Koll an Aktioun - De Festival an der Schifergrouf

06 mai. 2024
Koll an Aktioun - De Festival an der Schifergrouf

Koll an Aktioun © Kollibri ASBL
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: Koll an Aktioun © Kollibri ASBL

Den alternative Familljefestival invitéiert dës Päischten op en Neits an d’Schifergrouf zu Uewermaartel. En Interview zum 10. Jubiläum.

Virun enger beandrockender Kuliss mat uregem Industrieflair bitt de Koll an Aktioun all Päischten e villsäitege Kulturprogramm fir Grouss a Kleng. De Festival um Site vun der fréierer Schifergrouf - dem haitege Schifermusée - riicht sech dezidéiert un all Altersgrupp, all Portemonnaie an all Goût. En Abléck mam Marc Thein a Bob Seyler vun der Kollibri ASBL, déi den Evenement organiséiert.

Koll an Aktioun © Kollibri ASBL
Koll an Aktioun © Kollibri ASBL

„De Festival erzielt duerch de Site eng ganz eege Geschicht.“

Vun der éischter Stonn un ass de Marc, den aktuelle President vun der Kollibri ASBL, déi de Festival organiséiert, zwar net dobäi, ma awer bal. Hien erzielt, datt déi ganz Geschicht op de Nick Friedel zréckgeet, e Rammerecher Bouf, dee keng 10 Kilometer vun der Koll wech opgewuess ass an zesumme mat Kolleegen 2014 de Festival initiéiert huet. 

„Vun Ufank u war et d’Iddi, de Site vum Musée ze valoriséieren. Déi meescht Leit wossten zu deem Moment nach net, dass et dee gëtt, a sou wollt een iwwert de Wee vum Festival Leit op de Site bréngen.“ Dobäi war et ëmmer en Uleies, déi lokal Gemengen a Veräiner mat anzebannen. De Bob, dee säit der zweeter Editioun als Programmateur mat u Bord ass, fënnt dohier, dass de Festival duerch de Lieu selwer eng ganz eege Geschicht erzielt.

Koll an Aktioun © Kollibri ASBL
Koll an Aktioun © Kollibri ASBL

De Site steet matten an den Ardennen, matten an der Natur. Déi renovéiert al Gebaier hunn näischt vun hirem rustikale Charme verluer a gi wärend dem ganze Festival bespillt. De Konschtmaart fënnt an der aler Seeërei statt, dat fréiert Spannungswierk gëtt zu enger Stiffche mat Bar ëmfonktionéiert, an an der aler Juegdbud vun der Industriellefamill Rother gi Kanneratelieren ugebueden.

Dobäi sinn ass alles!

De Koll an Aktioun gëtt all Joer vun engem Comité op d’Bee gestallt, deen sech aus 12 Leit zesummesetzt an ausschliisslech aus Fräiwëllege besteet. A verschiddenen autonomen Aarbechtsgruppen – vu Booking iwwer Site-Design bis hin zu Eessen a Gedrénks – gëtt de Festival iwwert de Laf vun engem Joer mat der Hëllef vu ronn 150 Volontairë realiséiert. Ouni but lucratif follegt d’Equipe voll a ganz dem olympesche Gedanken: „Dobäi sinn ass alles!“  

Koll an Aktioun © Kollibri ASBL
Opbau fir den Koll an Aktioun am VEWA in Dudelange © Kollibri ASBL

Et soll Spaass maachen a jidderee soll sech inkludéiert fillen. Dat gëllt fir d’Orga-Team an d’Volontairen, ma dat gëllt awer och fir d’Kënschtler*innen an d’Visiteuren a Visiteusen. Net nëmme beméit sech d‘Kollibri ASBL ëm eng Genderparitéit op der Bün an am Kader vun der Expo, och probéieren si duerch hier Präispolitik de Festival finanziell accessibel ze halen. Sou ginn si e minimalen Dages- a Weekendspräis vir, deen eleng d’Käschten decken an d’Realisatioun vun enger nächster Editioun ofséchere soll. Wien doriwwer eraus geet, ënnerstëtzt de Festival awer nohalteg. Donieft ginn och reduzéiert Billjeeën fir Leit mam Kulturpass ugebueden.

Opbau fir den Koll an Aktioun am VEWA in Dudelange © Kollibri ASBL
Opbau fir den Koll an Aktioun am VEWA in Dudelange © Kollibri ASBL

Der ASBL leit och hir minimal waste Approche um Häerzen. „Wann s de en nohaltege Festival wëlls maachen, da maach kee Festival“, geckst de Marc. D’Zil wier dohier villméi, „sou mann wéi méiglech Dreck ze produzéieren a sou no wéi méiglech anzekafen – idealerweis bio.“ Och hei ginn op en Neits lokal Produzent*innen an hir Produkter geziilt mat agebonnen.

Fir ze kucken, fir ze schmaachen… – a fir ze lauschteren!

„De grousse Gedanken ass deen, fir d’Leit zesummenzebréngen an och ze mëschen tëschent de Stater, den Escher an de Rammerecher, déi op de Koll kommen“, sou de Marc. Et geet beim Koll an Aktioun awer net nëmmen dorëm, Leit aus allen Ecker vum Land op Uewermaartel ze lackelen, mee och dorëms en Austausch tëschent de Generatiounen ze erméiglechen. Dëse wier dem Marc no wichteg, „fir dass mer als Gesellschaft weider kënne wuessen.“ Och géif duerch dës Mixitéit eng ganz besonnesch Stëmmung um Festival geschaf ginn.

Koll an Aktioun © Kollibri ASBL
Koll an Aktioun © Kollibri ASBL

D’intergenerationell Approche spigelt sech an der Programmatioun vum Familljefestival erëm. Nieft de Concerte ginn eng Konschtausstellung, Kanneranimatioun, Stroossekonscht a verschidden Ateliere souwéi e kulinaresche Programm gebueden – oft och a Kombinatioun. Een Highlight ass zum Beispill d’Casa di Kollibri, déi dëst Joer um Festival hir Première feiert an den Aspekt vum Zesummekomme bei guddem Iessen a flotter Musik wéi keen anere Programmpunkt stäerk mëscht. Gemengt ass mat dësem Konzept eng kleng Bün fir Singer-Songwriter, un déi e groussen Dësch ugebaut ass, un deem Pizza a Wäi zerwéiert ginn.

Musikalesch schléit de Koll an Aktioun an all Richtung a bitt op senge véier Bünen villfälteg Ënnerhalung fir all Goût. Et geet vu Rock-Shoe-Gaze iwwer Desert-Rock a Noise-Rock bis hin zu Hip-Hop. Vertruede sinn eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger Kënschtler*innen, wéi de luk. mat sengem gefillvolle, gritty Lëtzebuergesch-Rap, Cosmokramer mat hirem elektronesche Pop oder d‘Singer-Songwriterin Hannah Ida mat hire melancholeschen Indie-Folk-Kläng. Och international Artist*innen, wéi de belschen Techno-Krautrock-Duo La Jungle oder déi kanadesch Indie-Folk Band MOONRiiVR trieden zu Uewermaartel op. Fir d’Kanner leeën daagsiwwer d’Nikki Ninja an Afrobeathoven op. Am Owend verwandelt sech de Familljefestival dann no an no an eng Party fir déi Grouss.

Koll an Aktioun © Kollibri ASBL
Koll an Aktioun © Kollibri ASBL

Rendez-vous an der Leekoll

Dausende Visiteuren a Visiteusen huet de Koll an Aktioun säit senger Grënnung virun 10 Joer scho mat sengem familljefrëndleche Konzept an d’Uewermaarteler Leekoll gezunn. Dëst Joer mellen d’Organisateuren an Organisatricen sech zréck a bidden, wéi gewinnt, eng Panoplie un Aktivitéite fir Grouss a Kleng.

De Koll an Aktioun fënnt vum 18. bis 19. Mee 2024 zu Uewermaartel um Site vum Schifermusée statt, fir dee wärend dem Festival och Visite guidéën ugebuede ginn. Iwwernuechte kënnen d’Leit um Camping Héiltzerstee.

ARTICLES