CNLiesrees

26 avr. 2022
CNLiesrees

2021 war de Centre national de littérature, dee seng Visiteuren normalerweis zu Miersch empfänkt, fir d’éischte Kéier op eng grouss CNLiesrees duerch d’Land. Well des Liesungen a Gespréicher e grousse Succès haten, geet de CNL och dëst Joer op CNLiesrees. Déi éischt Statioun ass Beetebuerg, wou d’Aventure de 25. Abrëll ufänkt. Duerno kann ee wärend zwee Méint am ganze Land bei Liesungen an Diskussioune mat Auteuren an Autricen, déi an deene leschte puer Méint e Buch erausbruecht hunn, d’Literatur zu Lëtzebuerg mat senge ville Facetten a Sprooche kenneléieren.

Mat Ënnerstëtzung vun der Federatioun vun de Bicherediteuren, vun der Federatioun vun de Librairen an enger laanger Rei vu regionalen a nationale Kulturhaiser, organiséiert de Centre national de littérature vum 25. Abrëll bis de 30. Juni 13 Liesungen an Diskussioune mat Auteuren an Autricen, déi an deene leschte puer Méint e Buch erausbruecht hunn.

Et liesen a schwätzen:

Serge Basso de March, Tomas Bjørnstad, Mary Carey, Corina Ciocârlie, Gast Groeber, Roland Harsch, Guy Helminger, Isabelle Hild, Jhemp Hoscheit, Joseph Kayser, Francis Kirps, Maryse Krier, Percy Lallemang, Carla Lucarelli, Enrico Lunghi, Jean-Paul Maes, Roland Meyer, Friederike Migneco, Tom Nisse, Jean Portante, Anne-Marie Reuter, Guy Rewenig, Nathalie Ronvaux, Jeff Schinker, Lambert Schlechter, Claude Schmit, Jemp Schuster, Margret Steckel, Florence Sunnen, Florent Toniello, Julie Vinandy-Schmit, Nora Wagener, Maxime Weber, Marc Weydert, Jil Winandy a Wendy Winn.

Vu Maarnech bis Esch/Uelzecht, vun Iechternach bis Déifferdeng, iwwer Beetebuerg, Ettelbréck, Mamer, Miersch, de Kierchbierg, Nidderaanwen a Woltz ass de CNL mat Bicher, Geschichten a Gespréicher ënnerwee, fir Loscht op Literatur ze maachen.

Den detailléierte Programm fënnt een op der Websäit vum CNL (www.cnl.public.lu) an op de Websäite vun de verschiddene Partnerinstitutiounen:

  • Aalt Stadhaus Differdange
  • Bibliothèque nationale du Luxembourg
  • CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
  • CUBE 521 Marnach
  • Ettelbrécker Bibliothéik
  • Kinneksbond Mamer
  • Kulturfabrik Esch/Alzette
  • Kulturhaus Niederanven
  • Mierscher Kulturhaus
  • Mierscher Lieshaus
  • LiteraTour Beetebuerg
  • Prabbeli Wiltz
  • Trifolion Echternach

ARTICLES