Vum Späicher op d'Stéck: de Crowfield

11 aoû. 2023
Vum Späicher op d'Stéck: de Crowfield

Den Holzkueb, Crowfield 2022, © Media4all
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Ben Kraemer
Den Holzkueb, Crowfield 2022, © Media4all

Virun 10 Joer huet de Jan Thommes um Bauerenhaff vu sengen Elteren zu Boermereng am Südoste vum Land „e Raum fonnt, dee relativ eidel stoung, wou relativ vill Spannennetzer houngen a vill aalt Geschier ronderëm stoung, de Späicher.“ Fir de Freiburger Archäologiestudent a seng Kolleg*inne war et e Raum mat onverkennbarem Potenzial.

Kuerzerhand gouf den ale Kärespäicher ofgestëbst an ausgeraumt, d’Wänn isoléiert, a mat Couchen, enger Museksanlag, engem Billardsdësch souwéi allerhand Material vum Sperrmüll ëm eng wunnlech Ariichtung beräichert. Vun dësem Moment un war de Späicher, wéi e vu lo un genannt gouf, den Dreh- und Angelpunkt vun onzielege Soiréeën, déi op Grond vun de ville Museker*innen a Museksbegeeschterten am Frëndeskrees am Laf vun der Zäit ëmmer méi vu klenge Concerten a Jam-Sessions begleet goufen.

Virun e puer Joren ass dunn, sou de Jan, d’Iddi entstanen, déi familiär, méi alternativ Atmosphär bei de „ville flotten Owender“ um Späicher och no baussen ze transportéieren an un ee méi grousse Public erunzedroen an op dësem Wee an der Kulturzeen zu Lëtzebuerg eegen Akzenter ze setzen. Op d’Mëttel vun der Wal hunn sech déi al Hues*inne vum Späicher dobäi schnell gëeenegt: A Form vun der 2021 gegrënnten De Späicher a.s.b.l. stellen si 2022 déi 1. Editioun vum Crowfield-Festival op d’Been. Aktuell stinn si mat der 2. Editioun an de Startlächer, déi den 18. a 19. August 2023 beim Waassertuerm zu Rëmersche stattfanne wäert.

Mat dem éischten Crowfield d’lescht Joer huet d’Equipe vum Späicher d’Feierprouf erfollegräich gemeeschtert. 200 Tickets goufe verkaf an d’Ufroe vu Bands, déi gäre géife bei der 2. Editioun optrieden, hunn net laang op sech waarde gelooss. De Bilan fält fir d’Organisateuren/Organisatricen deementspriechend ganz positiv aus. „Et ass eppes ginn, wou mir et geschafft hunn, dee Flair an déi Atmosphär vum Späicher erstaunlech gutt eriwwerzebréngen a wou d’Leit sou wéi mir selwer vum Resultat positiv iwwerrascht waren.“

De Sequel steet dohier ganz an der Traditioun vum leschte Festival a gëtt mat Hëllef vu ronn 30 Volontairen, der villfälteger Ënnerstëtzung vun der Gemeng Schengen a Subventioune vum Kulturministère souwéi enger Partie anerer Supporter*innen a Partner*inne realiséiert. D’Organisatioun vun der éischter Editioun wier nach mat villen Erausfuerderunge verbonne gewiescht, déi vun der Ariichtung vun engem Keessesystem an der Technik, iwwert d‘Secherheetskonzepter bis hin zu logistesche Challengen um Site selwer gereecht hunn, dee mat senger Vue op de Museldall mat de Wéngerten zwar eng flott Aussiicht bitt, deem et gläichzäiteg awer och u Stroum- a Waasserleitunge feelt. Bei der Fortsetzung hätt d’Equipe awer well vun enger gewësser Routine profitéiere kënnen, déi si vill Zäit an Energie gespuert a Raum fir nei Iddie gelooss hätt. No der gelongener Première gehéiert déi „bësse freestyle“ Approche beim Organisatoresche fir den erweiderte Frëndeskrees ronderëm d’Späicher a.s.b.l. also der Vergaangenheet un. Den eenzegaartege grassroot-Esprit vun hirem DIY-Festival behalen si awer bäi.

Flyer, Crowfield 2023, © De Späicher a.s.b.l.
Flyer, Crowfield 2023, © De Späicher a.s.b.l.

Aacht Lëtzebuerger Bands a Museker*innen, dorënner d’Toxkäpp an d‘Cookie Jar Complot, trieden op engem als Bün ëmfonctionéierte Bottewoon vun engem lokale Bauer op an offréieren eng musikalesch Palette, déi vu Rock bis Indie geet. Tëschent den Acts kënnen sech d’Leit d’Konschtwierker vu sechs verschiddene Kënschtler*innen ukucken, déi am Art Corner um Festivallsterrain ausgestallt sinn. Fir d’kollegial Atmosphär vum Festival ofzeronnen, kann een donieft och eng Ronn Mölkky spillen oder an der Chillout Area e Kaffie genéissen. A wien no all deem och nach eng gutt Dot vollbrénge wëll, kann sech beim Plooschter Projet als Blutt- oder Stammzellespender*in registréiere loossen.

Eng Saach, déi bei der 2. Editioun vum Crowfield nei dobäi koum, ass d’Erëffnung vum Festival Freides owes den 18. August mat enger Jam-Session, bei där nieft lauter auswäertege Kënschtler*innen och Memberen aus der Späicher a.s.b.l. optrieden. D’Iddi hannert dem Pre-Event mat fräiem Entrée ass et, „dass do jiddereen sech dat kann ukucke kommen, wat mir do opgebaut hunn, wat mir do wëlle maachen. A wann si Loscht drop hunn, kënnen si den Dag drop kommen a sech en Ticket kafen.“ Et geet dobäi also dorëms sech als Veräin no baussen hin ze weisen.

Equipe vum Crowfield 2022, © De Späicher a.s.b.l.
Equipe vum Crowfield 2022, © De Späicher a.s.b.l.

Wichteg ass et de Leit vum Späicher net nëmmen, de lokalen a regionale Kënschtler*innen eng Bün an engem alternative Kader ze verschafen, mee och de lokalen a regionale Produiten. Dobäi spillt de Gedanke vun der Nohaltegkeet eng grouss Roll. Iwwert de Comptoir geet um Crowfield soumat ënnert anerem Béier aus der Echternacher Brauerei wéi och Wäin a Schampes vu Wéngerten, déi ee vum Site zu Fouss erreeche kann. Nohalteg sollen dem Jan no dobäi och hier Partnerschaften a Sponsorships sinn, well et hinne wichteg wier, „laangjäreg Bezéiungen opzebauen, wou ee weess, et huet een e gewësst Vertrauen a Respekt enee géigeniwwer.“

E Festival op eege Fauscht aus dem Buedem ze stampfen, ass sécher keng einfach Entreprise. Datt et awer gelénge kann, dat weist de Grupp vun engagéierte Kolleg*inne vum Boermerenger Späicher zesumme mat der ganzer Equipe u motivéierte Volontairen em si ronderëm. Mam Crowfield fënnt d’alternativ Konschtzeen zu Lëtzebuerg lo och am Südoste vum Land eng Bün, déi, bësse méi gréng a bësse méi grassroot, mat lokale Kënschtler*innen a lokale Produiten de Public ze begeeschtere weess.