Don Piano

20 déc. 2023
Don Piano

Artikel op Lëtzebuergesch
Auteur: Nicolas Calmes

Ween de John Wolter net vum Numm kennt, kennt e villäicht vum Ausgesinn. Do, op der Bün, hannert der Batterie. Deen hu mer scho gesinn. Laange Baart, verdreemten Aen, kräfteg Äerm an Hänn. Ee Meedchen, dat eng Kéier niewent mir am Publikum stoung, sot: ‘Hien gesäit aus wéi den Jason Statham. Just besser.’ Dat war op engem Concert vun der Rock-Reggae Band The Disliked. Et hätt awer grad esou gutt op engem Rap Concert vun der stayfou Ekipp oder enger Jazz Jam sinn. Virun e puer Joer hätt een hien och bei der Punkband All the Way Down d’Batterie zerklappe kënne gesinn - an an engems sangen. Den John Wolter schafft u ville Fronten.

Och de Wee vum Solokënschtler gouf schonn ageschratt. 2019 koum den Album Däischter Gaassen a beweist raptechnesch Héichleeschtungen ouni de lyreschen Inhalt am Éisleker Accent ze vernoléissegen.

De leschte Streech ass awer den Album Oxytocin. Ënnert dem Numm Don Piano séngt den John elo rëm op Englesch. Am folgenden Interview zielt hien iwwert d’Trennungsthematik, senger Jugend am Duerf, senger Studentenzäit zu Bréissel, a senger Punk Rock Attitüd.

Fänken mer mat de Basisfroen un: Firwat nenns de de Projet Don Piano? Firwat heescht den Album Oxytocin? Wat wëlls de eis mam Albumcover matdeelen?

D’Geschicht hannert dem Numm Don Piano ass relativ onspektakulär. Ech si keen digital native mee ganz no bäi. Géint 2001, wou ech sou sechs, siwe Joer al war, krute mer eisen éischte Computer. Soubal et YouTube gouf, hunn ech mer een Account gemaach. Ee vun den éischte virale Videoen un deenen ech mech erënnere ka war eng Kaz, déi miaut. Et sinn Ënnertitel am Video. Si sot eng Kéier ‘Don Piano.’ Ech hat un dee Video geduecht a sot mer ‘gäil, Don Piano, coole Bandnumm.’

Den Album geet vill ëm Trennung a Léift. Oxytocin ass ee Bindungshormon wat bei sexuelle Relatiounen a bei Bezéiungen tësche Mamm a Kant ausgeschott gëtt. Et ass een Hormon, dat Mënsche bënnt. Dofir hunn ech dat ee passenden Titel fonnt. Mee do koum natierlech d’Billie Eilish an duecht hat kéint mer den Titel klauen ier mäin Album erauskoum. Dat ass natierlech net cool vum Billie Eilish. Mir hunn eis do net gutt ofgeschwat.

Den Albumcover ass een de Cupido, oder Amor, mat enger Alkoholfläsch an engem Cu. Fir dem Album net ze eescht ze halen hunn ech de Cupido, déi ultra klischeehaft Metapher vu Léift, mat Drogeproblemer wëlle representéieren.

Trotz dem Albumcover séngs de an Bounce To My Misery: ‘I stopped drinking and I stopped smoking but I can’t get rid of this dizziness.’ Ech weess net wat däi Konsum ass, mee du hues dee wuel a Fro gestallt?

Absolut. Ech hat gesondheetlech Problemer an duecht mer ech hale mat den offensichtleche Facteuren op, ech loossen d’Fangere vun Alkohol, vu Weed, vun alle Substanzen, fir méi à l’aise ze sinn.

Bass de elo méi à l’aise?

Nee. (Laacht) Et huet net wierklech gehollef. D’Substanze ware villäicht éischter ee Symptom vun eppes anerem. Also, ça va. Ech sinn net do, wou ech war, wéi ech den Album geschriwwen hu mee nach net do wou ech well sinn.

Huet deng Liewsensstil-ännerung och däi Museksstil geännert?

Nee. Ech mengen, dat huet méi mat mengem Jazzstudium ze dinn. Ech hu mäi musikaleschen Esprit iwwert d’Joren ausgebreet. Als Teenager war et ëmmer Schubladendenken bei eis. Du waars entweder dat oder dat. Du waars entweder den Alternative-Punk-Metal-wat-och-ëmmer oder Urban-Hip Hop-RnB-keng Anung.

Entweder Skater oder Fubu.

Voilà, dat. Et goufen net wierklech Leit, déi drop geschass hunn, wat aner Leit iwwert se denken an dat gelauschtert hunn, wat se wollten. Elo wou d’Welt einfach ëmmer weider globaliséiert gëtt, verschwammen déi Grenzen ëmmer méi. Dat huet vill negativ Säite, mee an der Konscht huet dat éischter positiv Säiten. Et ass manner, dass d’Leit sech elo schummen eppes ze lauschteren. Et gouf Bands, déi s de nëmme fir dech geheiert hues. Ënnert de Kolleege géings de awer net zouginn, dass de dee Backstreet Boys Track gäil fënns.

Den Album Oxytocin an deng aner Projete beweisen eng breet musikalesch Faarfpalette. Punk, Jazz, RnB, Soul, Psychadelic, Disco, Rock, Reggae, Rap. Gett et ee Genre vu Musek, deen s de kategoresch refuséiere géings ze spillen? Wann jo, firwat?

Ech doung mech ëmmer schwéier mat klassescher Musek. Du hues Notatiounen. Du hues ee Stéck, wat vun engem Komponist geschriwwe gouf. An du op dengem Instrument interpretéiers dat. Ech war awer ëmmer léiwer selwer Komponist. Ech fanne méi Freed dran, mäin eegene Stuff ze maachen. Ech sinn och kee risege Fan dovun, Lidder ze coveren.

Déi eelste musikalesch Saachen, déi ee vun dir online fënnt, si Bad Religion Coveren an All the Way Down Saachen. Op denger Don Piano Spotify Biographie steet och hautzedaags weiderhin eppes iwwert Punk Rock Attitüd obwuel Don Piano wäit ewech vu Punk Rock als Museksgenre ass. Wéi definéiers du deng Punk Rock Attitüd?

Dat ass eng gutt Fro. Et ass eng gewëssen Outsiderroll déi s de am Bezuch zu ville Schichte vun der Gesellschaft verkierpers. Dee Spirit ass a menger Musek bliwwen. Punk war eng Parallelgesellschaft zu deem wat ech an der Schoul gesinn hunn. Bei mir am Lycée war jiddereen ultra geradlineg a brav an et hat keen iergendwéi edgy Hobbyen oder huet Konscht gemaach. Et war Schoul a Sport an that’s it. An der Parallelgesellschaft ware mer zu e puer weirdos, déi och Musek maachen an hir eegen Texter schreiwen an sech gär bedrénken. Mäi Gesellschaftsbild ass vu Punk Concerten a Concertsgoer, a Lyrics vu Punkbands gepräägt ginn. Déi Saache sinn hänkebliwwen.

An dass ech kee Blat virun de Mond huele wat meng Texter ugeet wann et drëm geet, de Geck iwwert Politiker ze maachen, déi et verdéngen. Dofir sinn ech mer net ze schued. Ech well net an d’Roll vun enger ëffentlecher Persoun falen déi sech denkt, ech kann dat doten iwwert dëst Persoun net soe well dat hätt Konsequenzen a géing menger Karriär schueden. Ech probéieren dat erauszekatzen, wat mech nervt. Dat ass en Deel vum de punk rock spirit, deen ech bäibehalen. Hoffentlech.

Ginn et Deeler an dengem Liewen, wou déi Attitüd net present ass?

Ech kréien am Januar meng 30. Jee méi al ee gëtt, desto méi Problemer wäert een hunn, sech géint de prädominante System ze striewen. Als Jonken huet een déi Illusioun, ‘ech ka meng Stëmm haart maachen do dergéintgoe,’ an dat fannen ech och gutt an dat solle Leit maachen. Mee mat de Jore gëtt de Kampf ëmmer méi aussiichtslos an et verléiert een d’Hoffnung, dass et besser soll ginn. Et kann een dem System net entkommen - ausser et geet een an de Bësch wunnen an eegent Geméis uplanzen. Dat muss een sech iergendwann agestoen. Wann s de an engem Land wéi Lëtzebuerg liefs, an du wëlls der op d’Stier schreiwen, dass de een Antikapitalist bass, wou ass dat nach kredibel? Du wunns a sou enger Gesellschaft déi komplett vum Kapitalismus zerfriess ass. D’Welt geet an eng schlecht Richtung an du bass nëmmen Deel dovun an du probéiers parallel zu deem Sog villäicht net grad sou krass an déi negativ Richtung ze zéien. Et gëtt éischter een sech offanne mat deene schäiss Säite vum Liewen. Du probéiers am Endeffekt och just iwwert d’Ronnen ze kommen. Dat heescht net dass ech kapituléieren. Dat heescht och net, dass ech mam System, wéi en ass, d’Accord sinn. Fir net selwer drun ze fräcken muss een awer léieren domat ze liewen.

A Captial B vergläichs de deng Studentestad Bréissel verloosse mat enger Frëndin verloossen. Wat hues du zu Bréissel fonnt, a wat hues du zu Bréissel zeréckgelooss?

Bréissel war e bëssche wéi eng toxesch Bezéiung déi an de gudde Momenter ultra gutt ass an an de schlechte Momenter komplett schäiss. Wann ech elo de Verglach zu enger Bezéiung schléissen, wann s de eng Bezéiung hues, déi perfekt ass, da kommen déi Héichten, déi s de has, net sou héich fir. Wann s de ëmmer deen up and down hues, da fillen sech d’Héichten an d’Déifte vill méi intensiv un. Sou war Bréissel. Et war d’Staat vun den Extremen.

Ech hu Master an Drums do ugefaangen an a mengem éischte Joer hat ech direkt d’Gefill, déi komesch Kompetitivitéit gefält mer net. Dat ass de Problem, deen s de hues, wann s de Konscht studéiere gees. Iergendwann gëss de jugéiert, fir deng Aart a Weis eppes ze maachen, wat vum techneschen Aspekt net méi hannerfrobar ass, an da gëss de jugéiert op däi Geschmack, quoi. Domat hat ech nach ëmmer Problemer. Ech hu mam Studium opgehalen a gekuckt, een éischte Schrëtt an d’Beruffswelt ze maachen. Du dekomposéiers alles e bësschen ze akademesch an dat hëlt och e bësschen d’Magie vun deem.

Wat ass de Void, vun deem s de sengs?

The Void ass dat lescht Lidd, dat ech fir den Album geschriwwen hunn. Et geet iwwert déi emotional Déift, an där ech dra war. Ech hunn e wärend der Covidzäit geschriwwen. Et war eng Zäit wou ech laang net schaffe gaange sinn, well et keng Musekscoursë méi gouf, keng Concerte, näischt méi, dat war alles mort. Dunn ass dee Song aus mer erausgefloss. Ech hat kuerz virdrun dem Gaspar Noé sain Enter the Void gesinn. De Protagonist fëmmt am Ufank DMT a baut ee visuellen Trip. Hien muss iergendwou higoe fir engem Typ Drogen ze verkafen a bei der Verhandlung gëtt hien op enger Toilette erschoss. De Rescht vum Film gesäis de dann aus der Perspektiv vu sengem Geescht. Eng ultra steif Prämiss. Ech hu probéiert, am Song eng Hoffnungslosegkeet ze beschreiwen, déi s de vu bausse betruechts. Dat ass the Void. Eng Mëschung aus mengem eegene struggle an dem struggle vum Protagonist am Film.

Don Piano ass däi Soloprojet, live bass de awer mat Band ënnerwee. Wéi hues de dech entscheet, mat wiem ze spillen?

Ech hu mam Mateus Wojda ugefaangen. Mir deelen déi selwecht musikalesch DNA säit mer 13 sinn. Quasi all Band déi mer entdeckt hunn, hu mer zesummen ofgefeiert. Mir hunn och déi selwecht stilistesch Metamorphosen hannert eis. Hien war déi perfekt Persoun fir de Bass. Mam Charel Stolz hunn ech ugefaangen den Album opzehuelen a jo, dat louch och op der Hand. Hien huet och ee krasst musikalescht Denken. Hien ass och ee mega Gittarist mat krassem Sound. Hien weess ganz genau, wat a wéi eng Lück erapasst. An d’Claire Parsons, mat deem wollt ech ëmmer zesummeschaffen. Well et eng krass Stëmm huet an seng Kompositioune respektéieren ech zudéifst. An voilà, dunn hu mer eis ze dräi zesummegedoe wéi den Album am Fong fäerdeg war an en an eng live Performance ëmgesat.

Live impressionéiert de Fait, dass de anengems Batterie spills an d’Lead Vocals séngs. Fir dech ass dat näischt Neies mee als Concertsgoer gesäit een dat net oft. Vu wou koum d’Inspiratioun dofir?

(Laacht) Mir haten deemools kee Sänger. Wéi mer mat All the Way Down ugefaangen haten, hu mer zwee, dräi Sänger oder Sängerinne kannt. Mir hunn einfach verschidde Prouwen eng Kéier deen invitéiert, eng Kéier dat invitéiert a gekuckt op dat funktionéiert. Et huet einfach net gepasst well mir haten all eis Punk Helden. An all déi Leit, déi mer gefrot haten, waren dann, ‘Hä, wien ass NOFX? Wien ass Bad Religion? Wien ass Propagandhi? Keng Anung.’ Eis Interesse waren net déi selwecht. Do hunn ech ugefaangen, dat selwer an d’Hand ze huelen. Et war ee luese Prozess, mee well mer deemools sou vill Musek gemaach hunn, goung dat awer séier. Ech sinn ëmmer no der Schoul heemkomm an hu mol zwou, dräi Stonnen Drums gespillt.

Hunn deng Nopere gutt Erënnerungen un dech?

Ma, ech hat mega Chance. Meng Elteren si Baueren, dat heescht, mir haten ee risegen Bauerenhaff, deen net direkt u Noperen ugebaut ass. Ech kommen aus engem ultra klengem Duerf. Meng Noperen haten ni Stress domat. Waren och schonn alleguerte méi al, hunn net méi sou gutt héieren. Alles chill.

Net déi punkegst Plaz fir Punk ze ginn.

Definitiv net. (Laacht) Mee dann hunn ech vill dem Pascal vu Wooltz ze verdanken. Ech hunn ëmmer Punk gelauschtert, mee sou an d’live Punkzeen an déi éischt Concerte sinn ech duerch de Pascal komm. Ech menge meng éischt Gigs op den Drums nach virun All the Way Down hunn ech och mat senger Band Rebellux deemools gespillt.

Dat war alles vu mir aus. Wann s de nach eppes an d’Welt wëlls soen? No dëser Rees an d’Vergaangenheet nach ee Bléck an d’Zukunft woen?

Cool. Ech probéieren am Januar nach e puer Saache fir Don Piano erauszebréngen. Méi easy a minimalistesch Lidder wéi nach um Album.