De Geescht oder D'Mumm Séis

07 déc. 2023
De Geescht oder D'Mumm Séis

Affiche, De Geescht oder D'Mumm Séis, Théâtres de la Ville de Luxembourg, © Photothèque de la Ville de Luxembourg / © Bohumil Kostohryz
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: De Geescht oder D'Mumm Séis, Théâtres de la Ville de Luxembourg © Photothèque de la Ville de Luxembourg / Bohumil Kostohryz

Ronn 30 Joer ass et hier, säit dem Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, säi falsche Geescht déi grouss Bünen zu Lëtzebuerg heemgesicht huet. An enger fulminanter Neiinzenéierung vum Jacques Schiltz feiert D’Mumm Séis oder (villméi) De Geescht elo an der Adventszäit e Comeback am Groussen Theater. Ulass ass den 200. Gebuertsdag vum Nationaldichter.

Mat senge sëllege Koméidisstécker, Gedichter a Lidder a Lëtzebuergescher Sprooch huet hien de kulturelle Kosmos hei zu Land bis haut nohalteg gepräägt. Vill Referenzen op dem Dicks seng Wierker hunn sech, wéi de Jacques seet, „an de subconscient collectif“ agebrannt.

Dem Dicks seng Operette vun 1855 iwwert eng Clausener Wäschfra an hiren onverhoffte Besuch, huet sech iwwert déi lescht 170 Joer enger besonnescher Popularitéit verdéngt gemaach. D‘Stéck gehéiert zu de Klassiker vun der Lëtzebuergescher Theaterliteratur a seng Lidder klénge bis haut nach a sou munche Chouersäll no. Ëm d’Mumm Séis féiert bei der Éierung vum Dicks sengem Liewenswierk dohier kee Wee dolaanscht.

Edmond de la Fontaine: D'Mumm Sĕs oder De Gêscht. Komĕdĕstéck an èngem Ackt. Tèxt a Muséck fum Dicks, 2. Editioun, Lëtzebuerg 1858.
Edmond de la Fontaine: D'Mumm Sĕs oder De Gêscht. Komĕdĕstéck an èngem Ackt. Tèxt a Muséck fum Dicks, 2. Editioun, Lëtzebuerg 1858. (BNL)

Et woren emol e Regisseur a säin Auteur

An der Reegel gëtt et zwee Weeër, wéi eng Produktioun traditionell hire Wee op d’Bün fënnt, erkläert de Regisseur. Entweder den Theater mëscht eng Commande beim Kënschtler, oder dëse riicht, ëmgedréint, eng Propose un den Theater. An dësem Fall war et béides op eng Kéier.

„Den Al Ginter, deen och op der Bün als Sprochmates mat dobäi ass, hat dem Tom Leick a mir onofhängeg vuneneen ugeruff an drun erënnert, dass den 200. Anniversaire vum Dicks bevirsteet“, sou de Jacques Schiltz, dee kuerzerhand den Auteur a Literaturkritiker Samuel Hamen als partner in crime mat an d’Boot hëlt. „Beim éischten Treffen, dat mir mam Theater haten, war du schonn iergendwéi kloer, dass béid Parteien am Fong Loscht op eng gemeinsam Produktioun hätten“, erkläert hie weider. An engem Vakanzenhaischen, iergendwou a Südtirol, verbarrikadéieren sech de Jacques an de Samuel doropshin, fir um neie Stéck ze schaffen an ze feilen. Et gëtt gebrainstormt an debattéiert, d’Wänn wéi am Krimi mat Ziedelen a Käertercher tapezéiert, alles op der Sich no dem perfekte Wee fir den Dicks an d’21. Joerhonnert ze huelen.

De Jacques Schiltz (r) mat senger Equip bei der Prouf © Bohumil Kostohryz
De Jacques Schiltz (r) mat senger Equipe bei der Prouf © Bohumil Kostohryz

Obschonns e Klassiker, wier D’Mumm Séis oder De Geescht, – wéi d’Operette am Original heescht – dem Jacques no net mat engem Stéck vum Shakespeare oder enger griichescher Tragedie ze vergläichen. Déi meescht Leit hätte keng kloer Virstellung vum Plot. Eng reng dekonstruktivistesch Approche hätt, bei aller Léift fir „postdramateschen, stückezertrümmernden Theater“, wéi hie seet, nämlech riskéiert, bei den Opféierungen eng Generatioun ze verléieren, déi bis ewell wéineg Kontakt mat der Mumm Séis gehat dierft hunn. „Mir mussen déi klassesch Geschicht dohier am Fong tel quel erzielen" wann och mat engem Twist, ewéi sech weist.

Ee Stater Märchen 2.0

Mir schreiwen d’Joer 2023, a Clausen. D’Haus vun der Mumm Séis (Marie-Christiane Nishimwe) steet nach ëmmer a fält no engem Stierffall un d’Ierwin (Anouk Wagener). Bei där prekärer Logementssituatioun zu Lëtzebuerg richt dës dat grousst Geld a mëscht sech zesumme mat hirem Agent immobilier (Timo Wagner) huerteg un de Verkaf vum Haus. D‘Entreprise gestalt sech awer als méi schwiereg wéi ufanks geduecht: Am Haus dreift de Jules Werner als Geescht säin Onwiesen.

Bei der Prouf © Bohumil Kostohryz
Bei der Prouf © Bohumil Kostohryz

Dëse léisst sech nëmme mat Hëllef vun engem Ritual verdreiwen, fir dat et eng jett speziell Objeten braucht; dorënner eng Wimper vun engem, dee virum Erdrénke gerett gouf, an de lénkse Schong vun engem Leitsbedréier. Et sinn alles Saachen, déi méi liicht an der Zäit vun der Mumm Séis ze fanne wieren ewéi haut, wéi de Jacques seet, a sou ginn si vum Geescht op eng Zäitrees an d’Mëtt vum 19. Joerhonnert geschéckt. Domadder tauchen déi Zwee an d’Zeenerie vum Dicks sengem Klassiker an a ginn Zeie vun dem Hexentommes (Jean Bermes) sengem Hokuspokus.

Mir erliewen hei eng Verschmëlzung vun der originaler Handlung mat enger vum Samuel Hamen nei geschriwwener Rahmenhandlung am Hier und Jetzt. Dem Originaltext a -klang vun der Operette dobäi esou trei wéi méiglech ze bleiwen, war der Regie awer enorm wichteg, fir dem Dicks säi Wierk adequat ze valoriséieren. D’Resultat stellt de Jacques méi wéi zefridden. „Ech fannen et immens impressionant, wéi hien [de Samuel] déi al an déi nei Dialoger esou zesummebréngt, dass et ëmmer nach natierlech wierkt, ouni dass hien elo zu engem Dicks-Bauchriedner gëtt.“ Stilistesch géingen si sech wonnerbar ergänzen.

Och musikalesch presentéiere sech déi eingängig Melodië vun der éischter Lëtzebuerger Operette dank der Ëmsetzung vum Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) an dem Institut Européen de Chant Choral (INECC) an engem neie Gewand, ouni eppes vun hirem ale Charme anzebéissen. „Den Ivan Boumans“, sou erzielt de Jacques weider, „gëtt dem Ganzen einfach neie Pepp. [...] Hien huet et fäerdeg bruecht, eng Musek ze komponéieren, déi am Fong dem Dicks seng Struktur a seng Melodien zu 100 % respektéiert, déi awer heiansdo och e bëssen aner Rhythmen erabréngt.“

Bei der Prouf © Bohumil Kostohryz
Bei der Prouf © Bohumil Kostohryz

Ronderëm D'Mumm Séis

Net nëmmen op der Bün widmen sech d’Théâtres de la Ville de Luxembourg zum Joresenn dem Dicks sengem Paradestéck, mee och an hirem Begleetprogramm, wou si e Bléck op d’Wierkungs- a Receptiounsgeschicht vun der Mumm Séis am Lëtzebuerger Film an Theater werfen.

„Wien huet d’Box un an der lëtzebuergescher Operett?“ ass den Titel vun der éischter Veranstaltung, déi de 9. Dezember am Kapuzinertheater stattfënnt an – am duebele Sënn – d’Roll vun der Fra an den éischten Inzenéierunge vun der Mumm Séis am 19. Joerhonnert thematiséiert. Am äerzkathoulesche Lëtzebuerg vun deemools war et, sou de Regisseur, „ee Männerjob fir op der Bün ze stoen“, a sou war et och de Männerturnveräin vun der Stad Lëtzebuerg, d’Gym, déi D‘Mumm Séis oder De Geescht 1855 uropgefouert huet. Wéi dat geklongen huet a wéi den Dicks allgemeng zu de Frae stoung, deem a villem méi geet d’Sonja Kmec zesumme mam Samuel Hamen an hire Gäscht vum Geschichtsinstitut vun der Uni Lëtzebuerg op de Grond. Musikalesch begleet gëtt dat Ganzt vum Stater Conservatoire.

E weidere Spektakel gëtt den 11. Dezember an der Cinemathèque mat der Virféierung vu Mumm Sweet Mumm gebueden, engem avantgardistesche Lëtzebuerger Film vun 1989, dee vun engem Concours fir déi bescht Inzenéierung vun der Mumm Séis erzielt an dobäi „total an d’Dekonstruktioun geet an am Fong all Inzenéierungsstil, deen een nëmme ka wielen, am Film duerchdeklinéiert. [...] Ech fannen, et ass domat bis haut ee vun deene kreatiivste Filmer, déi jeemools zu Lëtzebuerg gedréint gi sinn“, sou de Jacques, dee beim Evenement och d’Introduktioun zum Film maache wäert.

Affiche, De Geescht oder D'Mumm Séis, Théâtres de la Ville de Luxembourg, © Photothèque de la Ville de Luxembourg / © Bohumil Kostohryz
Affiche, De Geescht oder D'Mumm Séis, Théâtres de la Ville de Luxembourg, © Photothèque de la Ville de Luxembourg / Bohumil Kostohryz

D’Haaptattraktioun bleift awer De Geescht oder D’Mumm Séis, déi d’Leit vum 17. bis 23. Dezember 2023 am Groussen Theater an der Stad erwaart. Et duerf een sech op en heiteren Owend fir Grouss a Kleng freeën, en Owend fir Dicks-Veteranen a Virwëtzeger gläichermoossen. „Dat war eppes, wou mer och drop opgepasst hunn, dass mer dat Ganzt esou accessibel wéi méiglech halen“, sou de Regisseur. Deementspriechend wäerten zum lëtzebuergesche Stéck och franséisch an englesch Ënnertitelen ugewise ginn.

D’Neierzielung vum Trio ëm de Jacques Schiltz, Samuel Hamen an Ivan Boumans bleift no um Original, verléiert awer net de Bléck fir de Public vun haut a presentéiert dem Dicks säi populäerste Wierk an engem fir jiddereen zougängleche frësche Look. Am Groussen Theater fënnt den Edmond de la Fontaine op sengem 200. Gebuertsdag domat seng wuelverdéngten Éierung.