Benjamin Kruithof - Vum Studium zum...

27 avr. 2021
Benjamin Kruithof - Vum Studium zum...

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Liz Wolter
  • Wien bass du? Benjamin Kruithof, 21 Joer
  • Studium? Bachelor of Music – Orchesterinstrumente, Violoncello
  • Institutioun/Uni? Universität der Künste Berlin
  • Momentan? Drëtt Joer Bachelor
  • Lafend Projeten? Eegen CD Release am Mai 2021, verschidden Optrëtter, wéi am Abrëll 2021 am Concertgebouw zu Amsterdam

Geschwënn kann een dir an dengem Cello och vun doheem an ënnerwee aus nolauschteren. Wéi war et fir dech eng CD opzehuelen?

Majo mir haten éischtens mol richteg Chance datt mir d’CD nach am Joer 2020 konnten ophuelen ier den éischte Lockdown ugefaangen huet. Ech si selwer ganz gespaant wéi se gëtt well et deemools e zimmlech grousse Programm war, deen ech mam Orchester zesummen opgeholl hunn. Well dat alles iwwer zwee Deeg geplangt war, hunn ech an e puer Momenter realiséiert “datt dat hei lo setzen muss”... Dat war schonn e bësse stresseg awer natierlech och eng léierräich Erfarung fir sech duerno selwer ze héieren a sech kritiséieren ze kënnen. Momentan schaffen ech nach vill mam Tounmeeschter zesumme fir déi letzt Verbesserunge virzehuelen. Et ass virgesi d’CD am Mee/Juni ze verëffentlechen an ech sinn gespaant wéi se wäert ukommen!

War et schon ëmmer däi Plang Cello zum Beruff ze maachen? Wéi ass et dozou komm?

Vue datt meng Elteren allen zwee Museker sinn (meng Mamm Geieproff a mäi Papp Braatschproff) a meng Schwëster och Gei spillt, hunn si scho fréi ugefaangen e bëssen ze experimentéieren an sou hunn ech mat 3-4 Joer Musek als Hobby ugefaangen. Ech war bei engem Kolleeg vun der Famill, beim  Raju Vidali, am Conservatoire am Cours, wou ech deemools deelweis just 10 Minutte virum Cours geübt hunn. Mat 10/11 Joer hunn ech dunn decidéiert den Hobby méi serieux ze huelen. No an no hunn ech ëmmer méi gespillt a sou sinn aus 20 minuttelaange Prouwen alt mol 30 a 50 Minutte ginn.

Mat 12 sinn ech dunn op Maastricht op d’Uni gaangen. Do gouf ech vun engem Proff an dem Pre-Bachelor Programm ugeholl, fir deen ech all zweet Woch mat mengem Papp op Maastricht gefuer sinn. Zwee Joer duerno, war ech fir 3 Joer op der Uni zu Köln, wärend ech awer weiderhin am LCD normal an d’Schoul gaange sinn. An der selwechter Zäit hunn ech och meng Examen am Conservatoire bis zum Supplément fäerdeg gemaach.

Mat 17/18, dat heescht wärend dem Joer vun der Première, gouf ech dunn zu Berlin ugeholl. Fir d’Coursen op der Uni sinn ech déi Joeren entweder mam Zuch oder Flijer hin an hier gependelt. Dowéinst hunn ech och deelweis e Fräischäin vum LCD kritt fir een Dag vun der Woch net an d’Schoul mussen ze goen. Op der Sektioun F hunn ech och vill Basics geléiert wat Museksgeschicht, Musekstheorie an Allgemengwëssen ugeet.

Och wann mat 15 eng Kéier kuerz Riets war fir op London oder Weimar an ee Museksgynasium ze goen, sinn ech am Nachhinein frou an engem “normalen” Lycée gewiescht ze sinn. Ech fannen et gutt Leit kenne geléiert ze hunn, déi guer net u Musek interesséiert sinn. Dat war oft e gudde Reminder datt Musek net alles ass an huet domadder dat Ganzt relativéiert; ech fannen deen Ausgläich bis haut nach immens wichteg. Voilà, sou ass dat da lues a lues derzou komm datt ech Cello zu mengem Beruff wollt maachen.

© Damir Babacic

Och wanns du schon Student op der Uni zu Berlin wars, hues du awer den Opnameprozess matgemaach fir de momentane Bachelor kënnen unzefänken?

Jo, ech hunn och missen d’Opnameexame matspillen, wat e bësse Stress war. Och wann ech mäin Proff scho kannt hunn, hunn ech awer missen firspillen wéi all aneren och. Et haten sech nämlech ronn 500 Kandidat*innen gemellt fir bei deem Proff ze studéieren, vun deene awer just een*t geholl gëtt. An sou hunn ech mech och gutt misse virbereeden well een jo ni weess wien sech soss alles gemellt huet... Iergendwéi huet et awer herno geklappt mee et ass scho wichteg ze wësse fir déi déi Musek studéiere wëllen, datt et immens selektiv ass an och eng 55 am Conservatoire engem net garantéiert ugeholl ze ginn. Mee mat gudder Virbereedung geet dat awer.

A wéi gesäit elo däin Alldag als Museksstudent op der Universität der Künste zu Berlin aus?

An mengem Studiegang hunn mir super vill Fräiheeten, dat ass zum Beispill anescht wéi bei deenen déi Schoulmusek studéieren an ee méi strikte Programm hunn. Mäin Haaptfach, Cello, hunn ech just eemol an der Woch. Do kommen dann awer 1-2 Seminaire d’Woch wéi och Kammermusek nach  dobäi. Déi vill Fräiheeten bréngen awer och mat sech datt een alles selwer plangen an sech  organiséiere muss.

Den Alldag hänkt usech dovunner of a wéi enger Period datt een sech grad befënnt. Wann een sech zum Beispill op e Concert oder Concours virbereet deen e Mount drop stattfënnt, da kann een Dag alt mol esou ausgesinn: um hallwer 7 opstoen, op d’Uni goen a bis zu 4 Stonne prouwen, kuerz Heem iessen a mëttes weider op d’Uni prouwen, bis een dann géint 11 owes rëm heem geet. Fir e Concours am November d’läscht Joer hat ech zum Beispill all Dag mat mengem Proff Cours, och Samschdes a Sonndes. Et kann also entweder ganz monoton a vollgepaakt ausgesinn oder alt och mol méi entspaant, wou een dann nëmme bis zu 4 Stonnen den Dag prouft. An deenen Zäite probéieren ech mech dann och mat anere Saachen ze beschäftegen, wéi Kachen, Sport a mech mat soziale Kontakter auszetauschen; dat ass mir och wichteg.

Wéi geet et dann no dësem Bachelor weider fir dech?

Also ech hunn iergendwéi d’Gefill wéi wann d’Museker probéiere méi laang ze studéieren. Wou aner Leit zum Beispill ganz frou si fir no 3 Joer Studium endlech fäerdeg ze sinn, ass et hei am Fong e bëssen ëmgedréit well ee spéider entweder an een Orchester geet oder ebe Freelancer ass. Mee ech mengen awer datt ech perséinlech awer mol e Master wéilt maachen, vläicht an enger anerer Stad, dat weess ech nach net richteg.

Soss wéilt ech mir nach gären all Optioun ophalen a souvill wéi méiglech Kammermusek maachen a ronderëm experimentéieren. Ech hunn och iwwerluecht fir eventuell mat Jazzcoursen unzefänke well een do méi fräi ass wéi an der klassescher Musek, wou een sech ëmmer un d’Nouten hale muss déi oft vun engem Typ geschriwwe goufen dee säit 200 Joer dout ass. Wann een sech ëmmer un den Text muss hale bleift ee selwer super onkreativ. Mee voilà, als éischte wéilt ech einfach mol produktiv weider schaffen; eng nei CD ass och scho geplangt a vläicht nach e puer nei Tournéeën a Concoursen, mol kucken.

Wat géings du dengem 16 järegen “Ech” mat op de Wee ginn?

Ech mengen heiansdo einfach mol méi Risiko ze huelen a méi entspaant ze sinn...an méi raus ze goen. Ech hätt deelweis mat 16 méi sollte féiere goen. Et war awer och heiansdo schwéier dat alles ze balancéiere wann ech deelweis moies um 4 Auer opgestane sinn, fir kënne virun der Schoul nach ze üben. Mee wann ech gesinn datt e puer Leit aus menger Klass de ganzen Zäit op Tournée waren a sinn, a wierklech vu klengem un gedrillt goufen, da sinn ech awer ganz zefridde mat deem Ausgläich deen ech mat 15-16 hat.

Méi Informatiounen:

ARTICLES