Skéiteng Kälifornia

14 sep. 2023
Skéiteng Kälifornia

Pascal Useldinger, Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes
Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nicolas Calmes
Foto: Pascal Useldinger, Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes

De Pascal Useldinger gëtt mer Rendezvous am Rëmelenger Skatepark. Hannert dem Musée national des Mines befannen sech d’massiv Bëtongsrampen, a fir de leschte Sputt vum Wee loossen ech den Auto hannert mer. Firwat mer eis do an net am Musée FERRUM, Heem vu senger Ausstellung, treffen? Säi Bouf, de Finn, huet sech viru Kuerzem entscheet, Skateboard ze fueren. Him dobäi nozekucken huet sech a sengem Zäitplang net réckele gelooss. De Papp huet Prioritéiten.

De Mëtt 40 Järegen fiert selwer, an d’Grafik op der Récksäit vu sengem Skateboard änelt frappant dem Poster vun senger Ausstellung. Skéiteng Kälifornia am Musée FERRUM ass op den éischte Bléck eng Simulatioun vun engem Skatebuttek an den 1980er Jore mat enger schlechter Ramp um Wee zur Théik. Op der Spëtzt vun der Ramp ass eng reliéis Ikon. Un där hiere Féiss läit ee Mannequin mat ongemittlech ugewénkelte Been. Ween d’Ouere spëtzt kritt d’Geschicht tëschent dëse 'Stéchwierder'-Piècen duerch lafend Boxen erzielt. Bis den éischten Oktober kann een sech dat Ganzt nach ukucken an ulauschteren.

Wéi de Finn bis midd war, huet de Chef vum Kältéitenger Service culturel nach d’Zäit fonnt, mer d’Diere vum Musée FERRUM opzemaachen a mech e puer Fotoen schéissen ze loossen.

Pascal Uselding, Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes
Pascal Useldinger, © Nicolas Calmes

D’Ausstellung heescht Skéiteng Kälifornia. Wat hunn de Minett a Kalifornie gemeinsam?

Skéiteng Kälifornia, dat ass ee Wuertspill fir Téiteng, Skéiteng, a Käl, Kälifornia. Wat hunn se gemeinsam?

D'Santa Barbara, d’helleg Boarbel hu Kalifornien an Téiteng a Käl gemeinsam. Zu Santa Barbara (CA, USA) ass d’historesch Zentral vu Powell Peralta, dat war, wou d’Firma hir Brieder gemaach haten. An d'Santa Barbara, dat ass och eis helleg Boarbel, déi hei am Minett héichgehale gëtt. D’Schutzpatréinesch vun de Mineure, vun de Pompjeeën an enger Rei aner Aarbechter, déi mat Gefor ze dinn hunn. Eng e bëssche mat den Hoer erbäigezunne Parallel. Iergendwann an den 80er Jore, gouf et eng Ramp zu Téiteng, déi eng ganz Zeen dohigezunn huet –

Firwat eng storytelling Approche a keng historesch Approche fir d’Ausstellung?

Well dat eent mer méi einfach geschéngt huet wéi dat anert. A well et eng Expo ass, déi eigentlech komplett onkomplett ass. Si schafft mat Stéchwierder. Si ass just ee Sammelsurium vun Artefakte vu Leit, déi an der Zeen waren. Et ass drëms gaangen, vu Stéchwuert zu Stéchwuert ee roude Fuedem ze bannen. Ech erzielen eng tatsächlech Téitenger Geschicht: Mäi Brudder an ech an eng ganz Rei vu Kolleegen, mir fuere BMX, an iergendwann gesinn mer Magasinner. Do si Skateboards dran an déi si mega cool. Mir haten ëmmer nëmmen déi schmuel Plastiksbrieder. Déi méi breet, cool Brieder krute mer iergendwann. An da gesi mer och déi Rampen. An et gëtt néierens eng Ramp. An der Zäit huet ee schife Bëtongsklotz als Ramp gezielt. Mir hätte gär eng richteg Ramp. Mir ginn eriwwer bei eisen Noper a Schräiner, den Abel, a soen deem, kanns de eis eppes bauen? Hien well just d’Geld vum Material an da baut hien déi Ramp, an dat ass eng Téitenger Geschicht.

Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes
Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes

Zwou weider Saache gi mat an d’Geschicht agebonnen. Santa Barbara ass och Deel vun der Geschicht vum kalifornesche Gold Rush, vun Immigranten. An der Expositioun geet et net nëmmen em d’Skater, déi sech fir mega cool halen. Si ass och een Hommage u meng Mamm, eng einfach Fra aus Jugoslawien, déi den Dram vun hire Kanner matgedreemt huet a mat eis op Skatecontests an a Skateshops gefuer ass. Eng Fra, déi de ganze Buttek komplett verstanen huet. Si huet eis an den 80er déi cool Brieder bestallt. D’Expo ass een Hommage un de Schräiner an u meng Mamm, un déi Léit ronderëm an déi Leit, déi s de net um Plang hues. Déi Geschichte musse gezielt ginn. Also, subjektiv hunn ech dat mega interessant fonnt. Dohier "storytelling".

Wéi ass dann d’Reaktioun zur Expo? Fir dech ass se interessant. Ass se et och fir aner Leit?

Dovunner ofgesinn, dass déi richteg alte Schule Skater aus der Zäit mer alleguerten an d’Äerm gefall komm sinn, goufen et och positiv Réckmeldunge vu Leit, vun deenen ech et net erwaart hätt. Leit am Konscht-Business sote mer, "dat do ass dat Coolst, wat ech jee gesinn hunn." Fir mech ass d’Expo eng immens subjektiv, emotional Ugeleeënheet. Eigentlech hat ech wëlles, mat menge 45 Joer een Album erauszebréngen. Ech hat awer keng Musek gemaach. Dunn duecht ech mer: Mee dës Expo ass deng Plack, deng LP. Du hues dat ganzt Joer dru geschafft, an elo ass se eraus. Wéi kennt se bei de Leit un? Se ass, vun allen Expoen am Musée FERRUM déi bis elo am meescht besichten. Ee richtege Fazit zéie kann ech awer nach net. Dat maache mer, wann se fäerdeg ass.

D’Charaktere sinn de Skater Thomas, d’Mamm, de Schräiner. Mee D’Ramp ass d’Zentrum an den Haaptcharakter vun der Expositioun. Vu wou koum d’Iddi, dëse Géigestand ze anthropomorphiséieren?

Ech hunn ni eppes iwwerintellektualiséiert. Et war ni a menger Natur Konscht ze iwwerdenken. Mat Konscht schaffen ech instinktiv. Wéi bei der Musek war et, wéi wann d’Iddi am Ether wär an s du just deng Antennen haart genuch erausstrecke misst an drop waarts, dass se sech vum selwen zielt. Mécht dat Sënn? Iergendwann war et fir mech kloer, dass et zu engem Dialog tëschent dem Thomas, also dem Skater, an der Ramp kënnt. Si begéinen sech no all deene Joren op där Expo. Si seet him, e bëssche wéi eng Exfrëndin: "Mir sinn awer zimmlech d’selwecht, Thomas, du an ech. Du hues mer d’Häerz gebrach. Ech hunn der d’Schanke gebrach."

Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes
Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes

Effektiv deet een sech beim Skateboardfuere gäre wéi. Protektiounen an Helm sinn aus iergendengem Grond och net cool. Ass do net eppes Masochistesches drun?

Ech sinn der Meenung, dass ech ni ee gudde Skater hätt kéinte ginn, well ech ze vill Angscht hat mer wéizedoen. An ze vill Angscht virun der Péng. Natierlech ass eppes ultra Masochistesches dobäi bei alleguerten deene Leit, déi Also et ass eng Lektioun fir d’Liewen: Probéieren, falen, opstoen, probéieren, falen, opstoe bis dass et klappt. Dat ass ok. Villäicht ginn et Leit mat enger anerer Péngtoleranz, mee et muss een sech awer och gär wéidoen. Do ass sécher eppes dobäi. E bësschen Selbstquälerei sou. Villäicht wëll een sech fir iergendeng Sënne selwer bestrofen. Ech weess et net.

Ee Reliounsersatz?

Definitiv. Also, et ass eppes u wat ee gleeft. D’selwecht mat Musek, mat Film, mat Poesie, se sinn alleguerten natierlech Reliounsersatz. Et ass eng interessant Debatt. Fir mech gehéiert Passioun dozou. An eigentlech eng Leidenschaft, den däitschen Terme fir Passioun, seet méi aus, well et ass eng Leidenschaft. Een, dee Ballet wëll maachen, hält spéitstens mat 32 Joer op, well en seng Zéiwe komplett vreckt huet. Ee Geiist huet un der Schëller Plazen, déi ni méi wechginn. Ee Gitarist huet kromm Fangeren. Also alleguerten déi Passiounen, déi verschampeléieren och däi Kierper, déi hannerloossen och Deformatiounen, déi ëmmer bleiwen. An deem Sënn Leidenschaft. Relioun. Jo.

De Claus Grabke ass an der Expositioun e bëssche méi prominent vertruede wéi aner Profien. Firwat hien?

Dat huet sech och rëm sou erginn. Ech si keen Esoteriker mee heiansdo alignéieren sech d’Stären. Firwat hien? Den Thomas ass un sech ee Condensé vun all de Skater aus der Géigend deemools. D’Claus Grabke Mini Melting Clocks, dat war dem Thomas säin éischt Briet. Duerch d’Grafik vum Skateboard entdeckt hien de Salvador Dali an The Persistence of Memory. De Claus Grabke bleift eng wichteg Figur, besonnesch als Europäer. Ech mengen all seng Skatedecks hunn iergendee Bezuch zur Zäit. Mat der Ausstellung maachen mer eng Rees duerch d’Zäit. De Claus Grabke an de Mike V ware grouss Skate-Idoler an den 80er. Ech konnt an d’Weeër leeden, dass si mat hire Bands op der Fête de la musique zu Käl op engem Parking spille konnten. Déi Begéinung war, reng subjektiv, vun historescher Bedeitung. Wéi cool ass dat dann.

Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes
Skéiteng Kälifornia, © Nicolas Calmes

What about the women? Déi Fro gëtt an der Ausstellung och gestallt.

Jo, dat ass schwéier soen. Et gëtt ee flotten Documentaire an der ARD Mediathéik, Skater Evolution. An do kennt dann déi Fro: Mee wou waren dann d’Fraen? Et gëtt festgestallt, an de 60er Joren ass et och ee Fraesport. Eng Fra op engem Skateboard, dat representéiert Kalifornien deemools, genau sou. Am Documentaire stellen se fest, dass ab dem Moment, wou Skate kee Surfersatz méi ass an et kulturell an de Punk Rock wiesselt, Skateboarden sech maskuliniséiert. D’Ausstellung erzielt, den Ausschloss vun der Fra an der Zeen war net expresseg, mee hätt eppes mat pre- a postpubertären Testosteronschuber ze dinn. Duerno muss ee soen, d’Fra an der Zeen war nach ëmmer do, ok? Just ebe manner visibel. Dat ass definitiv ee Problem. Mee do geschéien haut immens vill Saachen. Dass Skaten elo een olympesche Sport ass, stéiert zum Beispill de Claus Grabke, well sech Skater de Reegele vum olympesche Comité mussen ënnerstellen, a fix, opgesat, imposéiert Reegele sinn eppes, deem mir als Skater wollten entkommen. De Mike V, par contre, sot mer, hie wier e bësschen hin an hier gerappt, mee hien huet sech ëmmer staark gemaach fir de Sport zu engem Maximum ze populariséieren. Firwat sollt hien sech bekloen dass en olympesch ginn ass?

Elo maachen ech nees de Sprong op d’Protektiounen: Ech halen d’Expo mam Andy Anderson op, well et mech komplett geflasht huet, wéi hien d‘Vergaangenheet an d‘Zukunft zesummebréngt. An hien ass als mega oncool dohinner gestallt gi mat sengem Helm. Hien war jo och op der Olympiad mat derbäi. Fir mech, ganz subjektiv, ass hien dee progressiivsten an de beschte Skater, den do ass. Hien huet net gutt ofgeschnidden. Hei treffen dat Virgeschriwwent an een, deen d’Code komplett brécht, zesummen. Lange Rede, kurzer Sinn: dem Skate Evolution Documentaire no ass fir d’Fraen am Skateboard de Wiessel zur olympescher Disziplin eng absolut Chance. Et skaten hautzedaags esou vill Frae, wéi nach an de leschte Joerzéngten virdrun zesummen. An der Gemeng hun mer iwwert de Summer Skatecoursen ugebueden. Mir stelle fest, dass iwwer 70% Meedercher dohinner gaange sinn. Also schéngt iergendeppes an der Loft ze sinn, wat elo dorobber hindeit: D’Zäit fir d’Fraen am Sport ass elo definitiv do a grad deen olympesche Gedanken huet do eng grouss Ëmstellung erméiglecht. Et geschitt grad immens vill, wat déi Problematik ugeet.

Wéilts de nach eppes dozoufügen?

Ech hunn nach ni eng Expo kuréiert. Ech invitéieren natierlech d’Leit bis den éischten Oktober nach kucken ze kommen. Si gëtt och a Bild an Toun nach iergendwou festgehalen. Kommt laanscht, kommt kucken. An ee grousse Merci u meng politesch Responsabel op der Aarbecht, deenen ech de Projet sou gepitcht hunn an déi direkt "jo" soten ouni genau ze wëssen, op wat se sech aloossen. Ech sinn immens frou, dass dat konnt stattfannen.