Äppel & Bieren

16 oct. 2023
Äppel & Bieren

Margarida Domingos, Äppel & Bieren, © Yann Gengler
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Foto: Margarida Domingos um Set vun Äppel & Bieren, © Yann Gengler

„Ech maache Film, well ech immens gären Geschichten erzielen.“ – Lukas Grevis

Wier de Lukas Grevis an der Steenzäit gebuer ginn, hätt hien seng Geschichte, wéi hie seet, wuel ronderëm e Lagerfeier erzielt. Am 21. Joerhonnert awer fënnt hien an der Billersprooch säi preferéiert Medium fir seng Geschichten ënnert d’Leit ze bréngen.

Wou seng artistesch Heemecht spéider emol leie sollt, stoung fir de Minetter schonn a fréiem Alter fest. Als Teenager konnt hie bei Vakanzenjobs op professionelle Sets awer och bei éischten eegeproduzéierte Kuerzfilmer Erfarungen sammelen, déi hien no senger Première zu engem Regiestudium zu Sarajevo a Bosnien animéiert hunn. Mëttlerweil ass hien zu Wien, studéiert niewelaanscht – wéi kéint et anescht sinn – Geschicht, a bléckt als Regisseur, Produzent an Dréibuchauteur mat senge 25 Joer schonn op eng beträchtlech Filmographie zeréck.

DIY – Do it yourself –, eng oft proklaméiert Devise ënnert Hobby-Tüftler*innen, ass d’Leitlinn vum neieste Grevische Long Métrage, deen an der Lëtzebuerger Filmlandschaft en Novum duerstellt. Gemengt ass Äppel & Bieren, ee coming-of-age Road Movie, deen aktuell iwwert d’Crowdfunding-Plattform Kickstarter finanzéiert gëtt.

Lukas Grevis, Äppel & Bieren, © Yann Gengler
Lukas Grevis (l) um Set vun Äppel & Bieren, © Yann Gengler

Mat wéineg eppes Grousses ze maachen, dat ass de But vun der Aventure, déi de Lukas a seng Equipe vu sechs Leit an enger wiesselender Crew vu ronn 80 Leit queesch duerch Europa féiert. „Ech wollt e Film ouni Geld maachen,“ sou de Lukas. „Wat kréie mir hin mat deem, wat mir hunn?“ war d’Fro, déi hien sech zesumme mat senger Co-Produzentin Louise Gras um Ufank vum Projet gestallt huet. D’Äntwert ass „immens vill!“

Zwee Drëttel vum Film si schonn im Kasten, trotz engem extrem limitéierte Budget, deen sech eleng aus eegene Mëttel a puer klenge Sponsorships speist an haaptsächlech a Kost und Logis fléisst. Fir de leschte Coup biede si elo de Public ëm 10.000 € Ënnerstëtzung. Fir d’Leit heescht d’Initiative iwwert Kickstarter en contrepartie, de Projet live matverfollegen an sech selwer souguer mat Iddien abréngen ze kënnen.

Äppel & Bieren ass een Häerzensprojet vum Lukas. Net nëmme stellt de finanziellen Defi hien a säin Team virun eng kreativ Challenge, déi hien immens stimuléiert, mee de Film erzielt och eng Geschicht, déi filmesch bis elo nach ni opgegraff ginn ass, vill jonk Lëtzebuerger*innen am Ausland awer ëmdreift, de Lukas selwer a seng jonk Equipe inclus.

Äppel & Bieren, © Yann Gengler
Äppel & Bieren, © Yann Gengler

Wat passéiert mat engem Bam, deen säi Liewe laang am Schiet vun engem anere wiisst? Bei der Gebuert vun zwou Schwëstere goufen zwee Uebstbeem geplanzt, ee Bierebam an en Äppelbam. D’Sonn krut awer nëmmen een dovunner of. D’Schicksal vum Bierebam steet um Ufank vun engem subtillen Trauma, dat d’Protagonistin vun der Erzielung hiert Liewe laang verfollegt.

De Film handelt vum Sofia, engem Escher Meedchen aus behittem Elterenhaus, wat no senger Première mat engem trageschen Tëschefall ronderëm seng Schwëster konfrontéiert gëtt. Gedriwwe vu Scholdgefiller an der Sich no sech selwer verschléit et hat wäit eraus aus dem Land. Et ass de Start vun enger Odyssee, déi déi jonk Fra, gespillt vum Margarida Domingos, an „déi grouss Welt féiert, wou alles iergendwéi méi grouss, anescht a kal ass, a net sou kleng a witzeg [wéi zu Lëtzebuerg].“

„This story should be told, while we are still at the peak of our youth,“ heescht et op Kickstarter. „Am Film geet et virun allem em dee Moment, wou ee jonke Mënsch aus dem vertraute Familljenhaus eraus an déi grouss Welt geet. An dat ganzt aus enger lëtzebuergescher Perspektive,“ erzielt de Lukas. Hie selwer wunnt zu Wien an heiansdo zu Esch. Anerer aus der Filmcrew sinn och gebierteg vu Lëtzebuerg a liewen zu Manchester oder Berlin. Alleguerten begleeden si d’Protagonistin op hirem Road Trip a fanne villes vun deem, wat d’Sofia am Film ëmdreiwt, an hirem eegene Liewen erëm. „Ech fannen, dat ass ëmmer sou déi Fro, du studéiers zu Wien oder Bréissel, mee kënns de dann dono erëm zréck op Lëtzebuerg? Dat ass déi grouss Gretchenfro […] an et sinn och déi Diskussiounen, déi mir [am Team] hunn, wärend mir dréinen, well mir eben och an dem Alter sinn. D’Iddi ass wierklech déi, komm mir maachen e Coming-of-Age-Film, wärend mir selwer nach coming-of-age sinn.“

E bëssi fillt een sech un déi legendär Dréiaarbechte vun Apocalypse Now erënnert, iwwert déi de Regisseur Francis Ford Coppola 1979 um Filmfestival zu Cannes sot: „The movie is not about Vietnam. It is Vietnam. We were in the jungle. There were too many of us. We had access to too much money, too much equipment – and little by little, we went insane.“ Verréckt ginn d’Maacher*innen hannert Äppel a Bieren mat bëssi Gléck zwar net, mee och si befannen sech wärend dem Dréi an enger änlecher Situatioun wéi d’Haaptcharakterin vum Film a maachen am Laf vun der Produktioun e Stéck wäit déi nämmlecht Entwécklung duerch wéi d‘Protagonistin, wat dem Film sécher déi néideg Authentizitéit verleit fir de jonke Lëtzebuerger Public, dee ganz kloer ugesprach gëtt, 2024 an d’Kinoen ze zéien.

Äppel & Bieren, © Yann Gengler
Äppel & Bieren, © Yann Gengler

Äppel & Bieren ass ee Film iwwer Schold an Trauer, awer och iwwer „Erënnerungen an déi kleng subtil Momenter, déi eis fir ëmmer prägen“. Virun allem ass et awer e Film iwwert d’Erwuesseginn, gedréint vu Leit, déi erwuesse ginn. De Point de Vue bleift, sou de Lukas, dobäi e lëtzebuergeschen an et gëtt op eng universell Approche verzicht.

D’Zillinn vum ambitionéierte Road Trip ass a Siicht. Et feelen nach 11 Dréideeg an en Tëschestopp zu Wien, ier et fir d’Sofia an d’Filmequipe erëm zeréck op Lëtzebuerg geet. Fir de leschte coup de pouce hoffen d’Maacher*innen hannert Äppel & Bieren elo op d’Ënnerstëtzung vum Public.


Bis de 24. Oktober 2023 kann een de Projet op Kickstarter nach ënnerstëtzen. 6.183 € (Stand 16.10.2023) goufe well gesammelt. Fir d’Zomm ze kréie, muss bis zum Delai d’Zil vun 10.000 € erreecht ginn. D’Equipe freet sech dohier iwwert all Su.

Weider Ablécker gëtt et op Instagram.