À Propos Liewen

18 jan. 2024
À Propos Liewen

À Propos Liewen, KOPLA BUNZ © KOPLA BUNZ ASBL
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: Claire Parsons, À Propos Liewen, KOPLA BUNZ © KOPLA BUNZ ASBL

Grouss Froe schloen ab dëser Woch an de Rotonden de Kopplabunz. An enger philosophescher Entdeckungstour fir Kanner ab 3 Joer féieren d’Createuren a Creatricë vun der KOPLA BUNZ ASBL an engem musikaleschen Theaterspektakel hannert d‘Kulisse vum Liewen.

Mat der Regisseurin a Co-Fondatrice vun der Associatioun, Ela Baumann, schwätzen ech iwwert hier neisten Produktioun, À Propos Liewen.

Claire Parsons an Marie-Christiane Nishimwe, À Propos Liewen, KOPLA BUNZ © Nathan Roux
Claire Parsons an Marie-Christiane Nishimwe, À Propos Liewen, KOPLA BUNZ © Nathan Roux

KOPLA BUNZ

Déi gebierteg Éisträicherin huet am Mozarteum zu Salzburg Musik an Danz studéiert, eng Formatioun déi esou wuel kënschtleresch wéi och pädagogesch ugeluecht war. Op der Bün vum Grousse Festspillhaus zu Salzburg léiert d‘Ela zu där Zäit hiren spéidere Partner, de Jean Bermes, kennen, ë Lëtzebuerger Operesänger. Zesumme realiséieren si säit hirem Studium déi verschiddenste Projeten, déi sech ëmmer tëschent Musik, Danz an Theater beweegen. Dëser hybrider Traditioun bleiwen si trei a grënnen no hierer Odyssee queesch duerch d’europäesch Theaterlandschaft 2016 zu Lëtzebuerg zesumme mat der Saxophonistin Anais Lorentz d’KOPLA BUNZ ASBL.

D’Iddi ass mat Traditiounen ze briechen, Grenzen tëschent den Disziplinne opzeweechen an eng Eenheet aus Klang, Beweegung a Spill ze schaafen. Een Ausbroch aus dem tradéierte Korsett setzt gewëssermoossen e Kopplabunz viraus, „deen all Disziplin muss maachen, ier se op déi aner dierf treffen“, sou d’Ela Baumann.

Dobäi eraus kënnt ee bonte Programm u verschiddensten, interdisziplinäre Büneproduktiounen, déi sech u Grouss a Kleng riichten. Zu hirem Repertoire gehéieren ënnert anerem de Gesangsduo Borisowitsch & Jhang mat hiere kabarettistesch-philosophesche Lidderowender, déi sech haaptsächlech un Erwuessener riichten, ma zum Deel awer och un d'Kanner. Donieft konnt een am Summer och eng musikalesch Adaptatioun vum George Orwell sengem 1984 gesinn, bei deenen de Jean Bermes, alias Jang, als klassesche Sänger mat fënnef Jazz-Museker d’Bün gedeelt huet. Ganz besonnesch läit der Ekipp vu KOPLA BUNZ awer de Kannertheater um Häerzen, deem se mat À Propos Liewen op en Neits eng Bün ginn.

Die schöne Müllerin, KOPLA BUNZ © Bohumil Kostohryz
Die schöne Müllerin, KOPLA BUNZ © Bohumil Kostohryz

 „Es knurrt bedrohlich, es flötet zart, es kriecht [...]“

Den Décor ass opgebaut am ale Lokomotivschueb hannert der Gare. Eng deels friem an awer zugläich iergendwéi vertraut wierkend Flora a Fauna aus Textil wënnt sech ëm eng Partie Dëscher op der Bün. Déi geheekelt Stoffkonstruktiounen vum Dagmar Weitze bilden net nëmmen en Deel vun der Kulisse, mee huelen am Theaterstéck quasi och en aktive Part an. À Propos Liewen versteet sech nämlech als Objekttheater. D’Objeten am Stéck triede soumat net hannert den Actricen zeréck, mee ginn als Spillpartner vun dësen adresséiert. Si gi beséilt an erwaachen domat souzesoen zum Liewen.

De Spektakel aus der Fieder vum Ela Baumann baséiert um Christian Borstlap sengem Billerbuch Das ist das Leben. An dësem philosophesch ugehauchte Buch fir Kanner am Alter vun 3 bis 6 Joer liwwert den hollänneschen Auteur an Illustrateur seng Äntwert op d’Fro nom Wiese vum Liewen. „Es [das Leben] bewegt sich ständig, wächst, reproduziert und stirbt. Leben passiert in jedem Moment und ist überall um uns herum“, heescht et am Klappentext. D’Illustratioun(en) vum Liewen a senge verschiddene Facetten huet d’Ela zu senger Bünenadaptatioun inspiréiert. D’Buch leet fir d’Kanner a liicht verständlecher Manéier duer, wéi komplizéiert d’Liewen déi eng Kéier ka sinn, awer och wéi einfach et munch aner Kéier ass. „Heiansdo muss de kämpfen, heiansdo sëtzt de do a séngs e Lidd“, sou d’Regisseurin. „Es [das Leben] wächst aus einem winzigen Samen mal zu riesigen Kreaturen, mal zu winzigen Wesen heran. Es knurrt bedrohlich, es flötet zart, es kriecht, es fliegt und ist trotz all der Verschiedenheiten immer verbunden mit anderen Lebensformen.“ Alles hänkt zesummen, op mat oder géint eneen, mee ni ouni eneen, an um Enn vum Liewe steet schlussendlech alles nees um Ufank vun neiem, anere Liewen.

Mat der Hëllef vun de Sängerinnen an Actricë Marie-Christiane Nishimwe a Claire Parsons iwwersetzt d’Ela Baumann dem Christian Borstlap seng Billerwelt an eng musikalesch Büneform. Am Stéck féiert eng verzaubert Fieder d’Actricen an de Kannerpublic duerch d’Liewen, schwieft vun engem Objet zum nächsten a bréngt se zum Ootmen, zum Eessen a Wuessen, zum Stierwen a Neienstoen. Domadder spaant d’Ela Baumann fir déi jonk Spectateuren a Spectatricen e Fuedem, deen eng Orientéierung bitt am Chaos, dat d’Liewen ass. Doriwwer eraus hofft d‘Regisseurin, „datt si sech wierklech verzaubere loossen“, vill Staun- a Magiemomenter erliewen a sech an der Klangkulisse vun der fréibarocker Komponistin Barbara Strozzi musikalesch wuel fille wäerten.

Claire Parsons an Marie-Christiane Nishimwe, À Propos Liewen, KOPLA BUNZ © Nathan Roux
Claire Parsons an Marie-Christiane Nishimwe, À Propos Liewen, KOPLA BUNZ © Nathan Roux

 „Am léifsten ass mir de Kannerpublikum.“

Am Landestheater zu Linz stoung d’Ela selwer scho vu Klengem un op der Bün, sief et am Ballet oder als Statistin an Theaterstécker. Och haut nach üübt d’Kannerbün op d’Regisseurin e besonnesche Reiz aus. „Am léifsten ass mir de Kannerpublikum, well d‘Kanner sou skrupellos éierlech sinn. Bei den Erwuessene weess du net, ob s du si erreechs. No der Opféierung klappen si héiflech a soen ‚schéin an interessant a wat fir e spannenden Aspekt‘. Awer wann de Kanner eppes net gefält, da mierks de dat direkt.“ Deene Klenge geséich een et um Gesiicht an doru wéi se do sëtzen of, sou observéiert d’Regisseurin, déi sech bei den Opféierunge selwer gären ënnert de jonke Public mëscht. Et wier zum Beispill e gutt Zeechen, wann si onmierklech ëmmer méi no un d’Bün eruréckelen. En Applaus bei de Kanner géing u sech näischt anescht heeschen, wéi „datt si bei Virstellung mat groussen Aen a mat opgerapptem Mond an den Theaterzauber andauchen, wéi dat ebe just Kanner kënnen.“

Trotz allem entféiert de Kannertheater säi Public villäicht a méi fantastesch Welte wéi ee Stéck vum Brecht oder Marivaux, am Kär ënnerscheed en sech dem Ela no awer kaum vum Erwuessenentheater. „Am Theater ginn nämlech tëschemënschlech Problemer verhandelt an diskutéiert [...] Du kanns unhand vun enger Zeen, déi s du gesäis, an engem geschützte Raum eppes begräifen, wat soss vläicht net géing goen [...] Et gelaangt een an emotional Beräicher, op déi een sou am normale Liewen heinsdo keen Accès huet.“ Grad d‘Kanner géifen awer besonnesch dovunner profitéieren. No den Opféierunge vu Mega Béis, enger fréierer Produktioun vu KOPLA BUNZ an deem d’Roserei als Emotioun traitéiert gouf, wieren sou zum Beispill munch Elteren op d’Ekipp zoukomm an hätten erzielt, datt se eréischt iwwert besoten Theaterstéck mat hire Kanner an en Dialog zum Thema triede konnten. „Wann d’Kannt nämlech rose wier, da kéint een net mat ëm driwwer schwätzen, a wann et net méi rose wier, da wier et och net méi wichteg fir d’Kand“, sou d’Ela. Duerch d’Onmëttelbarkeet vum Theater wier et den Elteren awer méiglech gewiescht, sech mat direktem Bezuch op d’Stéck mat hire Kanner iwwer hier Gefillswelt ze ënnerhalen.

Do an dem verwënschte Schlass, KOPLA BUNZ © KOPLA BUNZ ASBL
Do an dem verwënschte Schlass, KOPLA BUNZ © KOPLA BUNZ ASBL

Fir eng stäerk Kannerbün

De pädagogesche Wäert vum Kannertheater ass net vun der Hand ze weisen, an awer genéisst en hautzudaags nach ëmmer net déi néideg Unerkennung hei zu Land, stellt d’Regisseurin fest. Et géif fir d’Kanner – besonneg am ganz jonken Alter ënner 5 Joer – am Theater nach ëmmer ze wéineg Offer ginn. Dobäi wier et an de meeschte Fäll manner eng Fro vu feelendem Interessi wéi vu feelendem Budget. Hei misst deemno eng Sensibiliséierung stattfannen, fir der Politik an de Kulturhaiser am Land net nëmmen d’Wichtegkeet vum Kannertheater virun Aen ze hale mee och de néidege Knowhow ze vermëttelen, wéi een eng Bün fir jonke Public etabléiert.

Zudeem wier et sou, datt bei de professionellen Acteuren an Actricen am Theaterberäich déi jonk Bün nëmme wéineg Uklang géing fannen. „Wann ech soen, dat ech Kannertheater maachen, da bematleede mech all meng Kolleegen a Kolleeginnen, well dann hunn ech et an hiren Aen net gepackt, Theater fir déi Grouss ze maachen“, sou d’Regisseurin. Mëttlerweil wier him dat perséinlech awer egal. Tragesch wier awer, dass et der Kannerbün duerch dës Attitude u Nowuess feelt. Dës ass awer e wichtege Moteur fir d’Kanner an d’Jugend un d’Kultur erunzeféieren, si um kulturelle gesellschaftleche Liewen deelhuelen ze loossen an en och Beruffsperspektiven an der duerstellender Konscht opzeweisen. Hei géif et also nach genuch ze dinn.

OPUS LUNAE, KOPLA BUNZ © KOPLA BUNZ ASBL
Opus Lunae, KOPLA BUNZ © KOPLA BUNZ ASBL

Mat hirem musikaleschen Allround-Theater geet KOPLA BUNZ mat guddem Beispill viraus a weist de Wee fir eng multidisziplinär Bünekonscht fir Grouss a Kleng. Hiert neisten Stéck, À Propos Liewen, feiert den 20. Januar 2024 um 15:00 an de Rotonden hier ëffentlech Première an ass nach bis den 23. Januar ze gesinn. Och sti Seancen fir d’Schoulklassen um Programm. Eng weider Opnam fënnt nach dëst Joer am Hierscht am Cube 521 zu Maarnech statt.