Augenschmaus Creators Market

02 juin. 2023
Augenschmaus Creators Market

Augenschmaus' Creators Market, Krys Pleimelding, Gilles Scaccia, Gilles Di Giambattista, © Ben Kraemer
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer

Hannert der Théik vun engem Café zu Märel féiert eng hëlzen Trap erop an e klengt Zëmmer, dat de Sascha Di Giambattista seng Stuff nennt. E liichten Zigarettendonst läit an der Loft. D’Wänn si carrement tapezéiert mat all Zort vu fetzeg designte Prints a Skateboarden, déi de Sascha selwer fabrizéiert oder a senger Studienzäit mat befrënnten Artist*inne getosch huet. Den Ubléck mëscht Loscht op den Augenschmaus Creators Market, deen de 4. Juni 2023 am Schluechthaus zu Hollerech stattfënnt.

Augenschmaus' Creators Market, © Eric Delgado
Augenschmaus Creators Market, © Eric Delgado

E Raum ze schafen, an deem visuell Kënschtler*innen ofsäits vum kulturelle Mainstream hier méi urban, berlinesque Konscht weisen a verkafe kënnen, dëst ass d’Ziel vun den dräi engagéierte Mënschen aus dem Augenschmaus-Team. D’Krys Pleimelding, och Shepherd genannt, de Gilles Scaccia an de Sascha Di Giambattista, kuerz Giamba, sinn d'Creatricen a Createure vum Marché, deen 2017 d’Liicht vun der Welt erbléckt huet. Allen dräi wieren si säit hirer Jugend „wéi bennzeg op Skateparken, Hip-Hop an underground Musek“ gewiescht, dat zu enger Zäit awer, an där vun enger developpéierter street culture zu Lëtzebuerg kaum konnt d’Ried sinn. Hier Léift fir d’subkulturell Konschtzeen hunn si bis haut awer net verluer, ganz am Géigendeel, si hunn sech ënnert anerem mam Augenschmaus hier eege „Spillplazen“ geschaaft. Als Kulturmanagerin, selbststännege Grafiker a fräischaffende Kënschtler bréngen déi dräi Frënn zudeem all déi Skills mat, déi et braucht, fir de Marché zu dem Succès ze verhëllefen, deen e bis haut erlieft.

Den Augenschmaus ass e Marché, op deem dëst Joer ronn 70 Kënschtler*innen a kënschtleresch begaabte Leit e Stand hunn, wou se hier Prints mat opgedréckte Grafiken an Illustratioune souwéi och aner selwer designten Objete wéi Bijouen, T-Shirten oder Vase verkafen. De Fokus läit dobäi op de visual arts an dem Design. Net fir näischt fënnt déi 7. Editioun am Kader vum European Design Festival statt, deem säin entspaanten Ofschloss de Marché zugläich ass. Toillen, Skulpturen oder aner Konscht, déi hier Plaz virun allem an de Galerië fannen, sicht een hei awer vergieflech. Genau sou wéineg fënnt een de Pulp Fiction-Pouster, deen an all Student*inne-Bud hänkt, wéi de Sascha festhält. Villméi sinn et originell Stécker a limitéierten Oplagen, déi ee bei de Createuren a Creatrice selwer keeft an déi e gewëssen DIY-Touch hunn, ma qualitativ awer enorm héichwäerteg wieren.

Wärend den inoffizielle Virgänger vum Augenschmaus, den All Them Beautiful Pictures nach méi en Expo-Charakter hat, läit de Fokus lo méi op der perséinlecher Begéinung vu Kënschtler*in a Keefer*in. D’Iddi ass hei den Display vun enger méi accessibeler Konscht. Sou geet et hei um Konscht, déi virun allem an der Popkultur besonnesch prominent vertruede wier, sou ënnert anerem a Magasinner, de soziale Medien oder an der Publicitéit, soudatt d’Ästhetik ville Leit relativ vertraut dierft sinn. Et existéiert awer och eng méi grouss Accessibilitéit um finanzielle Plang, well „wann een um Marché eppes gesäit an et fënnt een et gutt, dann hues de do och d'Méiglechkeet, et direkt ze kafen ouni misse jorelaang spuere fir et sech leeschten ze kënnen,“ wéi de Gilles kloerstellt.

Augenschmaus' Creators Market, © Eric Delgado
Augenschmaus Creators Market, © Eric Delgado

Den direkten Echange fënnt awer net nëmmen tëschent den Artist*innen an de Visiteure/Visiteuse statt, mee och tëschent de Kënschtler*inne selwer. Den Augenschmaus fungéiert, sou déi dräi, nämlech och als eng Aart Plattform, wou een an d’Gespréich kënnt, sech géigesäiteg inspiréiert a wou Symbiose kéinten entstoen, aus deenen hirersäits nei Projeten ervirginn. Den Augenschmaus Creators Market als Bün fir souwuel den artisteschen Nowuess wéi och déi etabléiert „al Huesen“ gëtt gäre genotzt, wat eleng déi riseg Zuel vun 150 Bewerber*inne fir e Stand an dësem Joer noleet.

Selbstverständlech huet den Trio sech och missen e System iwwerleeën, wéi se aus all den talentéierte Bewerber*innen hiere „Cast“ fir den Augenschmaus erausfilteren. Sou géifen si sech, jidderee fir sech, d’Aarbecht vun all de Kandidat*innen eenzel ukucken an no verschidde Critère beurteelen, wien dobäi ass a wien net. Wat fir si zielt ass awer net den Alter oder de Bekanntheetsgrad, mee d’Qualitéit an d’Originalitéit vun der Offer. Et misst een awer och en Equiliber tëschent de verschiddene Konschtformen halen, sou dat net op eemol d’Hallschent vun den Aussteller*innen Bracelete verkafen. D’Entscheedung, sou d’Krys, wier natierlech subjektiv, den Discours géif awer ëmmer éierlech gefouert ginn.

Nieft de verschiddenste Stänn vun de Kënschtler*innen erwaart d’Leit um Augenschmaus awer och e musikaleschen a gastronomesche Begleetprogramm. Sou triede véier DJen op, déi mat Funk an House fir déi richteg Stëmmung suergen. Fir Iessen a Gedrénks stinn verschidde Foodtrucke bereet. Tëschenduerch kënne Grouss a Kleng am Skatepark hier Ronnen dréinen oder sech d’art works vum leschte Graffiti-Jam op de Mauere vum Schluechthaus zu Gemitt féieren. Den Augenschmaus riicht sech domat un e breede Public a gräift iwwert d’Zeen eraus. Wee Loscht huet, senger Wunneng de gewësse kënschtlereschen Touch ze verpassen an dobäi nach lokal Artist*innen ze ënnerstëtzen an e flotten Dag bei gudder Musek ze verbréngen, ass um Augenschmaus genau richteg.

Augenschmaus' Creators Market, © Eric Delgado
Augenschmaus Creators Market, © Eric Delgado

De Marché zitt, bei de Visiteure/Visiteuse wéi bei den Aussteller*innen. Fir dem enorme Besoin un originellen a kreative Produiten hei am Land awer gerecht ze ginn a gläichzäiteg den Artist*innen aus dem kënschtlereschen Nischesecteur eng permanent Plattform ze ginn, op där se hier Konscht enger breeder Ëffentlechkeet jidderzäit zougänglech maache kënnen, denken déi dräi aus dem Minett aktuell d’Iddi vum Augenschmaus weider. Wat et bräicht wier nämlech e Buttek, an deem an engem reegelméissegen Turnus lokal Artist*innen hier Saache verkafe kéinten. Dësen Augenschmaus-Shop misst un enger beliefter Strooss ageriicht a mat ëffentleche Gelder finanzéiert ginn, soudatt en net op Ëmsaz ugewise wier, mee sech ganz an den Déngscht vun der Konscht kéint stellen. Esou kéint de Shop um nationale Plang ma, wann en Online-Shop en Place gesat gëtt, och doriwwer eraus, d’Lëtzebuerger Kënschtler*innen international promouvéieren. D’Visioun ass do an d’Devise vun der Augenschmaus-Equipe ass kloer: „Eis Aufgab #1 ass et, den Artist*innen et sou einfach wéi nëmme méiglech ze maachen, dass se verkafen.“