Kamellebuttek

12 fév. 2024
Kamellebuttek

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer

Tëscht monochromen Hausfassaden a fei gepfleegte Virgäertercher verstoppt sech – net onopfälleg – de Kamellebuttek, en Espace fir urban Konscht. D’Escher Galerie stécht eraus aus der Klengstad-Idyll. Ëmmerhin steet dat fréiert Eefamilljenhaus aus de 1950er Joren an enger beschaulescher Wunngéigend, iergendwou um Rand vun der Minettsmetropol. 

No längerem Trëppele stinn ech virum Kamellebuttek an drécken d’Schell. Kuerzt Waarden. D’Dier geet op. A voller Moolermontur steet den Thomas Llyod viru mir. Hien ass de Brudder vum Grënner Daniel Mac Lloyd a selwer Kënschtler. Hien féiert mech an eng industriell ugehauchte Kichen, mat vill Eisen an donkelem Holz. Keng Spuer méi vun der Wunnästheetik aus der Nokrichszäit.

De Yannick Tossing, multidisziplinären Artist, Hallef-Zäit-Konschtproff zu Réiden an Associé am Kamellebusiness, betrëtt de Raum. Hien hëlt mech mat op en Tour duerch den Exot ënnert de Lëtzebuerger Konschtgalerien.

Philippe Lamesch
Philippe Lamesch, Kamellebuttek © Ben Kraemer

Rez-de-chaussée: Eng Aféierung

Villercher a Mieresdéieren zieren d’Wänn vun der Stuff, déi sech un d‘Steam-Punk-Kichen uschléisst. Et si Kreatioune vum Daniel Mac Lloyd, deen an der Lescht vill an d’Dekonstruktioun vun der Matière geet, sou de Yannick. Donieft hänken um ënneschte Stack vun der Galerie iwwergrouss, expressionistesch Portraite, déi mol wichtege Leit aus dem Liewe vum Raphael Gindt, Ko-Grënner vum Kamellebuttek, noempfonnt sinn, mol awer senger renger Imaginatioun entsprangen.

Réckbléck op d’Gebuertsstonn vun der Galerie. Am Joer 2013 riicht sech de Raphael um ieweschte Späicher vu senger Groussmamm mat engem Atelier an. Hei moolt a schafft hien zesumme mam Daniel bis seng Bom 2017 an en Altersheem plënnert. Heimat fält de Startschoss fir eng Transformatioun vum antiquéierte Wunnhaus an de kreativen Espace, deen en haut ass. Wänn ginn ofgerappt, et gëtt gestrach a gehummert, gewierkelt a gemoolt. Dobäi eraus kënnt eng begehbar Peinture.

Nina Minnebo
Nina Minnebo, Kamellebuttek © Ben Kraemer

Wat ufänkt als en Zwee-Mann-Projet am Haus vun enger eelerer Fra entwéckelt sech bannent fënnef Joer zu engem kënschtleresche Vollbetrieb mat enger méistäckeger Galerie, enger Konschtschoul an engem Team vu sechs Leit, déi dat Ganzt stemmen. Souguer eng Exklav an der Eifel gëtt et mëttlerweil, wou de Grënner-Duo eng Scheier zu engem zweeten, gréisserem Atelier ausgebaut huet.

Éischte Stack: Eng Wiesselausstellung

Um Wee fir erop op den zweete Stack geet et laanscht un enger Peinture vum Nina Minnebo. Mat grousse wéi breede, schwongvolle Pinselstrëcher begëtt sech déi belsch Kënschtlerin op d‘Sich no „Faarwen, déi net existéieren, Faarwen déi iergendwou dotëschent sinn“. Uewen ukomm, féiert mech de Yannick an eng vu falsche Ranken duerchwuuchert Salle à manger an déifstem Gréng – den Dschungelraum. Kuerz drop komme mir an en Zëmmer, dat ausgesäit wéi no der Sprengung vun engem Faarfeemer-Magasinn.

Philippe Lamesch, Kamellebuttek © Ben Kraemer

Weider geet et mat der Wiesselausstellung. Nieft dem Nina Minnebo sinn och zwee Lëtzebuerger Kënschtler deel vum Dräiergespaan. Sou presentéiert den Artist a Biolog Philippe Lamesch Wierker, déi seng Firléiwte fir Siebdruck a Collage geschéckt zesummebréngen. Ursprünglech kënnt hien aus der traditioneller Druckgrafik, säit e puer Jore kombinéiert hien säin Handwierk awer mat Collagen aus ale Plakater, déi en op de Stroosse vu verschiddene Stied op der Welt gesammelt huet. „Dës onkonventionell Herangehensweise [...] huet mir e faszinéierenden Abléck an d’vergänglech Welt vun der urbaner Kultur ginn“, sou de Philippe. „Mäi Bestriewen, dës flüchteg Temoignage vun eiser Zäit ze konservéieren, huet sech zu enger leidenschaftlecher, kënschtlerescher Missioun entwéckelt.“

E ganze Raum, aleng, bespillt an der aktueller Expo de Jean-Charles Breyer. Et fillt een sech e bëssen un den H.R. Giger an de Salvador Dalí erënnert, wann een seng Welt betrëtt. De jonke Moler, Zeechner a Sprayer ass nämlech Philosoph a senger Konscht, weist Kierper an deels gekrëmmter, deels zerfléissender Gestalt, déi sech an hirer Beweegung e Wee an d’Fräiheet bahnen. „Sie léisen sech vu Raum an Zeit an transzendéieren se“, erkläert de Jean-Charles. „Sie sinn heiansdo verluer a liewen an enger Illusioun. D’Krëmmung an d’Verkrampfung an de Pose stellt engersäits Péng a Misär duer, déi d’Mënschen erschafen an duerchliewe genau sou wéi eng verzerrte Realitéit.“ D’Hoffnung op Erléisung kënnt awer net ze kuerz a géif sech am no uewe geriichte Bléck vu senge Figuren erëmspigelen. „Ech wëll mat de Wiesen a menger Konscht u sech eng Verbindung zum Universum an der Natur hierstellen, [...] d’Mënschen erëm mat der Natur an Aklang bréngen [...]. Doran gesinn ech meng Bestëmmung.“ 

Jean-Charles Breyer, Kamellebuttek © Ben Kraemer

Zweete Stack: Den Atelier

D’Enn vum Tour féiert an d’Häerzstéck vum Kamellebuttek: den Atelier. „Et ass do, wou alles ugefaangen huet an et ass och do, wou mir weidermaachen an d’Kreatioun vu Konschtwierker vun Aneren encouragéieren“, erkläert de Yannick. Am Atelier begéine mir och den Thomas erëm, dee grad kleng Toillen mat Hëllef vu Schabloune besprayt. 

D’Wänn si voll mat Graffiti, de Buedem voll mat Faarfflecken. Och al Miwwelen – warscheinlech vun der Groussmamm – fannen am Atelier als Aarbechtsfläch nei Verwendung. Fir de Recht ass et awer e Späicher, deen no Hoerspray richt a vu kreativer Energie strotzt. Net fir näischt ass et hei, wou d’Konschtschoul vum Kamellebuttek hier Coursen ubitt – fir näischt!

Vu klasseschem Zeechnen iwwert Graffiti bis Virtual Reality Painting ass fir all Goût an Alter eppes dobäi. „D’Konscht soll fir jiddereen zougänglech sinn“, sou de Credo vum Kamellebuttek. „D’Iddi ass“, sou de Yannick, „dat mir jidderengem – egal wéi e finanziell drun ass – kënnen ubidden, Konscht ze maachen. [...] Eist Haaptzil ass, dat et keng Grenze ginn, datt keen ausgeschloss gëtt.“ 

Thomas Lloyd
Thomas Lloyd, Kamellebuttek © Ben Kraemer

Wat fir d’Coursë gëllt, gëllt och fir de gesamte Kamellebuttek. Sou wéi déi Konschtintresséiert an der Konschtschoul eng Ulafstell fannen, fannen se d’Kënschtler*innen an der Galerie. De Kamellebuttek leet Wäert drop, dat och manner etabléiert Artist*innen bei hinnen ausstellen. Besonnesch jonk Kënschtler*innen hätten dem Yannick no heiansdo Hemmungen, op eng Galerie zouzegoen, well se oft elitär wierken. „Dat probéiere mir ze vermeiden, andeems mir méi oppe sinn. Eleng schonn de Kader vum Haus gëtt dat bëssen hier. Du kënns duerch d’Hausdier eran a stees direkt an enger Stuff“, schmunzelt de Yannick.

Enn vum Tour

Den Tour ass fäerdeg, an e puer Kosettche spéider stinn ech mat engem offréierten Donut op der Strooss a maache mech op de Wee fir zeréck an de Cercle Cité. Mäi Fazit ass kloer. Hannert der opfälleg besprayter Hausfassade an der Rue Marcel Reuland zu Esch verbiergt sech effektiv en urbane Konscht-Mekka, deen zu Lëtzebuerg eemoleg ass. Eng Visite lount sech aleng scho fir den impressionanten Interieur, besonnesch awer fir den een oder anere Konschtcours an déi aktuell Ausstellung. Dës ass nach bis zum 15. Juni 2024 am Kamellebuttek ze besichtegen an den Entrée – wéi kéint et anescht sinn – ass fräi.