonken ze iwwermëttelen: Wéi kënnen Auteuren, déi an heemesche Verleeg wéi Binsfeld, Capybarabooks, Hydre Editions an all di aner, publizéieren, och am schouleschen oder Veräinsliewen entdeckt, gelies a behandelt ginn? Dat gi mer am Bezuch op d’Promotioun vun eisen Texter a Bicher hei am Land un. Déi kulturell Institutiounen, wéi d‘Nationalbibliothéik oder de Literaturzentrum zu Miersch sinn do scho gutt opgestallt an hu staark Netzwierker, déi mer och nach wieder ausbaue wëllen. Mat dësen Ekippe schaffe mer scho vill zesummen. All dës Acteure musse gutt a sënnvoll matenee verbonne ginn. D’Medien, d’Press oder déi digital, an och d’Librairien, déi spille bei der Verdeelung vun der Literatur natierlech eng Haaptroll. Mir mussen eng staark Präsenz weisen, an do sinn d’Frankfurter Buchmesse an d’Walfer Bicherdeeg wichteg Momenter.

E weideren zentrale Projet sinn Iwwersetzungsaarbechten, fir auslännesch Literatur an eiser Sprooch ze publizéieren an och ëmgedréint eis Wierker an d’Ausland ze bréngen. Däitschland huet eng sproochlech Proximitéit, mee et ginn och ganz interessant Entwécklungsméiglechkeete mat franséische Verleeg, déi mer an Zukunft wieder ausbaue wäerten.

Et wäert Iech an Ärer Ekipp deemno net langweileg ginn…

Et gëtt esou vill ze dinn, do maachen ech mir keng Suergen!

ARTICLES