BLANKET HILL & THE COURAGE OF HOPELESSNESS

18 oct. 2022
BLANKET HILL & THE COURAGE OF HOPELESSNESS

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nicolas Calmes

Ween sech och nëmme kuerz mat Metal beschäftegt, mierkt séier, dass hannert der aggressiver Musek a bedroender Ästhetik grouss Teddybiere sinn, déi kenger Méck eppes géingen undoen. Bei Hardcore ass dat aneschtes. Aus dem Mix vu Metal a Punk ass eng eege Subkultur zestane komm déi ­– besonnesch am Livesetting – schockéierend brutal ka sinn. Trotzdeem héiert een dëser Musek hire Bluesursprong weiderhin un, zemools an de rosenen, trauregen Texter. Hautzedaags gi geleeëntlech Sampleasätz a Rapelementer dem Genre een anere Schwong, sou dass een am Moshpit tëschent epileptesche Krisen och heiansdo matwippen dierf.

Zu Lëtzebuerg sinn aktuell Blanket Hill déi aktiivst Representanten dovun. Den 21. Oktober stelle se an der Schungfabrik zu Téiténg mat Hëllef vu Fusion Bomb, Praetor, Bridge Burner an Echosex hiren Album The Courage of Hopelessness fir. Zu dësem Ulass treffen ech mech zu Diddeleng am Why Not? mam Sänger a Songwriter David Masion a mam neiem Gittarist Miguel Texeira Sousa, deen een villäicht besser als Frontman vu Fusion Bomb kennt. Mir schwätzen iwwert Moshpit Etikett, Verschwierungstheorien an Hoffnungslosegkeet.

©Nicolas Calmes
©Nicolas Calmes

De Lineup vu Blanket Hill huet sech iwwert d’Jore vill verännert. Et sinn net méi vill original Memberen iwwereg. De Scott, äre Batteur, huet ufanks de Guy nëmmen ersat, elo ass hien ee vollwäertege Member. Wat ass mam Guy geschitt a Miguel, firwat bass du Blanket Hill bäigetrueden?

D: De Guy huet vill ze dinn. Sou vill ze dinn, dass hien net méi Zäit oder Energie fir d’Band hat. Hien hat déi Paus gebraucht. Dunn huet sech erauskristalliséiert, dass de Level op deem Blanket Hill lo spillt a weider wäert spillen net vun him gemaach ka ginn. De Scott hat dann einfach Bock. Mir soen dem Scott och net nee. Mir hu vill zesumme gemaach, och mam Miguel. Mir si squatte gaange, waren zesummen aner Bands kucken. Do war de Moyen do. Blanket Hill ass een Zuch, deen net stoe bleift. En fiert eng Kéier an d’Gare an hellt een Neien mat. Vill Bands hunn domat Schwieregkeeten, “hien ass elo net do.” Ma da spill mat engem Ersatz. Ech sinn och schonn op zwou Shows ersat ginn. Och de Sänger kann ersat ginn.

M: Firwat ech derzougezu sinn ass well mer d’Band einfach schonn emmer mega gefällt. Ech hu mega Bock, eppes méi Brutales ze spillen, deen Hardcore shit wou Leit sech op d’Maul fachen, anescht nach wéi bei Fusion Bomb. D’Ballsiness, déi mer och mat Fusion Bomb verkierperen, hunn ech direkt bei iech gesinn. Iech ass et schäissegal. Dir gitt einfach sou an England touren. Ech kenne keng aner lëtzebuergesch Band, déi dat mëscht. Firwat net einfach dobäi sinn? D’Chemistry klappt.

D: Et ass wéi vum selwe gaangen. Den Ornello, de Sven an ech, mir waren natierlech mega happy well mer woussten, mir hunn elo Leit deene keen Blanket Hill erkläre muss. Si wëssen em wat et geet. Si wëssen, wa mir iergendwou hikommen, da gëtt d’Hand op den Dësch geklaakt, sou, mir sinn hei, dir kennt all heemgoen. Si wësse, wéi d’Attitüd ass.

David, du hues viru Kuerzem ee Fusion Bomb Set gehighjacked an eng erweidert Versioun vun hirem Lidd Slam Tornado gesongen. Wou s de op d’Bün koums, sos de de Leit am Publikum: “Kick someone in the face, I don’t give a fuck”. Gëtt et esou eppes ewéi ze vill moshen?

M: Et gëtt eppes wéi ze vill moshen, wann s de dat nach moshen nenne kanns. Et gëtt eng ganz Kultur ronderëm Crowdkilling a Karate am Pit. Et ass wichteg, dass Leit sech sou beweegen an danze wéi se wëllen. Wann et zu Schëllerkontakt kennt oder e bëssche gedréckt gëtt, ok. Mee dat wat ech op villen Hardcore Shows gesinn, si Leit déi aner Leit mat Intentioun schloen oder aner Leit ukucken a shadowboxen: Wann s de sou mëschs, wéi wann s de engem géings ee Kick oder eng Fauscht an d’Schnëss ginn. An e puer Mol geschitt dat och. Fir déi Leit, déi dat gäre maachen ass dat ok, mee dat ass net fir jiddereen ok. Wann s de der Leit eraussichs, déi näischt wëllen domat ze dinn hunn, geet dat ze wäit. Natierlech gëtt et ëmmer eng Etikett. Wann s de matzen am Pit oder um Rand vum Pit op enger Thrash Metal Show bass, kanns de der villäicht erwaarden, dass eppes geflu kennt. Pass op oder géi op d’Säit. Mee wann s de op enger Hardcore Show esou wäit wéi méiglech bei der Mauer stees an et kennt ee geflunn, ass dat ze vill.

D: Fir op mäin Zitat zréckzekommen: Wann ech soen “kick someone in the face,” da mengen ech Leit déi wëllentlech bereet sinn dat op sech ze huelen an net elo der Frëndin seng Mamm déi fir d’éischte Kéier op de Concert kennt an hannen bei der Bar steet. Mir hunn awer scho mat ville Bands gespillt, déi dat propagéieren. Dat ass net mäi Film. Mir hunn och schonn des Ëfteren mol gesot, hei, et geet elo duer. Et gi Leit, déi ee Moshpit als free-for-all gesinn. Heiansdo gett am Pit och Beef gesettled. Ech si kee Fan vun allméiglech Begrëffer ronderëmgeheie mee et gëtt och toxic masculinity.

M: Et ass witzeg, ech hunn zwar op der leschter Show, wou mer och gespillt haten, ee Meedche gesinn, dat sech richteg gutt am Karate-Pit geschloen huet. Mee de Machsimo stéiert mech, deen “ech weisen elo, wéi staark ech sinn.”

D: Dat ass degeulasse. Ech schwätzen elo nëmmen aus menger Perspektiv: ech sinn 1,90 Meter grouss. Ech weien 130 Kilo. Ech hu siwe Joer laang Football gespillt an ech hu geboxt. Wann ech eng änlech Persoun am Moshpit treffe kéint dat elle ginn, dat muss der bewosst sinn. Ech krut och scho Féiss an d’Gesiicht, ech hat och schonn d’Nues gebrach wéinst esou eppes mee ech hu mech net beschwéiert. Ech si Fan dovunner haart ze moshen mee maach et mat deene Leit, déi Bock dorop hunn. Mir hunn schonn esou vill cool Shows gespillt, wou haart gemosht gouf, wou deelweis Leit sech wéigedoen hunn, mee et war alles mat engem positive Spirit. Och do fléien Äerm, och do fléie Been, mee dat ass ni mam Wellen een op de Stretcher ze schécken. Dofir sinn ech net do. Ech fueren net 300 Kilometer, fir dass ee meng Musek hëlt, fir een aneren zesummenzeschloen. Et ginn effektiv Limitten.

D’Museksvideo vun Defcon One kéint ee Rapvideo sinn, mat all deene deieren Autoen. Verschidden Hardcore Fans hu sech zum Video kritesch geäussert well d’Weisen vu sou Räichtum kontra dem Genre senger buedemstänneger Ästhetik a senge Wäerter wierkt. Wat äntwert dir deene Leit?

 

D: Ass mir schäissegal. Ech verstinn d’Iddi hannendrun mee ech géing et méi fake fanne wa mir maache géinge wéi wa mer eppes si wat mer net sinn. Mir hunn Interêten, déi net déi nämmlecht si wéi déi vun Agnostic Front an den 80er Joren. Ech kann net dovun ziele wéi et war zu New York ouni ee Frang an der Täsch grousszeginn. Et ass fir mech méi authentesch, meng Erfarungen ze spigelen. Wann ech zéng Kolleegen hunn déi Porsche fueren an mäin Auto geet och gutt, an de Miguel geet een Auto kucken éier mer op de Concert fuere well jidderee Moyen op Autoen huet, firwat solle mer d’Autoen net an de Video stellen? All déi Leit, déi kommentéieren “wat maachen déi Autoen am Video,” déi sinn all fucking salty, well si kee Porsche am Video hunn.

M: Dat mat den Autoen hunn ech wierklech net verstanen. Du muss jo net mega räich sinn, du kanns einfach just een Autoliebhaber sinn. Mir kruten déi Remark mat Fusion Bomb och scho gemaach: “Du kanns kee richtege Thrash Metal maache wann s de net aus der Ënnerschicht kenns.” Ënnerschicht ass relativ. Du kanns aus der Ënnerschicht an Däitschland sinn an du bass de Räichsten a Ruanda. Ech maachen awer Thrash Metal an engem Land mat engem héije Liewensstandard an dat muss ech mengen Elteren verdanken. Ech war ni räich. Ech géing mech am Fong als Deel vun der Ënnerschicht vu Lëtzebuerg consideréieren. Mai Papp ass maçon, meng Mamm ass Botzfra. Si hunn de Choix gemaach, aus engem Bauerenduerf a Portugal an de Bierger erop no Lëtzebuerg ze zéien. Dat war de beschte Choix, dee si gemaach hunn an dofir soen ech hinne Merci. Firwat soll ech mech dofir schummen? Fir eng Success-Story vu Portugisen, déi a Lëtzebuerg komm sinn? De Fakt, dass du ee Mustang hues, heescht villäicht, dass du iergendwou aneschtes eppes manner hues. Et ka sinn dass déi Leit, déi dech domm umaache well s de mat deieren Autoen am Video fiers, am Summer eng dräi Woche Vakanz an de Maldive maachen, mee si hu keen décken Auto, si hu just een Hyundai i30. “Kuck, ech hu kee décken Auto.” Dat ass egal wat. De Video geet drëm, de Kontrast tëschent Wuelstand an Aarmut ze representéieren.

David, ech hat dech viru sechs Joer schonn eng Kéier geinterviewt. Mir eis doriwwer ënnerhalen, wéi däin Engleschstudium deng Astellung zur Welt an zu denger Konscht an denge Lyrics beaflosst. Elo wou der béid fäerdeg mam Studium sidd, wouhi kuckt dir, fir weiderhin als Persoune bäizeléieren an ze wuessen? 

D: D’Leit ronderëm mech. An eisem Alter hues du konstant Leit ronderëm dech, déi Saache kënnen, déi s du net kanns oder Saache besser kënnen, wéi s du se kanns. Also de Miguel spillt besser Gittar wéi ech. Du kanns dat kombinéieren, wéi mir et mat eisem Album gemaach hunn. Du kanns hinnen och eppes matginn, du kanns vun hinnen léieren. Et ass einfach eng Fro vun interesséiert an oppen bleiwen.

M: Ech hunn ëmmer vill vu menge Kolleege geléiert. Virun allem d’Leit vu Fusion Bomb well dat den enksten Krees ass. Mee ech mengen elo, nom Studium, wou ech meng Aarbecht hunn, meng Wunneng hunn, ass déi Persoun déi mir am meeschte bäibréngt meng Frëndin. Du léiers och oft vu Leit, déi s de net wierklech gutt kenns, déi s de sou trëffs, wann s de mat der Band op Tour bass. Du kucks der Saache bei anere Leit un. Wat se gutt maache, kopéiers de, wat se net gutt maache, mëss de net. Impale aus Dänemark war déi éischt Band, mat där mer mat Fusion Bomb op Tour waren. Si hunn eis gewisen, egal wou s de spills a wéi vill Leit do sinn, gëff alles. Dat maache mer hautzedaags och nach. Si hunn eis och gewise wat s de net solls maachen, zum Beispill viru Concerte koksen oder Speed huelen, dat ass…

D: Dat ass fir duerno. (Laacht) Ech ginn der Rescht mam Lisa, mat der Frëndin. Wann s de déng éischt grouss Schrëtt am Liewe mëschs, mëschs de dat mat denger Equipe, mam Partner, an do léiers de vill bäi. An der Band, éier s du an de Scott dobäi waart, hate mer änlech Experienzen mat anere Bands. Wéi schwätz de mat engem Promoter? Wann hie seet, “déi fofzeg Euro, déi hu mer elo awer net,” dass de der dat net gefale léiss. Dass de da sees, “Kolleeg, da gi mer elo zu zéng bei de Bankomat, a wann d’Suen net do sinn, dann huele mer eppes vun änlechen Wäert mat.”

M: Dech fir manner verkafe wéi s de am Fong wäert bass, ass eppes, wat keng Band dierft maachen. Eng Zeen ass ee Requisite fir Succès. Du kanns net eleng op eemol alles wëssen. Du wäerts egal wéi op d’Schnëss falen.

D: Op der Uni war villes Theorie. Do ass generell vill, jo, schreifs de mol eppes op de Pabeier an da seet een der dat ass gutt oder dat ass net gutt. Mee wann s de dat un däi richtegt Liewen applizéiers, gesäis de eréischt, wéi verschidde Saache funktionéieren. Du verléiers och villäicht och e Bëssche vun der Naivitéit. Wann s de vun der Uni kenns, denks de der, et ass alles super, ech hunn ee Kapp voll Wëssen, keen hält mech op, an dann weess de awer net wéi s de eng Steiererklärung schreifs. Dann hues de awer een Kolleeg, deen huet dat scho misste maachen. An hie gëtt der da seng Experienz. Oder sai Comptabel. (Laacht)

M: Ech léieren och vill duerch wat alles an der Welt geschitt. Mir sinn an enger schwéierer Zäit déi warscheinlech net wäert besser ginn. Ech hu vill Saache realiséiert, vu wéi gutt Leit Mënschen am Fong kenne sinn zu wéi schlecht se och kenne sinn, an dass meeschtens déi schlecht Saachen awer mat enger gudder Intentioun gemaach ginn. Mee si leien einfach falsch an hirem Ausgangspunkt.

Eng weider Saach, déi sech an der Welt an de leschte Joer gedoen huet, ass eng nei Verbreedung vu Faschismus, wat dir am Lidd The Withered Heart adresséiert. Heiansdo ass dëst hannert Verschwierungstheorie verstoppt, wat dir de am Lidd Moon Logic adresséiert. Wat sinn déi beschten Aart a Weisen dogéint ze kämpfen?

D: Transparenz op alle Säiten. Du kanns keng Verschwierungstheorie verbreede wann s de keen Doute kanns streeën. Viru Villem, wat an der Lescht geschitt ass, sief dat mat Finanzmarchéen oder mat Corona, hate vill Leit vill Angscht an et gouf direkt gehighjacked vun iergendwellche Faschisten. Et ass schued, well vill Leit drop erafalen. Op der anerer Säit gëtt dann awer direkt op Leit geklappt, déi soen, “ech géing awer gären e bëssche méi Informatioune sichen.” Ech fannen et schwiereg, well s de sou vill géigesätzlechen Input hues, vun alle Säiten, konstant, dass de net méi den Iwwerbléck behäls an dass de net méi déi eege Meenung kanns hunn ouni dech selwer ze hannerfroen. Natierlech hues de do Leit, déi komplett off the deep end falen a mega konfuse Schäiss vu sech ginn. Mee d’Ausgangsfro ass valabel. Ech verurteele keen, deen aus wat fir engem Grond och ëmmer op esou eppes erafält. Et gi vill gullible Leit, et gi vill Leit déi keng extensiv Bildung konnte genéissen. Wat ech degeulasse fannen, si Leit, déi dat ausnotzen. Do si Leit, déi wierklech Hëllef sichen an komplett ugeschmiert ginn. Et gëtt säit honnertdausend Joer Quacksalber, déi der iergendee Schäiss undréien a soen, dat do hëlleft. Do hues Kriibs? Drénk dat do. E bezilt, drénkt et, gëtt bleech a fräckt direkt. Dat ass dat, wat mech rosen mëscht.

M: Du hues Leit, déi näischt gleewe wat de Staat seet mee si gleewen iergendengem Penner dee guer keng Anung huet, an du hues Leit, déi dem Staat blann follegen. Gouf nach ni iergendeng kromm gedréint am Staat? Nee. Et gëtt ëmmer iergendwou eng kromm gedréint. Verschidden Informatioune sickeren net duerch, well verschidde Leit mat Pouvoir et net zouloossen, well se aner Interêten am Kapp hunn. Du kanns net einfach denken, “et ass alles sou, wéi et mer gezielt gëtt an sou liewen ech.” Da bass de à la merci vun deem dee grad d’Soen huet. All Staat, all Regierung muss eng Oppositioun hunn, Leit déi soen, “du spacks Schäiss, ech gleewen der net.” Also kanns de net komplett ouni ze hannerfroe wat wierklech geschitt duerch d’Liewe goen. Et gouf natierlech alles komplett iwwerspëtzt an der Coronazäit, a scho virdrun, an et wäert weider goen. Allgemeng ass de Punkt, dass ze wéineg Transparenz do ass. Et ass sou wéineg Wourecht do dass alles ka wouer sinn.

D: Dowéinst verbreeden sech Verschwierungstheorien jo. Well et Präzedenzfäll ginn, an ulterior motives. D’Masteraarbecht vun enger Frëndin vu mir geet em Migratiounspolitik an England. All illegalen Immigrant an England, deen ee fuerchtbare Wee op sech geholl huet fir unzekommen, gëtt a Ruanda geschéckt.

M: Egal vu wou en hierkënnt?

D: Jo. Et gëtt esou verkaaft, wéi wa Ruanda ee super Land wier mat ekonomesche Possibilitéiten an hei an do. Du hues independent Organisatiounen, Human Rights Watch a Kompanie, déi soen, Ruanda ass net esou gäil. Et ass wichteg, Leit ze hunn, déi hannerfroen wat dee Moment de Kolleeg Johnson nach vu sech ginn hat. Mee dann hues de och Leit, déi soen, hien wier eng Echs. Hä? Wat? Vill Leit verwiessele kritesch Denke mat alles rejetéieren. “Ech weess, wéi et leeft, dir all net.” Moon Logic ass mam Gedanke geschriwwen ginn, dass et vill Leit ginn, déi Hëllef sichen a richteg haart ausgenotzt ginn. Dat geet mir net. Domat hunn ech ee perséinleche Problem. An d’Faschiste kenne sech souwisou fécke goen. Wann déng éischt Reaktioun ass, engem eng op d’Schnëss ze ginn anstatt mat engem ze schwätzen, da kriss de der vun eis op d’Schnëss. (Laacht)

Heiansdo schlängele sech Verschwierungstheorien och an den eegene Vocabulaire, ouni dass et engem opfält. “Echsen,” zum Beispill, kennt aus dem Antisemitismus.

D: Jo, dat sinn ënnerschwelleg Saachen, déi s de iwwerhëls, déi zu enger Aart Folklor ginn. Iddien, déi jidderee mat sech ronderëmdréit. Kee weess wierklech firwat a vu wou dat hierkënnt. Dat ass tricky. Et ass ee konzentréierten Effort sech dat ofzegewinnen. Ech si mer och sécher dass wa mir all Kanner hunn, dat déi eis iergendwann soen, wat hutt dir dann do gesot? An haut si mir cutting edge an déck opgekläert. Dat geet einfach mat der Zäit, mengen ech, dass déi Saachen aus dem kulturellen Bild verschwannen. Ech verstinn deelweis Leit net, déi sech iwwert wat ee soen an net soe soll opreegen. Dat war nach ëmmer sou, soss géing d’Sprooch jo net méi evoluéieren. Soss wäerte mer nëmmen nach Lauter vun eis ginn.

Déi nächst Fro stellen ech nëmme mat Lauter: Bzzi bzza bzzzzt bli bla blu bli?

D: Ah, jo. Super Fro, Nicolas.

Perséinlech fannen ech et em Leit, déi net méi a mengem Liewe sinn, ze traueren emotional immens komplizéiert. Songwriten, wéi dir et maacht, hëlleft op eng gewëssen Aart a Weis mee mëscht de Prozess d’Péng net nëmmen nach méi schlëmm?

D: Déi eenzeg Aart a Weisen déi ech kennen déi fir mech funktionéieren, schwéier Saachen ze verschaffen, waren ëmmer Musek a Sport. Et ass net ëmmer einfach, mee et ass et derwäert. 1038 ass sou ee Song. Prisoner um neien Album och. Um Ufank ass dat natierlech haart. Du spills all Owend däi Song, du weess em wat et geet a firwat s de et geschriwwen hues. Mee elo sangen ech de Song a si sou, Alen, ech kucken op eng Zäit zréck a mengem Liewen déi am Fong mega rau war. Dat ass dann zum Schluss e bëssche Schäiss gewiescht mee jo.

M: Ech hu perséinlech nach net Musek esou benotzt well ech nach net déi Hardships hat. Ech hat natierlech och een heavy Breakup mee ech hunn en anescht veraarbecht. Ech si méi introvertéiert wat dat ugeet an dann huelen ech éischter meng Zait fir mech fir z’iwwerleeë.

D: Alle Wege führen nach Rom. Du spiers jo vum selwe wann s de de Besoin dofir hues.

M: Voilà. Dat kennt natierlech esou. Ech hu manner introspektiven, perséinlechen Output mat menger Musek. Wat ech mat Fusion Bomb lyresch maachen ass ze probéieren duerch meng Musek mat Saachen, déi an der Welt passéieren, kloer ze gi well se net richteg verstinn. Wéi eis Societéit funktionéiert, wat do acceptabel ass a wat net verstinn ech net wierklech. Ech soe mer, et kéint anescht sinn, et kéint villäicht besser sinn. Ech weess net genau wéi mee ech probéieren dat erauszefannen. Ech äusseren dann meng Meenung duerch meng Lyrics: Esou stinn ech elo zu dësem Thema. Villäicht ännert sech déi an zwee oder fofzeg Joer, ee Lidd ass jo ëmmer eng Foto vun enger Zäit. Mee all Lidd ass ee Schrëtt an eng Richtung wou ech mer soen, iergendwann verstinn ech et. Wann ech falsch leie bei deem wat ech soen, da géing ech mer och wënschen dass Leit sech dozou äusseren. An ech wënsche mer fir mech, hir Meenung am Hannerkapp ze halen. Du kanns net ëmmer mengen dass de bei allem Rescht hues. Ech denke bei verschidde Sasche villäicht och esou mee ech probéieren dat esou vill wéi méiglech z’ënnerbanne well dat ass dach de Sënn dovunner. Ech géing mer wënschen dass aner Leit och probéieren op hirer eegener Aart a Weis ze verstoe wat an der Welt geschitt a wat wichteg ass. Ech si mer sécher dass vill Leit sech oft hannerfroe mee vill Leit ginn et net gären zou. Wéi wëlls de un d’Wourecht komme wann s de mengs du häss d’Wourecht schon an der Hand?

Wou fënnt ee Courage wann een hoffnungslos ass? Wéi fënnt ee courage in hopelessness?

D: Wann s de sou am Aarsch bass, dass de just nach ee positive Schrëtt kanns maachen, dann hues de och Courage dat ze maachen. “Ech hunn alles gepackt bis heihin. Näischt ka mech méi briechen. Lo geet et rëm ab. Onwards and upwards.” Dat ass och eppes, wat ech gleewen. Dat ass ëmmer méiglech. Aus perséinlecher Experienz, dat funktionéiert.

M: Wann s de net selwer dru gleefs, dass et der ka besser ginn, kann et och ni besser ginn.

D: Dat ass d’thematescht Element wat all Song iergendwéi zesummestréckt. Och wann den Album vill negativ Saachen thematiséiert ass den overall Déngen, ok, mir hunn dat elo thematiséiert, komm mir ginn eraus a maachen dat besser. Du änners d’Welt net mee du kanns dech an där Welt zereschtfannen. D’Band God’s Hate huet am Refrain: “Life is hard. Be harder.” Dofir si mir och “Luxembourg’s Hardest.” Mir si riicht Dudes, man. Piss eis net un, da pisse mir dech net un. A wann s de eis upiss, da geet et der schlecht, fäerdeg ass de Lack.

Merci fir den Interview.

D: Merci Nicolas.

M: Merci.

Blanket Hill 21/10/22 Release Show Eventinfo

Blanket Hill – Defcon One Museksvideo

Blanket Hill – Moon Logic Museksvideo

Blanket Hill – Neighbourhood Museksvideo

ARTICLES